Geographesch Längt
Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschente a kräizt de Längekreese (giel) ënner 90°. All duerchgezunne Linnen um Bild si Grousskreesser. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breedekreesser.
D'geographesch Längt (och: „Längegrad“), λ, international mat long. (longitudo = lon., longitude = engl., frz. etc. „Längt“) ofgekierzt, beschreift eng vun de béiden Koordinate vun enger Plaz op der Äerduewerfläch, an zwar seng Positioun ëstlech oder westlech vun enger definéierter (willkürlech festgelueten) Nord-Süd-Linn, dem Nullmeridian. Si gouf fréier als Längegrad bezeechent. Déi geographesch Längt ass e Wénkel, deen ausgoend vum Nullmeridian (0°) bis 180° an ëstlecher an 180° a westlecher Richtung gemooss gëtt. De Scheetpunkt vun dësem Wénkel ass de Mëttelpunkt vun der geduechter Äerdkugel, d'Schenkele ginn vum Mëttelpunkt aus duerch de Nullmeridian resp. de Meridian, op deem d'Plaz làit, deem seng geographesch Längt ugesot soll ginn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Ost, −West) ass och E resp. W zoulässeg (d'Ofkierzung "O" gëtt wéinst der Verwiesselungsgefor ënnerlooss).
- Plaze mat derselwechter Längt leien op engem Meridian. E Meridian verleeft vu Pol zu Pol an ass d'Hallschent vun engem Längekrees. Op der Äerdkugel ass e Längekrees (bestoend aus zwou enaner géigeniwwerleiende Meridiane) e Grousskrees.
- Fir d'Bestëmmung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – zu derr Bezeechnung vu senger geographescher Lag – gëtt zousätzlech d'Angab vu senger geographescher Breet als zweet Koordinate gebraucht.
Siehe auch[änneren]
Literatur[änneren]
- Dava Sobel: Längengrad. Taschenbuch ISBN 3-442-72318-3 (Illustrierte Ausgabe ISBN 3-8270-0364-4)
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Longitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Länge- a Breedegrade einfach erkläert
- Amtliches Geodatenzentrum für Deutschland
- www.geonames.org 6,1 Mio. freie Geodaten weltweit
- Abbildung Geographische Länge und Breite
- Konferenz-Protokoll von Washington 1884
- Geographische Koordinaten für Orte auf der ganzen Welt
- Arte – Mission X: Entscheidung Längengrad