Saint Kitts an Nevis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 17° 16’ 33.58’’ N 62° 40’ 29.60’’ W
Basseterre Map 1.png
D'Haaptstad Basseterre
Flag of Saint Kitts and Nevis.svg

St. Kitts an Nevis (engl. Saint Kitts and Nevis, och: Saint Christopher and Nevis[1]) ass eng federal Inselgrupp vun de Klengen Antillen an der Karibik, mat der Haaptstad Basseterre. Déi Grupp ass en onofhängege Staat am Commonwealth of Nations a Member vun de Vereenten Natiounen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel St. Kitts besteet aus dräi Vulkangruppen, déi duerch déif Schluchte getrennt si. Den héchste Bierg vu St. Kitts ass den 1.156 m héije Mount Liamugia, virdru Mount Misery. D'Insel Nevis ass duerch en 3 km breede Kanal vu St. Kitts getrennt.
Den héchste Punkt ass de Mount Nevis mat 1.090 m.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Op de béiden Insele liewe ronn 48.000 Mënschen, dovu ronn 13.000 an der Haaptstad Basseterre. Zweetgréisste Stad ass Charlestown mat engen 1.800 Awunner. Déi viregt Vollekszielung war 2001, deemools hu 46.111 Leit do gewunnt.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Exportéiert ginn Zocker an Zockerprodukten.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint Kitts an Nevis – Biller, Videoen oder Audiodateien