Pol (Geographie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Pol nennt een an der Geographie d'Schnëttpunkte vun der Rotatiounsachs vun engem Himmelskierper mat senger Uewerfläch. Op der Äerd sinn dat d'Schnëttpunkte vun der Äerdachs mat der Uewerfläch vun der Äerd. D'Nimm Nord- a Südpol ginn esou festgeluecht, datt sech den Himmelskierper vum Nordpol a Richtung zu sengem Mëttelpunkt gesinn, géint den Auerzäresënn ëm seng Achs dréit.

Een Himmelskierper, deem seng Rotatiounsachs an engem grousse Wénkel zu der Ëmlafbunn ëm d'Sonn steet, huet méi eng kleng Sonnenastralung op de Polen, wéi bei der Äerd an de meeschte Planéite vum Sonnesystem. Do sinn d´Temperaturen och vill méi kleng wéi um Equator; bei geeegneten atmosphäresche Bedingunge bilde sech ënner Ëmstänn Polkapen aus Stoffen déi kondenséieren, op der Äerd ass dat Waasseräis, op dem Mars ass et Kuelendioxidäis .

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools