Mars (Planéit)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kmoon.png De 27. August 2007 war de Mars esou no bei der Äerd datt e gutt mat dem bloussen A gesi konnt ginn. E war dunn nëmme 34.065.000 Meile vun der Äerd ewech. Deen Dag war och eng Mounddäischtert an et gesouch sech bei hellem Wieder un, wéi wann d'Äerd zwéi Mounden hätt. De Mars kënnt duerno eréischt erëm am Joer 2287 sou no un d'Äerd erun.
Mars
De Planéit Mars (Bild zesummegesat aus 102 Eenzelfotoen)
Eegeschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Dauer vun engem Dag 24h:37min:23s
Mëttelste Radius 227.936.637 km
(1.523.662,31 AE)
Orbitalen Ëmfang 1.429 Tm
(9.553 AE)
numeresch Exzentrizitéit 0.093 412 33
Perihelion 206.644.545 km
(1.381 333 46 AE)
Aphelion 249,228,730 km
(1.665 991 16 AE)
Sideresch Period 686.9601 d
(1.8808 a)
Synodesch Period 779.96 d
(2.135 a)
Duerchschnëttsorbitalvitesse 24.007 km/s
Maximal Orbitalvitesse 26.449 km/s
Minimal Orbitalvitesse 21.972 km/s
Inklinatioun 1.850 61°
Klengsten Ofstand zur Äerd 55,7 Millioune km
Gréissten Ofstand zur Äerd 401,3 Millioune km
Satelliten 2 (Phobos an Deimos)
 
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser um Equator 6,804.9 km
Duerchmiesser un de Polen 6,754.8 km
Fläch 1.448×108 km²
Volumen 1.638×1011 km³
Mass 6.4185×1023 kg
Dicht 3.934 g/cm³
Fluchtvitesse 5.027 km/s
Rotatiounsperiod 1.025 957 d
(24.622 962 a)
Axial tilt 25.19°
Right ascension
of North pole
317.681 43° (21 h 10 min 44 s)
Neigung vun der Dréiachs 52.886 50°
Albedo 0.15
Uewerfächentemperatur
- Min
- Mëttel
- Max

133 K
287 K
293 K
 
Atmosphäresch Spuren
Uewerflächendrock 0.7 - 0.9 kPa
Stéckstoff 2,7%
Sauerstoff 0,13%
Argon 1,6%
Kuelendioxid 95,32%
Kuelemonoxid 0,08%
Stéckstoffmonoxid 100 ppm
Waasser 210 ppm
Neon 2,5 ppm
Krypton 300 ppb
Xenon 80 ppb
Ozon 30 ppb
Methan 10,5 ppb
[änneren]
Phobos an Deimos

De Mars ass, vun der Sonn aus gesinn, de véierte Planéit an eisem Sonnesystem. Hien zielt zu den Planéiten déi der Äerd gläichen. Wéinst senger orange- bis bluttrouder Faarf gouf hien no dem réimesche Krichsgott Mars genannt a gëtt dacks de Roude Planéit genannt. D'Fierwung selwer verdankt de Planéit dem Eisenoxid-Stëpps, de sech op der Fläch an an der Atmosphär verdeelt huet. Soumat ass de Mars e „raschtege“ Planéit.

D'Zeeche vum Mars soll e Schëld mat engem Speer deen derhannert steet duerstellen a steet fir de réimesche Krichsgott; an der Biologie symboliséiert et dat männlecht Geschlecht: ♂.

Inhaltsverzeechnes

Bunndaten[änneren]

De Mars beweegt sech an engem Ofstand vun 206,62 bis 249,23 Millioune Kilometer (1,524 AE bis 1,666 AE) an 1 Joer 321 Deeg an 18 Stonnen op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit (Ofwäichung vun der Kreesform) bedréit 0,0935, woubäi d'Bunn 1,85° géint d'Ekliptik gebéit ass. De Mars besëtzt nom Merkur (Planéit) déi exzentreschst Bunn vun alle Planéiten am Sonnesystem.

Physikalesch Eegeschaften[änneren]

De Mars besëtzt mat engem Duerchmiesser vun 6.794 km bal den hallwen Duerchmiesser vun eiser Äerd, e Véirel vun der Uewerfläch an en Zéngtel vun hirer Mass. D'Fallbeschleunegung op senger Uewerfläch bedréit 3,71 m/s², dat entsprécht ongeféier 38 % vun der ierdeschen. De Mars besëtzt eng dënn Atmosphär.

E dréit a ronn 24 Stonnen a 37 Minutten ëm déi eegen Achs. Well d'Rotatiounsachs vum Planéit ëm 25° 12′ géint d'Bunngläicht gebéit ass, gëtt et – genee wéi op der Äerd – Joreszäiten. Si hunn awer bal déi duebel Dauer wéi déi op eiser Äerd, well d'Marsjoer mat 687 Deeg zougronn läit. D'Rotatiounsachs weist och nach eng Prezessiounsbewegung mat enger Period vun 170.000 Joer op.

D'Magnéitfeld vum Mars ass ganz schwaach. D'Miessung vum Magnéitfeld gëtt erschwéiert duerch d'Magnéitiséierung vun der Kuuscht mat Feldstäerkte vu bis zu 220 Nanotesla an duerch extern Magnéitfelder mat Stäerkten tëschent wéinegen Nanotesla a bis zu 100 Nanotesla, déi duerch d'Wiesselwierkung vum Sonnewand mat der Marsatmosphär entstinn an zäitlech ganz staark variéieren. No den Analysen vun den Date vum Mars Global Surveyor konnt d'Stäerkt vum Magnéitfeld zimlech genee bestëmmt ginn – si läit bei manner wéi 0,5 Nanotesla, géigeniwwer 30 bis 60 Mikrotesla beim Äerdmagnéitfeld.

Mounden[änneren]

De Mars huet zwéi kleng, onregelméisseg geformte Mounden, de Phobos an den Deimos, griichesch Nimm déi op lëtzebuergesch Angscht a Schrecke bedeiten. Héchstwahrscheinlech sinn déi zwéi Mounden vum Mars agefaangen Asteroiden.

Si goufen 1877 vum US-amerikaneschen Astronom Asaph Hall entdeckt an no deenen an der Ilias iwwerliwwerten zwéi Begleeder, déi de Won vum Krichsgott Ares (lat. Mars) gezunn hunn, benannt.

De Phobos an den Deimos sinn zwéin onregelméisseg geformt Fielsbléck.

D'Ëmlafzäit vum Phobos ass méi kuerz wéi d'Rotatiounszäit vum Mars. De Mound kënnt dem Mars duerch d'Gezäitewiesselwiirkung op enger Spiralbunn lues awer ëmmer méi no a fält engesdaags op de Planéit oder gëtt duerch Gezäitekräften auserneegerappt, sou datt e fir kuerz Zäit als Marsréng ende wäert.

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren]

  • Robert Henseling: Mars. Seine Rätsel und seine Geschichte. Kosmos Gesellschaft der Naturfreunde. Franckh'sche Verlagsbuchhandlung, Stuttgart 1925 (das Buch ist von historischem Interesse).
  • Paul Raeburn: Mars – Die Geheimnisse des roten Planeten. Steiger, Augsburg 2000. ISBN 3-89652-168-3
  • William Sheehan: The Planet Mars – A History of Observation and Discovery. Univ. of Arizona Press, Tucson 1996, 1997. ISBN 0-8165-1641-3
  • Rolf Sauermost, Arthur Baumann: Lexikon der Astronomie – die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. 2 Bde. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1995. ISBN 3-86150-145-7
  • Ronald Greeley: Der NASA-Atlas des Sonnensystems. Knaur, München 2002. ISBN 3-426-66454-2
  • Hans R. Jenemann, Arno M. Basedow, Erich Robens: Die Entwicklung der Makro-Vakuumwaage. Wirtschaftsverl. NW, Bremerhaven 1992. ISBN 3-89429-214-8
  • David McNab, James Younger: Die Planeten. C. Bertelsmann, München 1999. ISBN 3-570-00350-7
  • David Morrison: Planetenwelten. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1995. ISBN 3-86025-127-9
  • Roland Wielen: Planeten und ihre Monde. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1988. ISBN 3-922508-46-4
  • Hans-Ulrich Keller: Das Kosmos Himmelsjahr 2003. Franckh-Kosmos Verlags-GmbH, Stuttgart 2002. ISBN 3-440-09094-9
  • Holger Heuseler, Jaumann, Neukum: Die Mars Mission. BLV Verlagsgesellschaft, München 1998. ISBN 3-405-15461-8

Artikelen a Biller[änneren]

Fuerschungsinstituter[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Mars – Biller, Videoen oder Audiodateien
Gréisstenduerstellung:Merkur,Venus,Äerd a Mars (vu lénks no riets)