Ghana

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Republic of Ghana
Republik Ghana

Fändel vu Ghana

Detailer

Ghana in its region.svg
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Accra
Staatsform: Republik
 • President: President John Evans Atta Mills
Fläch: 238.537 km²
Bevëlkerung: 24.339.838 (2010)
 • Bevëlkerungsdicht: 100/km²
Nationalhymn: God Bless Our Homeland Ghana
Zäitzon: UTC  
Internet TLD: .gh
Internationalen
Telefonsprefix
:
+233

D'Republik Ghana, op Englesch Republic of Ghana, ass e Staat a Westafrika. De Ghana grenzt un de Burkina Faso, den Togo, d'Elfebeeküst an am Süden un de Golf vu Guinea.

Den Nationalfeierdag ass de 6. Mäerz, den Dag op deem Ghana seng Onofhängegkeet vu Groussbritannien krut (1957). D'Haaptstad vum Ghana ass Accra.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Reliéist Liewen

60 % vun den Awunner si Chrëschte. 16% vun den Ghanaer si Muslimen. De Rescht verdeelt sech op Naturreliounen an op aaner Glawenschrichtungen, déi hir Originnen an der Geschicht vum Land hun.

[änneren] Handel

Een Drëttel vum Gesamtexport vu Ghana ass Gold. Ghana gëtt dohir och nach "Goldküst" genannt.
Ausserdem exportéirt Ghana och nach Pëtrol, Diamanten, Kakao an Holz.

[änneren] Struktur vum Land

D'Land mat enger Fläch vun 238.537 km² ass an zéng Regiounen agedeelt, déi an verschidden Distrikter ënnerdeelt sin. Insgesamt gin et an Ghana 162 Distrikter.

[änneren] Gréissten Stied

Déi zéng gréissten Stied, mat der jeweileger Awunnerzuel (Héichrechnung 2006):

  • Accra (2.029.143 Awunner)
  • Kumasi (1.535.478 Aw.)
  • Tamale (375.402 Aw.)
  • Takoradi (246.419 Aw.)
  • Ashaiman (215.367 Aw.)
  • Tema (158.478 Aw.)
  • Teshie (149.174 Aw.)
  • Cape Coast (148.521 Aw.)
  • Sekondi (144.319 Aw.)
  • Obuasi (142.675 Aw.)

[änneren] Bevëlkerungsentwécklung

Bevëlkerungsentwécklung zwëschen 1961 an 2003
Joer Awunner
1984 (Zensus) 12.296.081
2000 (Zensus) 18.845.265
2006 (Berechnung) 21.355.656
2009 (Berechnung) 24.018.055

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ghana – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen