Felix vu Bourbon-Parma

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Felix vu Bourbon-Parma

De Felix Marie Vincent Prënz vu Bourbon-Parma, gebuer den 28. Oktober 1883 zu Schwarzau am Steinfeld bei Wien (Éisträich), a gestuerwen den 8. Abrëll 1970 zu Fëschbech, war dat uechtzéngt Kand vum Robert I. vu Parma an dat sechste Kand mat deem senger zweeter Fra, der Maria Antonia vu Braganza, der Schwester vun der Maria Ana vu Bragança, also vu senger spéiderer Schwéiermamm.

Hie war de jéngere Brudder vun der Keeserin Zita vun Éisträich. Säi Grousspapp war den 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal.

Inhaltsverzeechnes

De Felix vu Bourbon-Parma gëtt Prënz vu Lëtzebuerg [änneren]

De 6. November 1919 huet hie seng Kusinn, d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestuet. Den Dag virdrun hat d'Chamber, mat knappser Majoritéit, seng Naturaliséierung gestëmmt. Doduerch gouf hie Prënz vu Lëtzebuerg. Déi Entscheedung war net onëmstridden, well de Felix am Éischte Weltkrich Leutnant a Capitaine an der éisträichescher Arméi war.

D'groussherzoglech Koppel krut sechs Kanner. 1921 gouf de spéidere Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg gebuer, 1922 d'Elisabeth, 1924 d'Marie-Adelaïde, 1925 d'Marie-Gabrielle, 1927 de Charles a 1929 d'Alix.

De Prënz Felix war vum 23. Januar 1937 bis de 25. Abrëll 1951 Member vum Staatsrot.[1]

De Prënz Felix am zweete Weltkrich [änneren]

Den 10. Mee 1940 ass de Prënz Felix mat senger Famill an der lëtzebuerger Regierung an den Exil gaang, fir d'éischt op Paräis, duerno op Lissabon. De 15. Juli verléisst de Felix mat de Prënzekanner déi portugisesch Haaptstaadt, ouni seng Fra, a fiert an Amerika, wou e vum President Roosevelt empfaang gëtt. Bis 1942 hält sech d'groussherzoglech Famill haaptsächlech an de Vereenegt Staate vun Amerika an am Kanada op.

Am Oktober 1942 verléisst de Felix zesumme mat sengem eelste Jong, dem Prënz Jean, de Kanada fir sech a Groussbritannien an der Arméi ze engagéieren. De Prënz Jean meld sech bei den Irish Guards, de Prënz Felix gëtt "officier de liaison" beim "Northern Command". Do huet e gehollef d'"Luxembourg Battery", eng Eenheet vu lëtzebuergesche Volontären opzebauen, déi un d'Brigade Piron ugeschloss war.[2]

Am Juni 1944 gouf de Felix bei déi 12. US-Arméi, bei de Generol Bradley, geschéckt. Hien huet sech duerno verschiddenen Eenheeten ugeschloss, fir bei der Befreiung vu Lëtzebuerg kënnen derbäi ze sinn. Den 10. September 1944 ass hien zesumme mam Prënz Jean mat der 5. Panzerdivisioun vum V US Corps zu Lëtzebuerg amarschéiert a vun der Bevölkerung gefeiert ginn.

Grad ewéi de Prënz Jean huet och de Felix bis zum Krichsënn weidergekämpft, a war zum Beispill bei der Befreiung vum Konzentratiounslager Dachau derbäi.[3]

De Prënz Felix no dem zweete Weltkrich [änneren]

Hie war och Colonel vun der Fräiwëllegekompanie an Inspecteur-Général vun der Lëtzebuerger Arméi vun 1945 bis 1967.

Tëschent 1923 an 1932 an dann nees tëschent 1947 an 1969 war hie President vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Felix vu Bourbon-Parma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Foussnouten a Referenzen [änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
  2. Informatiounen aus: Chronologie "Léif Lëtzebuerger" Chronologie 1939-1942 - PDF an Chronologie 1942-1945 - PDF
  3. Informatiounen aus: E.T. Melchers, Luxemburg 1944-45 - Befreiung und Ardennenoffensive, S. 119- 121, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981