International Astronomesch Unioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun der I.A.U.

D'International Astronomesch Unioun, ofgekierzt IAU, ass am Joer 1919 gegrënnt ginn. Et ass eng weltwäit Gesellschaft vun Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hiert Zil ass d'Ënnerstetzung vun der Astronomie duerch eng international Zesummenaarbecht. Si ass nieft aneren ähnlechen Organisatiounen fir aner Wëssenschaftsdeeler e Member vum International Council of Scientific Unions (ICSU), dat säi Sëtz och zu Paräis huet. Mat dem Stand vum August 2006 sinn an der IAU 8858 Eenzelmembere aus weltwäit 85 verschiddene Länner souwéi 62 astronomesch Gesellschaften an national Akademien zesummegeschloss.

Organisatoresches[änneren | Quelltext änneren]

D'Organisatioun riicht zanter 1922 all dräi Joer an ëmmer an engem anere Land eng Generalversammlung aus. Op dëse Generalversammlungen ginn nei astronomesch Entdeckungen diskutéiert a néideg Kooperatiounen a Standardiséierunge behandelt. Sou gi Froe vun der Nomenklatur gekläert, wéi d'Nimm vu Stären, Planéiten, Asteroiden an aner Himmelskierper souwéi vun Uewerfächmierkmoler, wéi zum Beispill vu Bierger a Krater.

Nr. Numm vu verschidde Kommissiounen
4 Ephemeriden
5 Dokumentatioun an
astronomesch Date
6 Astronomesch Telegrammer
7 Himmelsmechanik an
dynamesch Astronomie
8 Astrometrie
9 Astronomesch Techniken
an Instrumenter
10 Sonnenaktivitéit
12 Stralung an Opbau
der Sonnenatmosphäre
14 Atom- a Molekülldaten
15 Physikalescht Studium der
Koméiten a kleng Planéiten
16 Physikalescht Studium der
Planéiten a Mounden
19 Äerdrotatioun
20 Positiounen a Bewegunge vu klenge
Planéiten, Koméiten a Mounden
21 Nuetshimmelliicht
22 Meteoren, Meteoritten an
interplanetare Stëbs
25 Stärephotometrie a -polarimetrie
26 Duebel- a Méifachstären
27 Verännerlech Stären
28 Galaxien
29 Stärespektren
30 Radial Vitesse
31 Zäit
33 Opbau an Dynamik
vu galaktesche Systemer
34 Interstellar Matière
35 Stärenopbau
36 Theorie vu Stäreatmosphären
37 Stärekéip an Associatiounen
40 Radioastronomie
41 Geschicht vun der Astronomie
42 Duebelstären déi no beienee stinn
44 Weltraum an
Héichenergieastrophysik
45 Stäreklassifikatioun
46 Astronomieausbildung
47 Kosmologie
49 Interplanetarescht Plasma
an Heliosphäre
50 Schutz vun existéierenden an
potentiellen Observatiounsplazen
51 Bioastronomie:
Sich no ausserirdeschem Liewen

Ongeféier 37 Kommissioune vun der IAU si fir verschidden Saachgebidder a fir d'Plangen an Duerchféierung vu Fuerschungsprogrammer op iwwernationalem Niveau zoustänneg. Donieft gëtt et och nach verschidden Aarbechtsgruppen, wéi déi fir d'Nomenklatur vu planetaresche Systemer (WGPSN: Working Group for Planetary System Nomenclature).

D'IAU huet d'Patronat iwwer vill international astronomesch Sëtzunge wéi speziell Symposien a Kolloquien souwéi iwwer d'Klengplanéiten-Zentrum an d'Zentralbüro fir astronomesch Telegramme am Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge, Massachusetts, dat den zentralen Noriichtendengscht observéiert. Doriwwer eraus ënnerstëtzt d'IAU och d'Astronomie an den Entwécklungslänner.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Als Ur-Organisatioun vun der IAU kann d'Kommissioun vun der Carte du Ciel-Projet betruecht ginn, déi hiert Interesse un der Vermiessung vu Stäreplazen vum Joer 1887 op aner Gebidder vun der Astronomie ausdehnt huet.

Joer a Plaz vun de Generalversammlungen
1. 1922 Roum, Italien
2. 1925 Cambridge, England
3. 1928 Leiden, Holland
4. 1932 Cambridge, Massachusetts, Amerika
5. 1935 Paräis, Frankräich
6. 1938 Stockholm, Schweden
7. 1948 Zürech, Schwäiz
8. 1952 Roum, Italien
9. 1955 Dublin, Irland
10. 1958 Moskau, Sowjetunioun
11. 1961 Berkeley, Kalifornien, USA
12. 1964 Hamburg, Däitschland
13. 1967 Prag, Tschechoslowakei
14. 1970 Brighton, England
15. 1973 Sydney, Australien
16. 1976 Grenoble, Frankräich
17. 1979 Montreal, Kanada
18. 1982 Patras, Griicheland
19. 1985 Nei-Delhi, Indien
20. 1988 Baltimore, Maryland, USA
21. 1991 Buenos Aires, Argentinien
22. 1994 Den Haag, Holland
23. 1997 Kyoto, Japan
24. 2000 Manchester, England
25. 2003 Sydney, Australien
26. 2006 Prag, Tschechien
27. 2009 Rio de Janeiro, Brasilien
28. 2012 Peking, China

Am Joer 1922 huet d'IAU zu Roum déi haiteg Zuel vun 88 Stärebiller festgeluet. 1925 am englesche Cambridge krut de belschen Astronom Eugène Delporte vun hir den Optrag, déi genee Grenzen vun de Stärebiller ze zéien. An am Joer 1928 goufen zu Leiden dës Grenzen ugeholl.

Am August 2012 war déi lescht Generalversammlung zu Peking.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie