Hypertext Markup Language
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
HTML steet fir Hypertext Markup Language. HTML gëtt och dacks als Hypertext bezeechent. Et ass e Quelltext deen duerstellt, wéi geschriwwen Zeechen oder Biller strukturell a logesch op enger Säit presentéiert ginn.
HTML ass d'Grondlag vum World Wide Web, an et ass och den Internet-Browser, deen dës Sprooch liest, a strukturéiert duerstellt. Si kann och Metainformatiounen enthalen an Hyperlinke begräifen, déi duerch Uklicken d'Méiglechkeet ginn, aner Websäiten opzeruffen.
E Browser erlabt et, fir sech de Quelltext unzekucken an d'Struktur vun der Säit ze änneren.
D'HTML-Sproch ass net definitiv festgeluecht, mee ass entwécklungsfäheg.
[Änneren] Déi verschidde Versioune vun HTML
HTML gouf 1989 vum Tim Berners-Lee am CERN zu Genf festgeluecht. Weblink.
- HTML (ouni Versiounsnummer, 3. November 1992): D'Urversioun, déi nëmmen op den Text orientéiert ass. Weblink
- HTML (ouni Versiounsnummer, 30. April 1993): Zum Text kommen niewe verschiddenen Attributen wéi fett oder kursiv Duerstellung och d'Bildintegratioun derbäi.
- HTML 2.0 (November 1995): Déi mat RFC 1866 definéiert Versioun féiert ënnert anerem d'Formulartechnik an. Dës Versioun ass lo iwwerholl.
- HTML 3.0: Dës Versioun ass nët publik ginn, well se schonns iwwerholl war, wéi se färdeg gestallt gouf.
- HTML 3.2 (14. Januar 1997): Nei an dëser Versioun sinn eng Rei vu Méiglechkeeten a Bezug op Tabellen, Textfloss ëm Bilder, Abanne vun Applets.
- HTML 4.0 (18. Dezember 1997)
- HTML 4.01 (24. Dezember 1999): Ersetzt HTML 4.0 mat villen, klenge Korrekturen. Et ass déi lescht HTML-Versioun.
- XHTML 1.0 (26. Januar 2000): Eng Neiformuléirung vun HTML 4.01 mat Hëllef vun XML.
- XHTML 1.1 (31. Mee 2001): Nodeem XHTML a Modulen opgedeelt gouf, ass mat XHTML 1.1 eng strikt Versioun definéiert ginn, bei deeër déi mat HTML 4 agefouert Variante Frameset an Transitional ewechfalen.
- XHTML 2.0 (Projet): Dës Versioun baséiert net méi op HTML 4.01 a féiert e puer nei Symbolen (Tags) an.

