Epsilon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Epsilon (griicheschen Neutrum, Majuskel Ε, Minuskel ε oder ϵ) ass de 5. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet e numeresche Wäert vu 5.
Urspronk [änneren]
D'Zeechen E kënnt vum phenizesche Buschtaf „he“ a gouf vun de Griiche fir de Vokal „E“ gebraucht. Den Numm (gr.) bedeit „einfacht“ oder „entbléisst“ (géigeniwwer der Buschstawekombinatioun „αι“, déi zënter der hellenistescher Zäit deselwechte Lautwäert huet).
Den Epsilon am Gebrauch [änneren]
- An der Mathematik déngt ε fir d'Bezeechnung vun enger belibeg klenger Zuel déi méi grouss ass wéi Null. Sou eng Zuel gëtt an der Analys bei der Definitioun vu Grenzwäerter wéi Supremum an Infimum gebraucht. Dat Gebitt gëtt dofir och als „Epsilontik“ bezeechent.
- An der Mathematik beschreift ε(x) eng Heaviside-Funktioun.
- An der Mathematik steet ε fir déi numeresch Exzentrizitéit.
- An der Geometrie gebraucht een ε dacks fir e klenge Wénkel.
- An der Tensorrechnung bezeechent de klengen Epsilon d'Levi-Civita-Symbol.
- An der Informatik bezeechent de klengen Epsilon dat eidelt Wuert.
- An der Physik bezeechent de klengen Epsilon d'Permittivitéit, d'Leeeschtungszuel an den Emissiounsgrad.
- An der Astronomie bezeechent de klengen Epsilon d'Schréigt vun der Ekliptik.
- An der Technescher Mechanik bezeechent de klengen Epsilon d'Deenung.
- Bei Verbrennungsmotore bezeechent de klengen Epsilon d'Verdichtungsverhältnes.
- An der Chimie bezeechent de klengen Epsilon den Extinktiounskoeffizient.
- An der Vollekswirtschaftsléier gebraucht een ε dacks fir d'Akommenselastizitéit souwéi fir de reale Wiesselcours, definéiert duerch: ε = nominelle Wiesselcours * Präisniveau Am Land / Präisniveau am Ausland.
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ
