Bousekonn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Eng Bousekonn (englesch :arc second) ass eng Wénkel-Moosseenheet, déi 1/3600 Grad entsprécht. Sechzeg Bousekonnen entspriechen enger Bouminutt, a 60 Bouminutten entspriechen engem Grad.

Weider Ënnerdeelunge follegen dem Dezimalsystem: eng Millibousekonn ass eng dausendstel Bousekonn, eng Mikrobousekonn (engl. µas) ass eng milliounstel Bousekonn.

Ze beuechten ass, datt (entspriechend dëser Definitioun) eng Gréisstenangab a Bousekonnen trotz demselwechte Prefix „Bou-“ näischt mat enger Donnee an der Boumooss ze dinn huet.

D’Symbol fir Bousekonnen ass d’Sekonnenzeechen a besteet aus zwéin héichgestallte Strécher, déi ausgesi wéi zwéi Kommaen: 1″ = 1 Bousekonn. Et entsprécht dem Zollzeechen. Ersatzweis ginn och zwéi vertikal Strécher (") gebraucht.

Nach haut gëtt an der Navigatioun fir verschidde Virgäng d’Sekonn aus praktesche Grënn a 60 (Meridian-) Tertien gedeelt.

Fir de Vergläich: Dat mënschlecht A huet eng Opléisung vu ronn 60″ a kann domat theoretesch zwéi senkrecht kanteg Objeten, déi 1 Meter ausenee stinn, nach op enger Distanz vun 3–4 km auserneenhalen. Den engsten Duebelstär (ε am Stärebild Lyra), deen nëmme mat schaarfen Aen nach getrennt ka ginn, huet eng Wénkeldistanz vun 208″ .

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools