Veianen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Veianen
An anere
Sproochen:
fr: Vianden
de: Vianden
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Veianen
Gemeng: Blason de Vianden.svg Veianen
Buergermeeschter: Marc Schaefer (LSAP)
Koordinaten: 49° 56' 01" N
06° 12' 27" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Veianen, fir d'Awunner "Veinen", ass eng Uertschaft am Kanton mam selwechten Numm am Nord-Oste vu Lëtzebuerg. Et ass den Haaptuert an déi eenzeg Uertschaft [1] an der Gemeng Veianen.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Kaart vum Zentrum vu Veianen

D'Landschaftsbild vu Veianen gëtt zu engem groussen Deel duerch den Ourdall bestëmmt dee sech vun Norden no Süden derduerch zitt. Op béide Säite leien héich Koppe mat géien Häng, déi mat Bëscher bewuess sinn, wouvunner de gréissten de Biergerbësch am Westen ass. Op e puer méi flaachen Deeler op den Héichten, wéi um Scheierhaff am Osten, an op Schank an um Niklosbierg am Weste gëtt et Felder a Wisen.

Déi héchste Plaz ass den den Niklosbierg mat 497 Meter, respektiv 515 Meter [2] op der Digue vum Späicherbaseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, an déi déifste Plaz ass am Dall vun der Our op der Grenz mat der Gemeng Tandel op ronn 200 Meter.

Ausser der Our, gëtt et nach verschidde kleng Baachen. Et sinn dat d'Bousterbaach, d'Schankerbaach, d'Kalchesbaach, an d'Kënzebaach, déi alleguer an d'Our lafen.

Nërdlech vum Scheierhaff huet d'Teggelbaach hir Quell, déi an Däitschland weiderleeft. Am Westen op der Gemengegrenz mat Pëtscht an Tandel huet d'Houschterbaach hir Quellen.

Geschicht [änneren]

Veianen aus der Loft
Buerg vu Veianen

Den Ursprong vu Veianen ass wuel géint Enn vum Réimesche Räich ze fannen. Den Numm Veianen soll vum Keltesche Wuert Vien [Source ?] hierstamen, dat da spéider als Vienna an Viennensis romaniséiert gouf. Géint Enn vum 4. Joerhonnert gouf eng éischt réimesch Festung um Fiels iwwer der Our gebaut.

Géint Ufank vum 11. Joerhonnert ginn d'Iwwereschter vun dem réimesche Kastell zu enger éischter Mëttelalterlecher Buerg ausgebaut.

1090 gëtt de Bertulf, Grof vu Veianen eng éischt Kéier dokumentaresch ernimmt. Et gëtt ugeholl datt d'Grofe vu Veianen vun deene vu Sponnheim an Hamm ofstamen. Et war och wuel dëse Bertulf vu Veianen deen d'Buerg nach eng kéier verstäerkt huet an hei offiziell säi Wunnsëtz hat.

Géint 1124 soll de Friedrich I. Grof vu Veianen gebuer sinn, säi Brudder war de Gerrard Grof (oder Här) vu Klierf. Daraus léisst sech schléissen datt wahrscheinlech de Gerrard I. vu Sponheim, Här vu Clierf, hire Papp war . De Friedrich I. vu Veianen huet dann och weider un der Buerg gebaut, dës Phas ass ënner anerem den Ursprong vun der Buerg-Kapell an och vun de groussen, duebele Fënsteren am Palas.

Ufanks vum 13. Joerhonnert gouf d'Buerg ënnert dem Friedrich III. weider ausgebaut, ënner anerem an deems en neien, grousse Palas gebaut gouf an d'Kapell am Romanesche Stil ëmgebaut gouf.

Den Heinrich I. huet nach virun 1253 d'Buerg am Gotesche Stil ëmbaue gelooss, an hir déi haut nach bekannte Form verpasst. Dës Zäit war dann och den Héichpunkt vun der Herrschaft vun de Veianer Grofen.

Zënter Ufank vun der Herrschaft vum Sponheim-Veianer Geschlecht gouf d'Herrschaft vun der Grofschaft Veianen op 136 Uertschaften an den Ardennen an der Äifel ausgebreet, an hir Grofe waren domat ënner deene wichtegsten Herrscher am ale Lotharingen, an domat dacks a Konkurrenz mat de Grofe vu Lëtzebuerg.

Den 22. November 1308 huet de Grof Philip II., Veianen e Fräiheetsbréif geschenkt mat deem d'Rechter a Flichte vun de Bierger festgeluecht goufen. Un dëst Stadrecht erënnert och d'Geriichtskräiz an der Veianer Uewerstad. D'Stad Veianen selwer war zu där Zäit schonns zënter Laangem befestegt, an hat bis zu 5 Paarten a 24 Tierm a senge Festungsmaueren.

1397, wéi déi Sponheim-Veianer Dynastie ausgestuerwe war, goung d'Grofschaft un d'Nassau-Veianer. Zënter 1538 waren d'Veianer Grofen aus dëser Famill dunn och Prënze vun Oranien.

Am 15. Joerhonnert hat d'Stad Veianen eng 3000 Bewunner a 400 Feierplazen, a war domat déi drëttgréisst Stad vum haitege Lëtzebuerg.

1885 ass dunn d'Grofschaft Veianen an de Besëtz vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg (d'Nassau-Weilburger) komm.

2008 huet Veianen 700 Joer Fräiheetsbréif gefeiert.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Historesch Biller [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Cote vum Waasserbaseng op der topographescher Kaart.