Duebelstär

Vu Wikipedia
Zwéi Stären ëmkreesen de selwechte Baryzentrum op enger Kreesbunn.
Zwéi Stären ëmkreesen de selwechte Baryzentrum op elliptesche Bunnen. Bei verschiddene Masse beweegt sech de schwéierste Stär op enger méi klenger Ellips.

Am Allgemenge ginn zwéi Stären Duebelstäre genannt, wann déi zwéin an der Himmelskugel no beienee sinn. Dat nennt een en opteschen Duebelstär.

Am spezielle besteet een Duebelstär aus zwéi Stären, déi opgrond vun hirer géigesäiteger Massenunzéiung eng physesch Eenheet maachen. Dat nennt een e physeschen Duebelstär.

Déi optesch Duebelstäre sinn ouni Intressi fir d'Astronomie, well si vun der Äerd aus gesinn reng zoufälleg no beienee stinn, wougéint physesch Duebelstären e kuerze raimlechen Ofstand vuneneen hunn, a sech ëm ee gemeinschaftleche Schwéierpunkt beweegen. Déi physesch Duebelstäre sinn also keng optesch Täuschung, wéi et bei opteschen de Fall ass.

Déi masseräichst Komponent vun engem physeschen Duebelstär, oder wann déi net festzestellen ass, déi hellst Komponent, gëtt als Haaptstär bezeechent, déi massenäermst oder déi liichtschwaachst Komponent, als Begleeder. Physesch Duebelstäre sinn dacks am Universum ze fannen. Vun deene mat bloussem A siichtbar Stäre sinn nëmme ronn 40 % Eenzelstären. Zesummen däerft ongeféier all zweete Stär am Mëllechstroossesystem an engem physeschen Duebel- oder Méifachstäresytem sinn.

En ettlech Duebelstäre sti sou no beieneen, datt si nëmmen duerch speziell Methoden z'erkennen an ze trenne sinn. Haaptsächlech spektroskopesch Ënnersichunge weisen d'Duebelstärennatur duerch Variatiounen am Spektrum: d'Linnen erschénge phaseweis duebel a sinn no rout oder blo verréckelt (Dopplereffekt). Aus dem Resultat vun där Verrécklung kann op d'Ëmlafvitessen, Perioden an aner Eegenschafte geschloss ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Duebelstären – Biller, Videoen oder Audiodateien