Vulkan
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
E Vulkan ass eng Plaz un der Äerdiwwerfläch, wou Magma erauskënnt. Déi erausgesprëtzten oder erausfléissend Masse bilden e kegel- oder schëldförmegen Bierg mat engem Krater un der Spëtz. All Virgäng bei deene fest, flësseg oder gasförmeg Stoffer aus der Äerd un d'Uewerfläch kommen heesche Vulkanismus.
Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis un Äerdkuuscht eropkënnt räisst et se auserneen. Déi eropkommend Hëtzt léist e Vulkan späizen an d'Äerd seismech zidderen.
D'Äerdplacken, déi di äusserst Schicht vun der Äerd bilde, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmëlzen. Doduerch kënnt dann Magma erop a formt Vulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs, Plumes genannt, erop. Als Lava kënnt et aus sougenannte Hot Spots erausgefloss a léist Vulkaninselen entstoen. All dës Prozesser erstinn duerch de gliddegen Äerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerch radioaktiv Prozesser am Äerdmantel an der Äerdkuuscht.
Inhaltsverzeechnes |
Opbau vun engem Vulkan [änneren]
Vill explosive Vulkaner hu vill Schichte vu Material vu hire villen Ausbréch. Déif am Vulkan läit e Reservoir mat flëssegem Gestengs. Iwwer dëser Magmakummer féiert e Schlot zum Krater. Dee kann duerch di erstarrte Lava zou sinn. Den Drock, dee sech duerch d'Magma, wat no uewe wëll kommen, entsteet, féiert dozou, datt dee Stopp ewechexplodéiert an de Magma erausgeschleidert gëtt.
Type vu Vulkaner [änneren]
D'Form vun engem Vulkan hänkt virun allem vu senger Lava of. Et gi sechs verschidde Forme vu Vulkaner:
Behuele vu Vulkaner [änneren]
Vulkaner entstinn do wou de Magma sech säi Wee duerch d'Äerdkuuscht sicht an dat meeschtens do wou scho Rëss sinn. Do fléisst de Magma dann un d'Äerduewerläch oder um Buedem vum Mier. An den Tëscheraim vun den tektonesche Placken bilt d'Magma eng nei Äerdkuuscht an en neie Vulkanréck. Si kënnen sech awer och an esou enger Plack bilden. Si ginn duerch déi sougenannt hot-spots am Äerdmantel verursaacht.
Vulkaner op der Äerd [änneren]
Et gi ronn 1.500 Vulkaner op der Äerd déi aktiv sinn. Déi meescht sinn net ze gesinn, well si um Grond vun de Mierer sinn.
Bekannt Vulkaner [änneren]
- Etna, Sizilien
- Krakatau, Indonesien
- Katmai, Alaska
- Montagne Pelée, Martinique
- Nevado del Ruiz, Kolumbien
- Pinatubo, Philipinnen
- Stromboli, Italien
- St. Helens, USA
- Vesuv, Italien
Déi zéng héchst aktiv Vulkaner [änneren]
| Numm vum Vulkan (Lag) | Héicht (m) |
|---|---|
| Ojos del Salado (Argentinien/Chile) | 6.885 |
| Guallatiri (Chile) | 6.060 |
| Cotopaxi (Ecuador) | 5.897 |
| Lascar (Chile) | 5.641 |
| Tupungatito (Chile) | 5.640 |
| Popocatepetl (Mexiko) | 5.451 |
| Ruiz (Kolumbien) | 5.321 |
| Sangay (Ecuador) | 5.230 |
| Kljutschewskaja Sopka (Russland) | 4.850 |
| Purace (Kolumbien) | 4.590 |
Literatur zum Thema [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Vulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien |