1970
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1965 | 1966 | 1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1970.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 14. Mee: An Däitschland gëtt d' Rote Armee Fraktion gegrënnt.
- 7. Dezember: Dem däitsche Bundeskanzler Willy Brandt säi Knéifall vu Warschau
- 14. Dezember-22. Dezember: Aarbechteropstand a Polen (virun allem Gdańsk, Gdynia a Szczecin) mat Streik, Massendemonstratiounen a Versammlungen wéinst massive Präiserhéijungen. Bei de bluddegen Ausernanersetzunge vun den Aarbechter mat Police an Arméi kommen e puer Mënschen ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg [änneren]
Afrika [änneren]
- 24. Abrëll: Gambia gëtt Republik. Staatspresident gëtt den Daouda Jawara.
- 4. Juni: Tonga gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- 18. Mäerz: De Lon Nol entmuecht de Prënz Norodom Sihanouk vu Kambodscha.
- 29. Abrëll: US-Invasioun a Kambodscha mam Zil, d'Ravitaillementsweeër vun den Nord-Vietnamesen no Südvietnam ofzeschneiden.
- 10. Oktober: Fidschi gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
- 23. Juli: De Sultan Qabus bin Said bin Taimur Al Said gëtt Staatspresident an Oman.
- 2. September - 22. September: Palästinenseropstand a Jordanien (Schwaarze September).
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Poèmes en prose de Trakl.
Musek [änneren]
- 21. Mäerz: D'Dana gewënnt fir Irland mam Lidd All Kinds of Everything de 15. Eurovision Song Contest zu Amsterdam.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 4. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt op Malta 1:1 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicky Hoffmann geschoss.[1]
- 10. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Eindhoven 0:3 géint Holland.[2]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[3]
- 9. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Tschechoslowakei.[4]
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972 0:2 géint Jugoslawien.[5]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:5 géint d'DDR.[6]
Gebuer [änneren]
- Jan Eelen, flämeschen Televisiounsregisseur.
- 9. Januar: Lara Fabian, belsch Sängerin.
- 13. Januar: Marco Pantani, italienesche Vëlosportler.
- 19. Januar: Iiro Rantala, finneschen Jazzpianist.
- 3. Februar: Serge Tonnar, lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.
- 26. Mäerz: Alberto David, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 31. Mäerz: Alenka Bratušek, slowenesch Politikerin.
- 8. Abrëll: Steve Greisch, lëtzebuergeschen Jazz-Museker.
- 12. Abrëll: Tom Leick, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 16. Juli: Pjotr Alexandrowitsch Klimow, russesche Komponist an Dichter.
- 1. August: David James, englesche Foussballspiller.
- 3. August: Andrea Binsfeld, däitsch Historikerin.
- 10. August: Joachim van der Vlugt, hollännesche Moler.
- 10. August: Wouter van der Vlugt, hollännesche Sculpteur a Miwweldesigner.
- 12. August: Frank Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: Patrick Santer, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. August: River Phoenix, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. August: Mark Benecke, däitsche Kriminalbiolog.
- 28. August: Loïc Leferme, franséischen Apnoe-Daucher.
- 13. September: Diane Adehm, lëtzebuergesch Politikerin.
- 11. Oktober: Daniel Bintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Oktober: Cláudia Abreu, brasilianesch Schauspillerin.
- 15. Oktober: Pernilla Wiberg, schwedesch Alpinschileeferin.
- 27. Oktober: Jonathan Stroud, britesche Schrëftsteller.
- 27. November: Serge Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 25. Januar: Jules Vannérus, belsch-lëtzebuergeschen Historiker an Archivist.
- 27. Januar: Erich Heckel, däitsche Moler(* 1883).
- 2. Februar: Bertrand Russell, britesche Mathematiker a Philosoph (* 1872).
- 17. Februar: Samuel Joseph Agnon, hebräeschen Epiker.
- 17. Februar: Alfred Newman, US-amerikanesche Filmkomponist (* 1901).
- 25. Februar: Mark Rothko, russesch-amerikanesche Moler (* 1903).
- 8. Abrëll: Felix vu Bourbon-Parma, Prënz-Consort vu Lëtzebuerg (* 1893).
- 20. Abrëll: Paul Celan, däitschen Dichter (* 1920).
- 9. Mee: Franz Etzel, däitsche Politiker.
- 12. Mee: Nelly Sachs, däitsch-jiddesch Schrëftstellerin a Lyrikerin.
- 28. Mee: Jacques Bos, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 14. Juli: Luis Mariano, spuenesch-baskeschen Tenor.
- 22. Juli: Fritz Kortner, éisträichesche Schauspiller, Film an Theaterregisseur.
- 27. Juli: António de Oliveira Salazar, portugisesche Ministerpresident.
- 1. August: Frances Farmer, US-amerikanesch Schauspillerin (* 1913).
- 30. August: Ernst Zinner, däitschen Astronom an Astronomiehistoriker.
- 1. September: François Mauriac, franséische Schrëftsteller (* 1885).
- 9. September: Ferdinand Gremling, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 18. September: Jimi Hendrix, amerikanesche Gittarist, Sänger a Komponist (* 1942).
- 20. September: Josy Meyers Friob, lëtzebuergeschen Zeecheprof a Moler.
- 23. September: Bourvil, franséische Schauspiller a Sänger.
- 25. September: Erich Maria Remarque, däitschen Auteur (* 1898).
- 28. September: Gamal Abdel Nasser, egyptische Politiker (* 1918).
- 4. Oktober: Janis Joplin, US-amerikanesch Sängerin. (* 1943).
- 8. Oktober: Jean Giono, franséische Schrëftsteller an Erzieler (* 1895).
- 10. Oktober: Édouard Daladier, franséische Politiker (Parti Radical Socialiste) (* 1884).
- 9. November: Charles de Gaulle, franséische Generol a Staatspresident.
- 19. November: Georges Gredt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- ?: Okuro Oikawa, japaneschen Astronom.
- ?; Benjamin Boss, US-amerikaneschen Astronom.
| Commons: 1970 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Malta-Lëtzebuerg de 4. Dezember 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 16. Abrëll 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslsowakei den 9. Mee 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien de 14. Oktober 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-DDR de 15. November 1970 um Site European Football