Stärennumm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hei ass e kléngen Iwwerbléck iwwer verschidde Methode fir Stären en Numm ze ginn.

D'International Astronomesch Unioun (IAU) ass déi an der Astronomie international unerkannten Autoritéit fir d'Zouweisung vu Bezeechnungen zu Stären an aner Himmelskierper. Vill vun den haut bekannte Stärennimm stamen nach aus der Zäit vu virun der Grënnung vun der IAU. Aner Nimm, haaptsächlech fir verännerlech Stären inklusiv den Novaen an de Supernovaen, gi stänneg nei dobäigesat. Déi meescht Stären hunn awer keen Numm, a ginn – wann iwwerhaapt – mat Hëllef vu Katalognummere bezeechent.

Eegennimm[änneren | Quelltext änneren]

Vill vun den hellen oder irgendwéi interessante Stären hunn en eegenen Numm. Déi meescht stamen aus dem Arabeschen, wéi z. B. Algol oder Ras Algethi, et gëtt awer och verschiddener mat laténgeschem Numm, wéi Polaris oder Regulus, a verschiddener droen nieft dem arabeschen bzw. laténgeschen och en däitschen Numm, wéi de Sirius op Däitsch "Hundsstern" (Hondstär) oder den Alkorop Däitsch "Reiterlein". Stäre sinn zum Deel och no hirem Entdecker genannt, wéi z. B. de Feilstär vum Barnard oder de Kapteyns Stär.

Bayer-Bezeechnung[änneren | Quelltext änneren]

De Johannes Bayer hat een, nach haut wäit verbreete System, vu Benennunge vun den hellste Stäre vun all Stärebild mat griicheschen, a vereenzelt och laténgesche Buschtawen agefouert.

Flamsteed-Nummeren[änneren | Quelltext änneren]

En ähnlecht System hat de John Flamsteed, andeems en d'Stäre vun de Stärebiller nummeréiert huet. Haut kënnt dëst System do zum Asaz, wou keng Bayer-Bezeechnung existéiert.

Benennung vu verännerleche Stären[änneren | Quelltext änneren]

Verännerlech Stären, déi keng Bayer-Bezeechnung hunn, gi mat spezielle Bezeechnunge versinn, déi sech als „Verännerlecher“ ausweisen.

Katalognummeren[änneren | Quelltext änneren]

Wann et keng besser Method fir den Numm vun engem Stär gëtt, da ginn normalerweis Katalognummeren benotzt. Bei der riseger Zuel vu Stären, déi eleng an eiser Mëllechstrooss bekannt sinn, ass dëst och déi eenzeg praktesch duerchféierbar Prozedur, déi och déi eendeiteg Identifikatioun an d'Erëmfannen op enger eenheetlech Aart a Weis garantéiert. Zu dësem Zweck existéiere vill verschidde Stärekatalogen, déi deels vun Astronomen zesummegestallt goufen, deels awer och an automatesche Vermiessungsprojeten duerch speziell Satellitten a grouss Observatoire gesammelt goufen.

Kaf vu Stären[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt eng Rei vu Firmen an och Observatoiren, déi hire Clienten ubidden, fir Stären no hirem Numm ze nennen. Déi Nimm ginn awer vu kengem aneren, ausser vun dëser Firma a vum Client unerkannt an näischt léisst verschidden Observatoiren dovun ofhalen, deselwechte Stär e puermol ze „verkafen“. - D'IAU distanzéiert sech vun dëse Geschäfter (kuckt um Spaweck).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]