Bouminutt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Bouminutt, och Wénkelminutt, ass de 60sten Deel vun engem Wénkelgrad. Si ass eng Ënnerdeelung vun der Moosseenheet Grad zu den Donneeën vun der Gréisst flacher Wénkel.
De Vollwénkel huet 360 Grad. E Grad besteet aus 60 Bouminutten: 1° = 60′. Eng Bouminutt besteet aus 60 Bousekonnen: 1′ = 60″; soumat ass: 1° = 3600″.
Ze beuechten ass, datt, no dëser Definitioun, eng Gréisstenangab a Bouminutten trotz dem gläiche Präfix „Bou-“ näischt mat enger Donnée am Boumooss ze dinn huet.
Analog zu normalen Donneeën vun Auerzäiten gi Wénkel och an enger Schreifweis, déi Grad, Minutten a Sekonnen zesumme gebrauchen, uginn. De Wénkel gëtt dobäi als Zomm vun dräi Wénkelen duergestallt, woubäi d’Zuelewäerter virun de Minutten a Sekonnen méi kleng wéi 60 sinn. Dës Schreifweis gëtt zum Beispill bei geographesche Koordinaten fir d’Angab vu Längegrad a Breedegrad gebraucht. 51° 14′ 4,2″ ass d’Schreifweis fir 51 Grad + 14 Bouminutten + 4,2 Bogensekonnen.
Als Dezimalminutt bezeechent een eng Angab vun de Minutte mat Dezimalstellen amplaz Sekonnen.
D’Eenheetenzeechen fir d’Minutt besteet aus engem héichgestallten Strich oder Komma: 1′ = 1 Minutt. Dat typographescht korrekt Zeechen am Unicode ass "PRIME", Code U+2032. Ersatzweis gëtt och e vertikale Strich ( ' ) gebraucht. Op Schreiwmaschinen oder op PC gëtt oft den Apostroph gebraucht. D’Eenheetenzeechen gëtt ouni Espace direkt hannert déi lescht Ziffer vum Zuelenwäert geschriwwen.
[Änneren] Gréisstenvergläich
Als Gréisstenvergläich fir eng Wénkelminutt kann den Äerdmound hinnhalen. Eisen Äerdmound erschéngt vun der Äerd aus gesinn ënner engem Wénkel vun ongeféier 30 Wénkelminutten.
Op der Äerduewerfläch entsprëcht eng Bouminutt vun engem Äerd-Grousskrees ongeféier 1,85 km (speziell op der Äquatorlinn definitiounsgeméiss eng Séimeil).
Net ze verwiesselen sinn d’Wénkeleenheeten Minutt a Sekonn mat der Donnee vun der Rektaszensioun a Stonnen, Minutten a Sekonnen am Zäitmooss vun der Astronomie.

