Equator

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Usiicht vun enger Kugel.
Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschenten a kräizt de Meridian (giel) ënner 90°. Wéi all aner duerchgezunne Linne vun dësem Bild ass den Equator ee Grousskrees. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breedekreesser.

Den Equator (lat. „Gläichmécher“) ass dee Grousskrees vun enger Kugel oder vun engem Planéit, dee vu béide Pole gläich wäit ewech ass. Et ass deen eenzege Breedekrees, dee gläichzäiteg ee Grousskrees ass, also déi kierzt Verbindung tëscht all senge Punkten duerstellt. Seng geographesch Breet ass  0°.

D'Rotatiounsachs vun engem astronomeschen Objet gëtt am Zentrum als Normaldefinéiert – dat ass am Allgemengen de Schwéierpunkt – eng Fläch. Dës Fläch heescht Equatorfläch. Den Equator ass d'Schnëttlinn vun der Equatorfläch mat der Uewerfläch. D'Projektioun vum Equator op d'Himmelssphär ass den Himmelsequator.

Aus direkte Grënn gëtt den Äerdequator einfach „Equator“ genannt.

Äerdequator[änneren | Quelltext änneren]

Equator a Wendekreesser
██ Breedekrees, 30° nërdlech vum Equator ██ Nullmeridian
Equatormonument bei Quito

De Verlaf vum Equator[änneren | Quelltext änneren]

Den Equator vun der Äerd (theoreteschen Duerchmiesser 12.756,26817 km), féiert duerch Afrika, d'Maldiven an den Indeschen Ozean, Indonesien, d'zentralpazifesch Mikronesien a Südamerika. Den Equator trennt dobäi d'Nord- vun der Südhallefkugel. De Mëttelpunkt vum Equatorkrees fält mat deem vun der Kugel zesummen. Wéinst de liichte periodesche Bewegunge vun der Äerdachs kann de momentanen Equator op enger Plaz bis zu ronn 10 Meter vum mëttleren Equator ewech sinn. Déi theoretesch Längt, respektiv den Ëmfank vum Equator ass 40.075,016686 km.[1]

Op dem Landwee geet den Equator duerch 11 Staaten:

Donieft geet den Equator nach iwwer e puer Inselgruppen ewech, leeft awer net iwwer hir Landfläch. Dozou gehéieren d'Maldiven a verschidden Inselgruppe vum Pazifik.

Véier Haaptstied leien zimlech no beim Equator:

Am Koordinatesystem vun der Äerd (analog och um Äerdmound oder op den Himmels-Globen) zielt déi geographesch Breet vum Equator no Norden positiv, no Süden negativ. Am englesche Sproochraum gëtt och N oder S bäigesat - z. B. 52°N fir Berlin, 52°S fir d'Falklandinselen.

Laanscht den Äerdequator entsprécht eng Séimeil genee enger Bouminutt. Sou war d'Séimeil (ofgekierzt sm; engl. nautical mile, NM) fréier definéiert. No der Aféierung vum metresche System ergëtt sech haut eng ëm 10 cm méi laang Mooss fir eng Bouminutt um Equator. De Wäert vun der Séimeil vun 1.852 Meter ergëtt sech aus dem mëttleren Äerdradius (6.370 km). Och déi fréier Definitioun vum Meter war un der Längt vum Äerdequator resp. un den Meridianen (soll 40.000.000 Meter entspriechen) ausgeriicht.

Himmelsequator[änneren | Quelltext änneren]

Den Himmelsequator ass de Grousskrees op der geduechter Himmelskugel, op där e vun der Fläch vum Äerdequator geschnidde gëtt. Anescht ausgedréckt: Hien deelt d'Himmelskugel an eng Nord- an eng Südhalschent.

Well d'Äerdachs géintiwwer der Fläch vum Sonnesystem gebéit ass, schneid den Himmelsequator d'Ekliptik – déi visuell Fläch vun der Ëmlafbunn vun der Sonn ëm d'Äerd – ënner engem Wénkel vun 23,44° (Schréigt vun der Ekliptik). Déi zwéi Schnëttpunkte ginn als Fréijoerspunkt resp. Hierschtpunkt bezeechent, well sech an hinnen d'Projektioun vun der Sonn un déi visuell Himmelskugel zu den Dag-an-Nuechtgläichen am Fréijoer resp. Hierscht ophält.

Plazen op dem Himmelsequator hunn am equatoriale Koordinatesystem d'Deklinatioun 0°, eng Poldistanz vun 90°, hir Rektaszensioun gëtt vum Fréijoerspunkt aus gemooss.

Well d'Äerdachs eng Prezessiounsbewegung ausféiert, ännert sech am Laf vun der Zäit och den Himmelsequator.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Equator – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]