Schëldvulkan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Skjaldbreiður am Þingvellir op Island, en typesche Schëldvulkan, wéi scho säin Numm seet („breet Schëld“).
Hawaieschen Eruptiounstyp am Schema: typesch Schëldvulkaneruptioun

E Schëldvulkan ass eng besonnesch Form vun engem Vulkan. D'Bezeechnung kënnt vun der schëldarteg gewëllefter Form vun deem Vulkantyp.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

D'Ursaach fir déi typesch Form ass d'Ausfléisse vun dënnflësseger gasaarmer Lava déi séier fléisst. Déi huet normalerweis eng basaltesch Zesummesetzung a meeschtens manner wéi 52 % Siliziumdioxid (SiO2). Beim Ausfléissen ass si zirka 1000 °C bis 1250 °C waarm. Genesisplaz vum gefërderte Magma ass den ieweschten Äerdmantel. De Bëschungswénkel vu Schëldvulkaner huet duerch déi héich Fléissvitesse vun der Lava (bis zu 60 km/h) nëmme ronn 5°, dat heescht, et handelt sech allgemeng ëm opfälleg grouss Kegelen déi flaach offalen. Schëldvulkaner ginn entspriechend hirem Eruptiounsverhalen och als rout Vulkaner bezeechent. Si fërdere gigantesch Masse vun dënnflësseger (routgliddeger) Lava, déi effusiv austrieden a sech och bei flaachen Hiwwele wäit ausbreede kënnen. Schëldvulkaner sinn dofir net opfälleg héich. D'Verhältnes tëscht Héicht a Foussduerchmiesser ass meeschtens nëmmen 1:20 bis 1:10.

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Schëldvulkaner sinn an de Lithosphäreplacken iwwer Hotspotten (Beispill Hawaii) souwéi op auserneen driftende Plackeränner op de Mëttelozeanesche Récker (Beispill Island) oder a Riftzone wéi den Ostafrikanesche Gruef. Vun de weltwäit 1500[1] aktive Vulkaner sinn der 180 Schëldvulkaner.[2]

Ee vun de bekanntste Schëldvulkaner ass den Mauna Loa op Hawaii. D'Schëldvulkaner, déi zum Opbau vun den Hawaii-Insele gefouert hunn, sinn déi gréisst op der Äerd.

Weider aktiv Schëldvulkaner sinn op der Insel La Réunion, z. B. de Vulkan Piton de la Fournaise.

De gréisste bekannte Schëldvulkan an zougläich den héchste Bierg am Sonnesystem ass de Olympus Mons um Planéit Mars.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schëldvulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Anzahl aktiver Vulkane im Global Volcanism Program (en)
  2. Gerd Simper: Vulkanismus verstehen und erleben. Feuerland Verlag, Stuttgart 2005, ISBN 978-3-000-15117-0, S. 38.