Entwécklungsland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi äermst State vun der Welt: Low-Income-Countries (LIC) (Akommes/Awunner ënner 745 US$), Quell: Weltbank 2001

En Entwécklungsland ass nom allgemenge Sproochgebrauch eng eegestänneg national Communautéit, där hir Bevëlkerung an der Majoritéit als aarm betruecht gëtt an e Liewensstandard huet, deen ënnert enger international unerkannter Aarmutsgrenz läit. Wéi e Land als Entwécklungsland ze betruechten ass, hänkt vun den applizéierte Critèren of. De Begrëff gëtt meeschtens am Zesummenhank mat der Entwécklungspolitik gebraucht an ass net ëmmer riguros festgeluecht.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Lëscht vun den Entwécklungslänner

Folgend Länner ginn als Emerging and Developing Economies (Entwécklungslänner) vum Fonds monétaire international a sengem Economic Outlook Report (Abrëll 2008) betruecht: [1]

[änneren] Allgemenge Sproochgebrauch

[änneren] Fundamental Virbemierkungen

Fir de Begrëff „Entwécklungsland“ gëtt et eng Rei vu Synonymen, wéi Drëtt Welt oder Véiert Welt. Dës Begrëffer sinn - grad wéi „Entwécklungsland“ - zum Deel ëmstridden a gi vu verschiddenen Experten kontestéiert. D'Kritiker vum Begrëff „Entwécklungsland“ soen z.B. datt en eppes ënnerstellt, dat net passéiert: nämlech Entwécklung. Ee vun de prominentste Kritiker vun dësem Begrëff ass de schwedeschen Ekonom Gunnar Myrdal.

Net méi gebraucht ginn: „ënnerentwéckelt Länner“ (underdeveloped countries), oder „réckstänneg Länner“ (backward countries), well se pejorativ sinn.

[änneren] International a national Sproochregelungen

International gëtt et keng eendeiteg Sproochregelung. Sou gouf zum Beispill opgrond vun enger UN-Vollversammlung am Joer 1971 tëscht Least Developed Countries (LLDC) a Less Developed Countries (LDC) ënnerscheet. Net all UN-Organisatiounen ënnerscheeden iewer tëscht dëse béide Gruppen.

[änneren] Den Ausdrock Nord-Süd

Den Ausdrock „Nord-Süd“ gëtt ëmmer manner vun den Entwécklungslänner selwer benotzt.

[änneren] Industriestaaten a Net-Industriestaaten

Mat „Industriestaaten“ gëtt versicht, industrialiséiert Staate sproochlech vun den Entwécklungslänner ofzegrenzen, dat zu engem Zäitpunkt wou net méi d'Industrie mä d'Déngschtleeschtungen déi dreiwend Kraaft vun der wirtschaftlecher Weiderentwécklung sinn.

[änneren] De Begrëff Drëtt Welt

De Begrëff „Drëtt Welt“ staamt aus den 1950er Joren an hat dunn e politeschen Nogeschmaach, well en op d'blockfräi Staaten, déi weder dem kommunisteschen nach dem kapitalistesche Block zougeuerdent konnte ginn, higewisen huet.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen