Gemeng (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gemengerot)
Schëld bei der Märei vun der fréierer Gemeng Hengescht

D'Gemeng zu Lëtzebuerg ass déi klengst administrativ Ënnerdeelung, déi vun engem exakt definéierten Territoire gebilt gëtt an déi normalerweis eng oder méi Uertschafte begräift. D'Gemeng gëtt vun demokratesch gewielte Volleksvertrieder gefouert.

Lëtzebuerg ass an 100 Gemengen opgedeelt.

„Gemeng“ gëtt dacks als Synonym fir „Märei“ gebraucht, also dem Gebai an deem d'Gemengeverwaltung hire Sëtz huet. Et entsprécht dann der Franséischer mairie oder dem hôtel de ville.

Kommunal Autonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemengeresponsabel sollen d'lokal Intressien eegestänneg verwalte kënnen. Dëse Grondsaz ass am Artikel 107 vun der Lëtzebuerger Constitutioun festgeschriwwen:

"Les communes forment des collectivités autonomes, à base territoriale, possédant la personnalité juridique et gérant leur patrimoine et leurs intérêts propres".

D'Gemenge stinn allerdéngs ënner staatlecher Kontroll.

De Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot ((fr) conseil communal) ass souzesoen d'Parlament vun der Gemeng a gëtt all sechs Joer nei gewielt. D'Zuel vun de Conseilleren hänkt vun der Awunnerzuel vun der Gemeng of an ass ëmmer ongerued. Et gëtt[1]:

  • 7 Conseilleren a Gemenge mat maximal 999 Awunner;
  • 9 Conseilleren a Gemenge mat tëscht 1.000 an 2.999 Awunner;
  • 11 Conseilleren a Gemenge mat tëscht 3.000 a 5.999 Awunner;
  • 13 Conseilleren a Gemenge mat tëscht 6.000 an 9.999 Awunner;
  • 15 Conseilleren a Gemenge mat tëscht 10.000 a 14.999 Awunner;
  • 17 Conseilleren a Gemenge mat tëscht 15.000 an 19.999 Awunner;
  • 19 Conseilleren a Gemenge mat op d'mannst 20.000 Awunner, ausser fir
  • d'Stad Lëtzebuerg, wou de Conseil aus 27 Conseillere besteet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen.

De Gemengerot kënnt wéinstens all dräi Méint zesummen a gëtt vum Schäfferot oder, wann et presséiert, vum Buergermeeschter ageruff. De Gemengerot ass beschlossfäeg wann d'Majoritéit vu senge Memberen do ass. D'Seancë sinn an der Reegel ëffentlech. De "Conseil" ass fir all kommunal Ugeleeënheeten zoustänneg a ka Reglementer, déi natierlech de Gesetzer vum Land entsprieche mussen, erloossen. De Gemengerot këmmert sech ëm d'Verwaltung a stëmmt de Budget, dee vum Schäfferot presentéiert gëtt. D'lokal Schoulorganisatioun, d'Astelle vu Personal (Beamten, Employéen, Léierpersonal), d'kommunal Verkéiersreglementer, d'Ausschaffe vun engem allgemenge Bebauungsplang mat engem Bautereglement falen ënner d'Kompetenz vum Gemengerot.

De Schäfferot[änneren | Quelltext änneren]

De Schäfferot ((fr) collège des bourgmestre et échevins, dacks gekierzt als collège échevinal) ass d'Regierung um lokale Plang. Normalerweis besteet de Schäfferot aus dem Buergermeeschter an zwéi Schäffen, déi alleguer Member vum Gemengerot musse sinn. Op Grond vun der Awunnerzuel kënne grouss Gemenge duerch en Arrêté grand-ducal awer och méi Schäffen hunn[2]:

  • 3 Schäffen a Gemengen tëscht 10000 an 19999 Awunner;
  • 4 Schäffen a Gemenge mat méi wéi 20000 Awunner;
  • 6 Schäffe fir d'Stad Lëtzebuerg.

Och fir Fusiounsgemenge gëtt et eng méi héich Zuel Schäffe wärend enger Iwwergankszäit vu maximal 12 Joer.

De Buergermeeschter gëtt vum Groussherzog genannt, d'Schäffen aus de Stied vum Groussherzog, an déi aus deenen anere Gemenge vum Inneminister, ëmmer op Virschlag vun der Majoritéit vun de Conseilleren.

Nieft de kommunale Chargen handelt de Schäfferot a bestëmmte Fäll och als Organ vum Staat. Hien ass zoustänneg fir d'Ausféierung vun de Gesetzer a Reglementer op lokalem Plang.

De Schäfferot preparéiert d'Sëtzunge vum Gemengerot a suergt fir d'Publizéieren an Ausféiere vun den Decisiounen. Hie geréiert déi kommunal Aarbechten a iwwerwaacht d'Servicer vun der Gemeng.

De Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

De Buergermeeschter ((fr) bourgmestre, vereenzelt och maire) gëtt vum Groussherzog ënner de Membere vum Gemengerot fir e Mandat vu sechs Joer ernannt, op Propose vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot. Dat Mandat ass erneierbar. De Buergermeeschter gëtt zu Lëtzebuerg also ni vun de Leit gewielt, weeder direkt nach indirekt.

De Buergermeeschter spillt am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng eng primär Roll. E suergt vir d'Ausféiere vun de Policegesetzer a -reglementer. Dozou zielt och d'Bautereglement. De Buergermeeschter erdeelt (oder refuséiert) am Prinzip d'Baugeneemegungen. En iwwerwaacht d'ëffentlech Sécherheet, den ëffentleche Regëster an en ass Officier de l'état civil (Standesbeamten). Déi zivil Hochzäit gëtt virum Buergermeeschter oder sengem Remplaçant zelebréiert.

Iewescht Opsiicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi sougenannt tutelle administrative ass d'iewescht Opsiicht, déi vum Inneministère iwwer d'Gemenge waacht. Bis den 3. Oktober 2015 hunn Distriktskommissariater - eng Verwaltung tëscht de Gemengen an dem Inneministère - d'Gestioun vun de Gemenge kontrolléiert. Zanterhier gëtt déi Charge direkt vum Ministère iwwerholl.

Eng ganz Partie Decisioune gi vum Staat approuvéiert oder, wa se géint d'allgemeng Intressen oder géint d'Legislatioun verstoussen, verworf. D'Gemeng kann awer géint d'Decisioune vum Staat virum Verwaltungsgeriicht kloen.

D'Gemengesyndikater[änneren | Quelltext änneren]

Aus techneschen oder finanzielle Grënn kann eng Gemeng bestëmmt Servicer an Aufgaben net eleng droen. D'Gemenge schléisse sech dofir a Syndikater zesummen. Zu Lëtzebuerg gëtt et momentan 64 sou Syndikater, vu Waasserversuergung a Knaschtentsuergung iwwer Sportinfrastrukture bis Schoulgebaier.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

2021 goung aus Donnéeë vum Inneministère ervir, datt d'Altersmoyenne vun alle Gemengeconseilleren am Land bei 54 Joer léich, quasi identesch wéi 10 Joer virdrun. All véierte Mandataire an engem Gemengerot ass eng Fra, deemno si 75% Männer.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemengen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 5 vum Gemengegesetz
  2. Artikel 38 vum Gemengegesetz
  3. Äntwert vun der Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen. "75% vu Gemengeconseillere si Männer, Altersmoyenne läit bei 54 Joer." rtl.lu, 12.02.2021.