Namibien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Africa stub icon.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bierglandschaft an Namibien


Republic of Namibia
Republik Namibia

Namibesche Fändel

Namibescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Unity, Liberty, Justice
engl.: "Eenheet, Fräiheet, Gerechtegkeet"
Karte Namibia-Pos.png
Offiziell Sprooch: Englesch
Ovambo, Afrikaans, Däitsch, anerer
Haaptstad: Windhuk
Staatsform: Republik
 • President: Hifikepunye Lucas Pohamba
 • Premierminister: Hage Geingob
Fläch: 824.116 km² km² (34.)
Bevëlkerung: 2.104.900 (2011)
 • Bevëlkerungsdicht: 2,55/km²
Onofhängegkeet: vu Südafrika den 21. Mäerz 1990
Nationalfeierdag: 21. Mäerz
Nationalhymn: Namibia, Land of the Brave
Währung: Namibia-Dollar
Zäitzon: UTC + 1
Internet TLD: .na
Internationalen
Telefonsprefix
:
+264
Namibia karte.png

D'Republik Namibien, oder Namibia, wéi se och bezeechent gëtt, ass e Staat am südlechen Deel vun Afrika. Den Numm vun dëser Republik ass vun der Wüst Namib ofgeleet, eng Wüst, déi sech iwwer de ganze genannte Küstestreech vu Namibien erstreckt. Den Nationalfeierdag ass den 21. Mäerz, den Dag op deem Namibien seng Onofhängegkeet vu Südafrika krut (1990). D'Haaptstad vun Namibien ass Windhuk oder Windhoek.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebitt iwwer dat Namibien sech erstreckt gëtt als eent vun den eelste vun der Äerdiwwerfläch betruecht. Laang nach ier de Superkontinent Gondwana entstanen ass, hu sech viru méi wéi zwou Milliarde Joren um Gebitt vum haitegen Afrika zwéi Festlandsockele gebilt - de Kongo-Kraton an de Kalahari-Kraton. Dee lescht genannten ëmfasst grouss Deeler vun deem Land, dat mer haut Namibien nennen. Duerch verschidden tektonesch Virgäng ass du virun ongeféier 550 Millioune Joren e risegen, zusammenhängende Kontinent entstanen, deen déi haiteg Deel-Kontinenter Afrika, Südamerika, Australien, Indien an d'Antarktis abegraff huet: Gondwana.

Namibien läit tëscht 17° an 29° südlecher Breet an 12° bis 25° ëstlecher Längt. Namibien grenzt am Osten u Botswana, zur Säit vun der Kalahar-Wüst hin am Süden u Südafrika. Mat senger westlecher Säit läit et um Atlantik an am Norde stéisst et un Angola.

Dat ganzt Staatsgebitt vun Namibien bedeckt eng Fläch vu ronn 824.000 km² an ass méi wéi zweemol sou grouss wéi Däitschland. Namibien, ass wann ee vun der Namibwüst an vun der Kalahariwüst ofgesäit, een Héichland (duerchschnëttlech Héicht: 1.700 m). Den héchste Bierg, de Brandberg, huet eng Héicht vun 2.600 m.

Wéinst senger geographescher Konfiguratioun a sengem Klima ass d'Exploitatioun vum Land schwiereg. Am dréchene Süde gëtt d'Véizuucht praktizéiert, am Norden, wou et méi reent, gëtt och Akerbau bedriwwen. Déi gréisst Stied sinn: Windhoek, Rundu, Walvis Bay, Oshakati a Swakopmund.

Kuckt och d'Lëscht vun de Stied an Namibien.

Bevëlkerung a Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Namibien huet am Ganze ronn 2 Milliounen Awunner (Stand 2005). Hir Zuel läit am Opwäertstrend. Wéi se sech an Zukukunft entwéckelt weess een awer net, well méi wéi 20 % vun der Bevëlkerung mat AIDS infizéiert ass an doduerch déi duerschnëttlech Liewensdauer vun den Namibier am Laf vun de Joren 1980 - 2005 vun 58 op 38 Joer zréckgaangen ass.

An Namibia gëtt et e puer ethnesch Gruppen. D'Ovambos, déi Bantu schwätzen, stellen ongeféier 50 % vun der Bevëlkerung duer. Si liewen an den nërdleche Regiounen.

Da gëtt vu verschidde Gruppen nach d'Khoisansprooch geschwat, an zwar vun den Nama (an der Regioun Karas), den Damara (an der Regioun Erongo) an de San (Buschleit: an der Regioun Omaheke).

Ënner d'Bevëlkerung mat indogermanesche Sproochen falen: Faarweger, Rehobother Baster, Afrikaaner (dat heescht d'Majoritéit vun de 75.000 "wäissen" Awunner vu Namibien), Däitscher (zirka 13.000) a Portugisen (zirka 5.000 am Norde vum Land).

An Namibia gi verschidde Sprooche geschwat: Englesch, Afrikaans, Däitsch, verschidde Bantu- a Khoisan-Sproochen ënner anerem. All Sprooche sinn zwar unerkannt, mä Englesch ass eleng déi offiziell Amtssprooch.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Majoritéit vun der Bevëlkerung si Chrëschten (80-90 %); déi meescht dovu bekenne sech zur evangelescher Kierch. Déi aner sinn Unhänger vun Naturreliounen.

Politesch Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

Administrativ Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Namibien ass an 13 Regiounen agedeelt, déi an 107 Walkreeser agedeelt sinn:

  1. Caprivi
  2. Erongo
  3. Hardap
  4. Karas
  5. Kavango
  6. Khomas
  7. Kunene
  8. Ohangwena
  9. Omaheke
  10. Omusati
  11. Oshana
  12. Oshikoto
  13. Otjozondjupa
Kaart vu Namibien mat den nummeréierten Regiounen

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréi Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun den Urawunner sinn der net vill iwwreg bliwwen

Südwestafrika, dat haitegt Namibia, gouf, wéi ugeholl gëtt, virun 2.000 (bis 2.500) Joer duerch d'San bevëlkert. Si waren aus Zentral- oder Nordafrika zougewandert.
Während der afrikanescher Nord-Süd-Vollekswanderung sinn am 17./18. Joerhonnert d'Herrero, déi zu de Bantu zielen, aus dem Betschuanaland (haut Botswana) an Namibien agedrongen. Dat ware Stämm, déi scho Véizuucht bedriwwen hunn a méi eng evoluéiert Kultur haten. Spéider koumen och nach d'Nama (Hottentotten, genannt), déi aus der Kapprovënz koumen, dobäi. Déi nei Zouwanderer hunn dunn d'San no Norden a Richtung Kalahari-Wüst verdriwwen, wou se ausschliisslech vun der Juegd gelieft hunn.

Kolonialzäit[änneren | Quelltext änneren]

E jongen Namibier am Walkampf
UN-Truppen iwwerwaachen déi éischt fräi Walen

Nodeem et dem däitsche Geschäftsmann Franz Adolf Eduard Lüderitz gelonge war, duerch Ofkommesse mat einheimesche Stammescheffen, sech grouss Landstreecher zu eegen ze maachen ("Lüderitzbucht”), gouf d'Land vum Oranje bis zum Kunene 1884 zum Schutzgebitt Däitsch-Südwestafrika an duerno zur däitscher Kolonie erkläert. D'Noriicht vu märchenhaften Diamantenressourcen huet du vill Däitscher dozou bruecht, fir sech an der Lüderitzbucht néierzeloossen an och do an an der Ëmgéigend d'Land ze bebauen, wat den usässegen Herrero net besonnesch gefall huet.

Den 12. Januar 1904 koum et dunn zu engem Opstand vun den Herrero. Dee gouf bluddeg néiergeschloen an huet zu grousse Verloschter op den zwou Säite gefouert. Vun däitscher Säit ass du souguer d'Bemierkung gefall, d'Herrero-Vollek hätt praktesch opgehéiert ze bestoen.

Nom Herrero-Opstand koum et dunn och nach am Oktober 1904 am Süde vum Land zu engem Opstand vun den Nama, vu Stämm, déi ursprénglech nach op däitscher Säit gehollef haten, fir d'Herrerorebellioun néierzeschloen.

Zur Zäit vum Éischte Weltkrich koum et och a Däïtsch-Südwestafrika zu Kampfhandlungen, an déi nieft den däitschen Truppen, och südafrikanesch Verbänn an Portugisen aus Angola verwéckelt waren. Déi däitsch Truppen hunn den 9. Juli 1915 opginn, an dat war och d'Enn vun Däïtsch-Südwestafrika. Et gouf nëmme méi e Südwestafrika. Dat gouf du vu Südafrika besat an 1920 vum Vëlkerbond Südafrika als Mandatsgebitt zougesprach.

Um Wee zur Onofhängegkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Tatsach , datt Südafrika säin Afloss ze vill staark zum Ausdock bruecht huet, an och de Regime vun der Apartheid op Südwestafrika iwwerdro huet, war en zousätzleche Grond, firwat Südafrika nom Zweete Weltkrich ëmmer méi den internationale Mësskredit ze spiere krut. D'Onofhängegkeetsbewegung SWAPO, déi vun der Sowjetunioun finanzéiert an haaptsächlech vun den Ovambo gedroe gouf, huet sech ëmmer méi duerchgesat, an de Südafrikaner duerch Guerillaaktiounen d'Liewe sauer gemaach. Schliisslech war Südafrika bereet, datt 1989 fräi Walen ofgehale gi sollten, fir d'Onfhängegkeet vum Land anzelauden.

D'Onofhängegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Mäerz 1990 huet Namibien, no méi wéi 100-järeger friemer Herrschaft, seng Onofhängegkeet kritt. Fräi demokratesch Wale ware virdrun. Déi Wale sinn an der ganzer Welt mat grousser Spannung verfollegt ginn. D'UN hat 1989, fir Onroue virzebauen an den demokratesche Charakter vun de Wale sécherzestellen, Zaldote mat bloen Helmer dohi geschéckt. Och d'Europaparlament war duerch Observateuren an Namibien vertrueden. D'Wale sinn iewer relativ roueg verlaf an d'SWAPO huet gewonnen. Hire Chef, de Sam Nujoma, krut eng däitlech Majoritéit a stoung während dräi Amtsperioden un der Spëtzt vum Land. Well hie wéinst der namibescher Verfassung net méi 2004 konnt untrieden, gouf den deemolege Minister fir Landfroen, Hifikepunye Pohamba - och een Ovambo a Member vum SWAPO säin Nofolger D'Enteegnung vun de Farmer ass heiansdo a wäisse Farmerkreesser kritiséiert ginn, well se net Leit ouni Land, mä politesche Fonctionnairen ze gutt kéim oder well d'Entschiedegungen net der Realitéit entsprach hätten.

Fotoalbum vun Namibien[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Namibia – Biller, Videoen oder Audiodateien