Uranus (Planéit)
De Planéit Uranus ass, vun der Sonn aus gesinn, de siwente Planéit am Sonnesystem a gëtt zu de jupiterähnleche Gasplanéite gerechent. Hie gouf 1781 entdeckt an no dem griicheschen Himmelsgott Uranos benannt.
Dat traditionellt Zeeche fir de Planéit ass deem vum Mars ähnlech. Als Ënnerscheed huet et am Krees en Zentralpunkt, an de Feil um Krees steet senkrecht: ♅. De Buschtaf H steet fir den Uranusentdecker Wilhelm Herschel.
De Gasplanéit ass ënner gënschtegen Ëmstänn ze gesinn, a physikalesch mat dem Neptun vergläichbar. Wat seng Mass ubelaangt, hëlt hien de 4. Rang am Sonnesystem an (14 × d'Äerd). Säin Duerchmiesser läit knapps virum Neptun op der drëtter Plaz (nom Jupiter a Saturn).
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht vun der Entdeckung [änneren]
De Sir Friedrich Wilhelm Herschel huet de Planéit Uranus den 13. Mäerz 1781 mat engem selwer entwéckelten Teleskop vu sengem Gaart an der engleschen Stad Bath aus entdeckt. Den Uranus huet genee an déi vum däitschen Astronom Johann Elert Bode verëffentlecht Titius-Bode-Rei gepasst. D'Harmonie des Himmels vum Johannes Kepler huet sech domat confirméiert.
De Bode huet deemools virgeschloen deen neie Planéit nom griichesche Gott Uranos ze deefen. Den Numm huet sech eréischt ëm 1850 duerchgesat a gouf, sou wéi bei de réimeschen Nimm vun deenen anere Planéiten, der laténgescher Schreifweis ugepasst. Obwuel den Uranus schonns fréier observéiert a katalogiséiert gi war, gouf hien awer net als Planéit erkannt.
D'Réngsystem vum Uranus gouf den 10. Mäerz 1977 vum James L. Elliot a senger Equipe mat dem Kuiper Airborne Observatoire entdeckt.
De 24. Januar 1986 ass d'Raumsond Voyager 2 laanscht den Uranus geflunn an huet déi meeschten haut bekannten Erkenntnesser iwwermëttelt.
Dem Uranus seng Mounden [änneren]
- De Planéit Uranus huet 27 Mounden. Den Duerchmiesser läit tëschent 10 an 1600 km.
Uranusmoundentdeckungen [änneren]
Déi zwéin éischt goufe vum Wilhelm Herschel 1787 entdeckt a vu sengem Jong John Herschel no Figuren aus dem Shakespeare sengem A Midsummer Night's Dream Titania an Oberon benannt. Zwéi weider Mounden, déi de William Lassell 1851 entdeckt huet, goufen Ariel an Umbriel gedeeft, de Gerard Kuiper huet 1948 de Mound Miranda entdeckt. All weider Mounde vum Uranus goufen och no Figure vum Shakespeare oder Alexander Pope benannt. Duerch de Laanschtfluch vun der Raumsond Voyager 2 am Januar 1986 goufen 10 weider Mounden entdeckt. Zënterhier si weider Mounden mat Hëllef vun Teleskopen entdeckt ginn.
Déi lescht Entdeckunge si vun 2005, wou mat dem Hubble Space Telescope niewent zwéi weidere Réng och nach zwéi Mounden entdeckt goufen. Ee vun deene Mounden, mat dem Numm Mab, zerbréckelt wahrscheinlech lues ënnert dem stännege Bombardement vu Mikrometeoriten a produzéiert doduerch ee vun deenen zwéin nei entdeckte Réng. Bei dëser Geleeënheet ass ausserdeem entdeckt ginn, datt virun allem d'Bunne vun deene bannenzege Mounden onstabil sinn, mä datt déi Mounden op chaotesch Aart a Weis Energie an Dréimoment austauschen.
Lëscht vun den Uranusmounden.
An dëser Lëscht sinn all déi bis elo bekannte Mounde vum Planéit Uranus. Si stinn der Rei no vu bannen no baussen. Aktuell Neientdeckungen hu virleefeg en Zuelecode, bis si vun der Internationaler Astronomescher Unioun och en Numm zougesprach kréien.
Eng negativ Ëmlafzäit bedeit, datt de Mound den Uranus réckleefeg ëmkreest. Normalerweis beweege sech d'Mounden am gläichen Dréisënn ëm d'Planéiten, wéi de Planéit ëm seng eegen Achs. Den Uranus ass 2006-2008 ze gesinn [änneren]De Planéit Uranus ass net mam bloussen A ze gesinn, awer mam Teleskop. Fir déi genee Positioun vum Planéit ze fannen, kann een all Joer an dem astronomesche Joreskalenner noliesen. – An der Tabell ënne si speziell Sichtbarkeete fir d'Joren 2006 bis 2008 opgefouert. Niewent dem Datum vun der Oppositioun ass fir deen Aspekt och déi jeeweileg Visuell Magnitude, den Ofstand zu der Äerd an d'Wénkelduerchmiessere vum Uranus uginn.
Um Spaweck [änneren]
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten
|