Äerd

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äerd
Vue op d'Äerd vun der Apollo 17
The Blue Marble, Apollo 17
Eegeschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Dauer vun engem Dag 23h:56min:04s
Mëttelste Radius 149.597.887 km
(1.000 000 11 AE)
Orbitalen Ëmfang 0.940 Tm
(6.283 AE)
Numeresch Exzentrizitéit 0.016 710 22
Perihel 147.098.074 km
(0.983 289 9 AE)
Aphel 152.097.701 km
(1.016 710 3 AE)
Sideresch Period 365.256 96 d
(1.000 019 1 a)
Synodesch Period n/a
Duerchschnëttsorbitalvitesse 29.783 km/s
Maximal Orbitalvitesse 30.287 km/s
Minimal Orbitalvitesse 29.291 km/s
Inklinatioun 0.000 05°
Satelliten 1 (Mound)
 
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser um Equator 12,756.28 km
Duerchmiesser tëscht de Polen 12,713.56 km
Äerdëmfank um Equator 40,075 km
Äerdëmfang op de Polen 40,008 km
Uewerfläch 510,067,420 km²
Volumen 1.0832×1012 km³
Mass 5.9736×1024 kg
Dicht 5.515 g/cm³
Fluchtvitesse 11.186 km/s
Bunnschréiegt 23.439 281°
Neigung vun der Dréiachs 90°
Albedo 0.367
Uewerflächentemperatur
- Min
- Mëttel
- Max

185 K
287 K
331 K
Uewerflächendrock 100 kPa
 
Bestanddeeler vun der Atmosphär
Stéckstoff 78,084%
Sauerstoff 20,942%
Argon 0,934%
Kuelendioxid 350 ppm
[änneren]

D'Äerd ass dee Planéit, op deem mir liewen. Si ass deen drëtte Planéit an eisem Sonnesystem.

D'Entstoe vun der Äerd[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Äerd Nuvola apps xmag.png

Bis haut kann nach kee richteg soen wéi d'Äerd entstanen ass an eng sëllechen Theorie goufe schonn opgestallt. Et gëtt allerdéngs eng schlësseg Theorie déi seet, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d'Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltall forméiert gouf. D'Äerd soll deemno viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Si ass am Laf vun 10 Millioune Joer duerch déi ganz Matière déi si am Sonnesystem begéint ass an duerch d'Schlécke vun dësen Deelercher, ëmmer méi grouss ginn. D'Obprallenergie war onvirstellbar grouss an dat stänneg Bombardéieren an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d'Äerdiwwerfläch mat ausgedehnte Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmoltem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d'Äerd ëmmer méi erhëtzt. Déi opgehëtzte flësseg Matière konnt also zu engem eenzege grousse Kierper verbonne ginn. Dat schwéiert Material ass no an no an d'Mëtt gefall während déi liicht Elementer un der Iwwerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d'Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phase. Si huet bis ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.

Opbau vun der Äerd[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Opbau vun der Äerd Nuvola apps xmag.png

Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschätzten Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimillioune Kilogramm.

Äerdkuuscht[änneren | Quelltext änneren]

Si ass ënner de Kontinenter bis zu 70 km an ënner den Ozeane bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu den aneren Äerddeeler ganz kleng. Et gëtt zwëscht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht ënnerscheet.

Äerdmantel[änneren | Quelltext änneren]

E läit ënner der Äerdkuuscht an ass ongeféier 2.860 km déck a besteet aus Gestengs dat ënner mächetegem Drock an enormen Temperature fléisst. E besteet gréisstendeels aus Silikaten.

Ieweschten Äerdmantel

Iwwergangszon

Ënneschten Äerdmantel

D'Schicht

Dës Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel an mécht d'Grenz zum Äerdkär.

Äerdkär[änneren | Quelltext änneren]

Den Äerdkär ass dee bannenzege Beräich vun der Äerd a besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 2.400 km déck a geet bis zum Äerdmëttelpunkt. Den Baussekär ass 2.300 km déck a läit bis zu 2.900 km ënner der Äerdiwwerfläch. D'Kärtemperatur läit bei ongeféier 4.000 Grad Celsius.

Lithosphär an Asthenosphär[änneren | Quelltext änneren]

D'Lithosphär ass deen ieweschte Beräich vun der fester Äerd. Si besteet aus der Äerdkuuscht an dem ieweschten Äerdmantel.

D'Asthenosphär ass déi plastesch reagéierten Zon am ieweschten Äerdmantel, op där Lithosphären-Placke schwammen.

Äerdmagnéitfeld[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerdmagnéitfeld Nuvola apps xmag.png

D'Äerd besteet aus zwéi Magnéitpolen an der Géigend vum Nord- a vum Südpol.

D'Atmosphär vun der Äerd[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Atmosphär vun der Äerd Nuvola apps xmag.png

D'Atmosphär ass d'Lofthüll vun der Äerd. Et gëtt verschidde Sphären oder Schichte jee nodeem wéi Temperatur oder d'Héicht ass. D'Grenz vun der Atmosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht. Duerch d'Atmosphär hu mir Loft fir z'otmen, Waasser fir ze drénken, Schutz viru schiedlecher Sonnestralung a Meteoritten.

53% vun de Sonnestrale ginn duerch d'Atmosphär absorbéiert oder zréck an den All reflektéiert.

D'Kontinenter[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kontinent Nuvola apps xmag.png

D'Kontinenter op der Äerd maachen am Ganzen 29 Prozent vun der Äerduewerfläch aus. Dozou gehéiert déi grouss Landmass déi zesummenhänkt, d'Landmass am relativ flaachem Mier an de Kontinentalhang am Déifmier.

D'Ozeanen[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ozean Nuvola apps xmag.png

Naturkatastrophen[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturkatastroph Nuvola apps xmag.png

Meteoritten[änneren | Quelltext änneren]

Vulkaner[änneren | Quelltext änneren]

E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt. D'Massen déi erauslafen oder erausgeschleidert ginn bilden e kegel- oder schëldfrmege Bierg mat engem Krater an der Spëtz.¨

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vulkan Nuvola apps xmag.png

Äerdbiewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun engem Äerdbiewe schwätzt een, wann d'Äerduewerfläch duerch Kräften, déi meeschtens am bannenzegen Deel vun der Äerd entstinn, duerchgerëselt gëtt. E Biewen um Mieresbuedem nennt ee Mierbiewen (oder, an Analogie zum däitschen, Séibiewen).

En Äerdbiewe kann entstoen:

Moossen[änneren | Quelltext änneren]

Den italienesche Seismolog Guiseppe Mercalli huet am Joer 1902 e System entwéckelt, mat deem sech Äerdbiewe matenaner vergläiche loossen: déi no him benannte Mercalli-Skala. Domat kënnen Äerdbiewen an 12 Niveauen agedeelt ginn.

Obwuel déi Skala am Laf vun der Zäit e puer Mol ugepasst gouf, ass et net méiglech, mat hirer Hëllef Äerdbiewe ganz objektiv erëmzeginn: D'Annuerdnung vun de Schied ass vun der Distanz zum Epizentrum vum Biewen, der Struktur vum Ënnergrond oder dem Zoustand vun der Bausubstanz ofhängeg.

Dofir huet den amerikanesche Seismolog Charles Francis Richter vun 1927 un, eng wëssenschaftlech fundéiert Skala entwéckelt, déi et erlabe soll, Biewen allgemeng vergläichen ze kënnen. Dofir huet hien de sougenannte Seismogramm benotzt. Et ass him nämlech un deem opgefall, datt d'Ausschléi vum Zär vum Seismograph vun der Stäerkt vun dem jeeweilege Biewen ofhänkt.

Leider huet et ee Problem mat der iwwersiichtlecher Duerstellung vun de Wäerter ginn - d'Nol huet bei engem staarke Biewen zéngmilliounemol méi staark ausgeschloe wéi bei engem schwaachen. De Riichter huet de Problem sou geléist: Hien huet a senger Skala am Joer 1935 definéiert, datt d'Äerdbiewestäerkt tëscht zwéin Niveauen a senger Andeelung ëm de Fakter 10 eropgeet. E Biewen op der Richter-Skala mat der Stäerkt 6,0 ass deemno zéngmol méi staark wéi eent vun der Stäerkt 5,0

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerdbiewen Nuvola apps xmag.png

Plackentektonik[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tektonik Nuvola apps xmag.png

Flutwellen[änneren | Quelltext änneren]

Natierlech Ressourcen[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Natierlech Ressourcen Nuvola apps xmag.png

Waasser[änneren | Quelltext änneren]

Fossil Energie[änneren | Quelltext änneren]

Sonnenenergie[änneren | Quelltext änneren]

Mineralien[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien