Gamma
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gamma (griichescht Neutrum, Majuskel Γ, Minuskel γ) ass den 3. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an hat virun der Aféierung vun den arabeschen Zifferen den numeresche Wäert vun 3.
Inhaltsverzeechnes |
De Gamma am Gebrauch [änneren]
- D'Γ-Funktioun bezeechent an der Mathematik eng Funktioun, déi als eng Erweiderung vun der Fakultéitsfunktioun op de komplexe Zueleplang opgefaasst ka ginn. Fir all natierlech Zuelen
besteet dobäi de folgende Zesummenhank: 
- An der Mathematik bezeechent γ d'Euler-Mascheroni-Konstant.
- Bei der Illustratioun vu Biller mat elektroneschen Apparaten oder an der Bildbeaarbechtung vun enger Kuerzbezeechnung fir d'Gammakorrektur. Et handelt sech ëm d'Upassen oder d'Korrektur vum Verlaf vun de Growäerter (de mëttlere Wäert) tëschent 100% Schwaarz an 100% Wäiss. Oder och: Korrektur an Upasse vum Verlaf vun der mëttlerer Faarfhellegkeet, Faarfwäerter oder Ofstufungen (un d'Emfindlechkeet vum A).
- An der Wahrschäinlechkeetstheorie bezeechent d'Gammaverdeelung eng Verdeelungsfunktioun.
- An der Differentialgeometrie bezeechent Γ d'Christoffelsymboler.
- An der Optiounstheorie bezeechent Γ déi zweet Ofleedung vum Optiounspräis nom Basiswäertcours.
- An der Physik ass γ d'Symbol vum Photon. Am méi enke Sënn bezeechent et an der Technik och nëmmen d'Photonen vun héijer Energie (Gammastralen).
- An der Physik bezeechent γ de Lorentzfaktor.
- An der Héichenergiephysik bezeechent Γ d'Zerfallsbreet
- An der Physik gëtt γ och als Symbol vum gyromagnéitesche Verhältnes gebraucht.
- Méi rar gëtt γ an der Physik och als Zeeche fir d'Gravitatiounskonstant gebraucht.
- An der Thermodynamik bezeechent γ dacks den Adiabatenexponent.
- An der Quantefeldtheorie ginn d'Dirac-Matrize mat γ bezeechent.
- Als Gamma (Eenheetszeeche γ) huet e bis zum 4. Juni 1970 d'Eenheet vun der magnéitescher Flossdicht bezeechent.
- An der Statistik ass Gamma (Symbol:
) eng Mooss vun der ordinaler Assoziatioun, dat wéi
,
oder
(Tau a, Tau b, Tau c) op dem Puerkonzept baséiert. - An der Astronomie kennzeechent de Gamma-Wäert vun enger Sonnendäischtert wéi zentral de Moundschied d'Äerd trëfft.
- An der Noriichtentechnik bezeechent Γ d'SNR-Gap, wat d'Differenz tëschent theoretescher an erreechbarer Kanalkapazitéit modelléiert.
- An der Medezin, besonnesch an der Anesthesie an Intensivmedezin, gëtt γ heiansdo als alternativ Bezeechnung fir e Mikrogramm pro Kilogramm Kierpergewiicht pro Minutt gebraucht, besonnesch bei der Doséierung vu Katecholamin.
- Am Bauwiese bezeechent γ dacks en Deelsécherheetsbäiwäert.
Unicode [änneren]
| Majuscule Γ | Minuscule γ | |
|---|---|---|
| Unicode UTF-16 | U+0393 | U+03B3 |
| Unicode-Numm | GREEK CAPITAL LETTER GAMMA | GREEK SMALL LETTER GAMMA |
| Code HTML | Γ | γ |
| HTML-Ganzt | Γ | γ |
Kuckt och [änneren]
- Gammastralen
- Gammazismus
- Gammakorrektur
- Gammaverdeelung
- Gammafunktioun
- Gammablëtz
- Gammaspektroskopie
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gamma – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ

besteet dobäi de folgende Zesummenhank: 
) eng Mooss vun der ordinaler Assoziatioun, dat wéi
,
oder
(Tau a, Tau b, Tau c) op dem Puerkonzept baséiert.