Meter

Vu Wikipedia

De Meter (v. griich.: μέτρον/métron = Mooss, -miesser) ass d'SI-Basisunitéit vun der Längt. D'Eenheetenzeeche vum Meter ass m an d'Formelzeeche vun der Längt ass l.

Aktuell Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

De Meter ass definéiert als „déi Distanz, déi d'Liicht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet“.

Al Definitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am 17. Joerhonnert gouf et déi éischt Iwwerleeungen, eng universell Längteneeenheet ze definéieren, déi onofhängeg vun engem Kierperdeel (Iel, Fouss) vun deem Herrscher wier, dee grad un der Muecht war. Den Abbé Jean Picard huet zum Beispill 1668 proposéiert, d'Längt vun engem Pendel ze huelen, deem seng hallef Period 1 Sekonn wier. De Begrëff Meter gouf fir d'éischt vum Tito Livio Burattini am Joer 1675 gebraucht.

Ee vun de wéinegen erhalenen ëffentleche Meteren, déi 1795 installéiert goufen, zu Paräis an der Rue Vaugirard an den eenzegen deen nach nach op der Originalplaz ass

Am Joer 1793 gouf de Meter dunn als de 40-milliounsten Deel vun der Längt vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, deemno op den zéngmilliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis zum Equator, festgeluecht. Am Joer 1795 gouf e Prototyp vun dësem Meter a Messeng, 1799 als Urmeter a Platin gegoss. Fir d'Längt vum Urmeter ze definéieren, hunn de Jean Baptiste Joseph Delambre an de Pierre Méchain tëscht 1792 a 1799 de Meridianbou tëscht Dunkerque a Barcelona vermooss. Spéider ass erausfonnt ginn, datt se sech liicht vermooss haten, de Meter deemno ëm 0,2 mm ze kuerz gerode war.

Per Gesetz gouf de Meter a Frankräich 1795 duerchgesat. Dofir goufen op ëffentleche Plazen a Stee gravéiert Linne vun engem Meter Längt opgehaangen, fir datt d'Leit kéinten nomoossen a kontrolléieren, wéi grouss dat da wier.

Internationale Meterprototyp, Standardbarren aus Platin-Iridium. Dëse war de Standard bis 1960 (NIST).

1889 gouf vum an der Tëschenzäit gegrënntene Bureau International des Poids et Mesures en neie Standard agefouert. Dofir gouf en Internationale Meterprototyp fabrizéiert, e Staf, dee queesch gekuckt an x-Form war, aus engem Platin-Iridiumalliage an de Proportiounen 90:10. Ee Meter gouf festgeluecht als Distanz tëscht 2 Strécher op deem Staf, bei enger Temperatur vun 0 °C. Vill Staaten op der Welt krute Kopien dovun.

Vun 1960 bis 1983 war ee Meter dat 1.650.763,73-facht vun der Wellelängt vun der Stralung am Vakuum, déi vun Atome vum Krypton-86 Nuklid beim Iwwergank vum Zoustand 5d5 zum Zoustand 2p10 ausgestraalt gëtt.

Well d'Zäit ëmmer méi prezis gemooss konnt ginn, ass d'Definitioun vum Meter un dës gebonne ginn: Zanter 1983 gëtt en als déi Distanz definéiert, déi d'Luucht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.

Moosseenheeten, déi vum Meter ofgeleet ginn[änneren | Quelltext änneren]

  • Ee Kilometer, ofgekierzt km, entsprécht 1.000 Meter: 1 km = 103m.
  • Een Zentimeter, ofgekierzt cm, entsprécht dem Honnertstel vun engem Meter: 1 cm = 10−2 m oder 0,01 m.
  • Ee Millimeter, ofgekierzt mm, entsprécht dem Dausendstel vun engem Meter: 1 mm = 10−3 m oder 0,001 m.
  • Ee Mikrometer (viraals och Mikron oder My, nom griichesche Buschtaf µ), ofgekierzt µm, entsprécht dem Milliounstel vun engem Meter: 1 µm = 10−6 m = 0,000 001 m. Oder 1 µm = 10−3 mm, also een dausendstel Millimeter.
  • Een Nanometer, ofgekierzt nm, entsprécht dem Milliardstel vun engem Meter: 1 nm = 10−9 m. Oder 1 nm = 10−6 mm, also ee milliounstel Millimeter.
  • Een Ångström (Eenheetenzeechen: Å), ass den zéng-milliardstel Deel vun engem Meter 1 Å = 10−10 m.
  • Ee Pikometer, ofgekierzt pm, entsprécht dem Billiounstel vun engem Meter: 1  pm = 10−12 m.
  • Ee Femtometer (Eenheetenzeechen: fm), ass de billiardstel Deel vun engem Meter an ee Billiounstel vun engem Millimeter 1 fm = 10−15 m.

Dezimal Diversitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Bezeechnung Eenheet Faktor Diversitéit Bemierkung
Yottameter Ym 10240  
Zettameter Zm 10210  
Exameter Em 10180  
Petameter Pm 10150  
Terameter Tm 10120  
Gigameter Gm 1090 1.000.000 km
Megameter Mm 1060 1.000 km gëtt an der Ozeanologie gebraucht
Myriameter 1040 10 km vereelzt, kuckt Myriametersteen
Kilometer km 1030 1.000 m
Hektometer hm 1020 100 m Virun allem bei der Artillerie a bei der Marinn gebraucht
Dekameter dam 1010 10 m
Meter m 100 Grondmooss
Dezimeter dm 10−1 10 cm
Zentimeter cm 10−2 10 mm
Millimeter mm 10−3 1.000 µm 10 Millimeter sinn 1 Zentimeter.
Mikrometer µm 10-60 0,001 mm vereelzt Bezeechnung fir: Mikron.
Nanometer nm 10-90 Entsprécht engem Milliardstel Meter (engem Milliounstel Millimeter).
Ångström Å 10−10 100 pm gebräichlech an der Atomphysik an an der Kristallographie
Pikometer pm 10−12 Entsprécht engem Billiounstel Meter (engem Milliardstel Millimeter).
Femtometer fm 10−15 Ënner der vereelzter Bezeechnung Fermi an der Kärphysik an an der Deelerchersphysik gebräichlech.
Attometer am 10−18
Zeptometer zm 10−21
Yoctometer ym 10−24

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meter – Biller, Videoen oder Audiodateien