Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de lëtzebuerger Stied ass en Deel vun de Referenztabellen.
Den Titel Stad gëtt duerch ee speziellt Gesetz verginn.
Eng Rei Stied droen hiren Titel zënter dem Mëttelalter; dës Titele goufen duerch dat aalt Gemengegesetz vum 24.02.1843 bestätegt. Dat neit Gemengegesetz vum 13.12.1988 huet d'Titele vun den 12 lëtzebuerger Stied nach eng Kéier bestätegt.
| Numm | Franséischen Numm | Däitschen Numm | Gesetz |
|---|---|---|---|
| Déifferdeng | Differdange | Differdingen | 4. August 1907 |
| Diddeleng | Dudelange | Düdelingen | 4. August 1907 |
| Dikrech | Diekirch | Diekirch | 24. Februar 1843 |
| Esch-Uelzecht | Esch-sur-Alzette | Esch-Alzette | 29. Mee 1906 |
| Ettelbréck | Ettelbruck | Ettelbrück | 24. August 1907 |
| Gréiwemaacher | Grevenmacher | Grevenmacher | 24. Februar 1843 |
| Iechternach | Echternach | Echternach | 24. Februar 1843 |
| Lëtzebuerg | Luxembourg | Luxemburg | 24. Februar 1843 |
| Réimech | Remich | Remich | 24. Februar 1843 |
| Rëmeleng | Rumelange | Rümelingen | 4. August 1907 |
| Veianen | Vianden | Vianden | 24. Februar 1843 |
| Wolz | Wiltz | Wiltz | 24. Februar 1843 |
Fréier Stied [änneren]
Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad:
La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie.'
Am Gesetz vun 1988 gouf Hollerech-Bouneweg net méi confirméiert, well déi ganz Entitéit war mëttlerweil vun der Stad Lëtzebuerg absorbéiert ginn.
Quellen [änneren]
- "Loi" du 29 mai 1906 "attribuant la qualification de ville à la localité de d'Esch-sur-Alzette" (Mémorial n°34 vum 2. Juni 1906 S. 518)
- "Loi" du 4 août 1907 "conférant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange" (Mémorial n°42 vum 10. August 1907 S. 518)
==
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cities in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |