30. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 30. Abrëll ass den 120. Dag (121. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1598: D'Edikt vun Nantes garantéiert de franséische Protestanten (Hugenotten) d'Reliounsfräiheet .
- 1789: De George Washington gëtt als éischten US-President vereedegt.
- 1789: Frankräich: Zu Versailles gëtt d'Société des amis de la Constitution gegrënnt. Opstand zu Marseille bei dem e Kommandant vun engem Fort ëm d'Liewe kënnt.
- 1803: D'USA kafe Louisiana vu Frankräich of.
- 1812: Louisiana gëtt als 18. Bundesstaat an d'Vereenegt Staate vun Amerika opgeholl.
- 1939: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 0:3 géint Belsch. [1]
- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul May geschoss.[2]
- 1945: Den Adolf Hitler an d'Eva Braun brénge sech ëm.
- 1975: Fall vu Saigon, Enn vum Vietnamkrich.
- 1980: D'Beatrix vun Oranien-Nassau gëtt Kinnigin vun Holland.
- 1987: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 1:4 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger Huet de Roby Langers geschoss.[3]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:3 géint Russland.[4]
- 2003: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Budapest 1:5 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]
[änneren] Gebuer
- 1662: Maria II. Stuart, britesch Kinnigin.
- 1777: Carl Friedrich Gauß, däitsche Mathematiker.
- 1810: Charles-Frédéric Mersch, lëtzebuergeschen Ingenieur a Professer.
- 1848: Pierre Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1867: Willy Goergen, Lëtzebuerger Schrëftsteller.
- 1870: Franz Lehár, éisträich-ungaresche Komponist.
- 1883: Jaroslav Hašek, tschechesche Schrëftsteller.
- 1893: Joachim von Ribbentrop, däitschen Diplomat a Politiker.
- 1909: Juliana vun Oranien-Nassau, Kinnigin vun Holland.
- 1909: René Deltgen, Lëtzebuerger Schauspiller.
- 1910: Evy Friedrich, Lëtzebuerger Cinéast a Filmkritiker.
- 1923: Percy Heath, US-amerikaneschen Jazz-Bassist.
- 1946: Karl XVI. Gustaf, Kinnek vu Schweden.
- 1952: Jacques Audiard, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1954: Jane Campion, neiséilännesch Regisseurin.
- 1956: Danielle Grosbusch, lëtzebuergesch Graveuse a Molerin.
- 1956: Lars von Trier, dänesche Filmregisseur.
- 1959: Stephen Harper, kanadesche Politiker.
- 1975: Alija Bešić, lëtzebuergesche Foussballspiller.
[änneren] Gestuerwen
- 1784: Franz Karl von Velbrück, Prënzbëschof vu Léck.
- 1883: Édouard Manet, franséische Moler.
- 1928: Maurice Pescatore, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1945: Adolf Hitler, däitsche Reichskanzler, Diktator a Krichsverbriecher.
- 1983: Muddy Waters, US-amerikanesche Bluesmuseker.
- 1989: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.
- 2002: Lucien Wercollier, Lëtzebuerger Sculpteur.
- 2004: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.
- 2006: Jean-François Revel, franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
- 2007: Gordon Scott, US-amerikanesche Schauspiller.
[änneren] Feierdeeg
- Holland: Koninginendag.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| [[commons:Category:30 April|Commons: Schabloun:PAGENANE]] – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien vum 30. Abrëll 1961 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 30. Abrëll 1987 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1997 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 2003 um Site European Football.info