Portal:Astronomie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Wëllkomm um Portal fir Astronomie a Raumfaart ...
...enger Iwwersiicht vu villen Artikelen, déi Dir am Astronomie an am Raumfaartrayon vun der Lëtzebuerger Wikipedia fanne kënnt.
Vill Spaass beim Liesen.
|
|
Bild vum Mount
|
|
Aktuelles
- 1. Mäerz: Eng Falcon 9 ass vu Cape Canaveral mat engem onbemannte Dragon-Raumschëff gestart ginn. Duerch technesch Problemer muss d'Kopplung mat der ISS verréckelt ginn.[1]
- 15. Februar: Gréisser Meteoritte sinn um 9 Auer (Uertzäit) iwwert de russeschen Himmel gezunn an hunn en décke wäisse Schwäif hannert sech gezunn. Se si schliisslech an der Ural-Provënz Tscheljabinsk erofgefall. Do hu si eng Schoul an eng Zénkfabréck deelweis zerstéiert. Vill Fënsteren an der Ëmgéigend sinn duerch d'Drockwell vum Objet zerbrach. Ëm déi 1000 Leit goufe blesséiert. Déi Meteoritteschauer soll awer näischt mam Asteroid 2012 DA14ze dunn hunn, deen deselwechten Dag owes laanscht d'Äerd geflunn ass. Weider liesen: De Meteor vun Tscheljabinsk.
- 7. Februar 2013: Den Asteroid 2012 DA14, deen eréischt d'lescht Joer entdeckt gouf, flitt, no de Berechnunge vun den Astronomen, de 15. Februar 2013 um 20.24 Auer mat enger Vitesse vun 28 000 Kilometer/Stonn laanscht eis Äerd a kräizt dobäi souguer d'Bunn vun etleche Kommunikatiouns- an Äerdobservatiounssatellitten. - De ronn 50 Meter groussen Asteroid ass zwar no Aussoe vun der NASA keng Gefor fir eis Äerd, awer esou no koum zënter der moderner Himmelsiwwerwaachung, nach keen Asteroid.
- 27. Januar 2013: Den Iran huet no eegene Aussoen eng Rakéit mat engem Af u Bord an de Weltraum geschéckt. D'Déier ass mat enger Kawoschgar-Rakéit an eng Héicht vun 120 Kilometern geschoss ginn a nees gesond zréck komm, publizéiert de staatleche TV-Sender al-Alam de 27. Januar ënner Beruffung op d'Verdeedegungsministère, déi och d'Administratioun vun der Raumfaart duerstellen.- Wéini a wou de Start war, gouf net bekannt.
- 31. Dezember 2012: Kuerz viru Chrëschtdag 2012 huet d'NASA eng detailléiert Infraroutfoto mat dem Spitzer-Weltraumteleskop vum Risestär Zeta Ophiuchi publizéiert. De masseräiche Schnellleefer beweegt sech mat enger Vitesse vun 24 Kilometer pro Sekonn als Eenzelstär duerch de Weltraum a produzéiert am interstellare Stëbs eng reegelrecht Bugwell. [2]
Aner thematesch Portaler
Klickt op d'Bild fir d'Lëscht vun all de Portaler
|