Charlotte vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Charlotte vu Lëtzebuerg
23. Januar 1896 – 9. Juli 1985
Charlotte, Grand Duchess of Luxembourg.jpg
Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1919-1964
Virgänger Marie Adélaïde
Nofolger Jean
Papp Wëllem IV.
Mamm Marie-Anne

D'Charlotte Adelgonde Elisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer den 23. Januar 1896 a gestuerwen den 9. Juli 1985 op Schlass Fëschbech, war vun 1919 bis 1964 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Nodeem hir Sëschter, d'Groussherzogin Marie-Adélaïde, den 9. Januar 1919 huet missen ofdanken, ass d'Charlotte vu Lëtzebuerg de 15. Januar 1919 Grande-Duchesse ginn an huet den 18. Januar den Eed op d'Lëtzebuerger Konstitutioun geleescht. De Referendum vum 28. September 1919 huet d'konstitutionell Ierfmonarchie ënner der Groussherzogin Charlotte mat 77,8 % confirméiert.

De 6. November 1919 huet si hire Koseng, de Prënz Felix vu Bourbon-Parma bestuet. D'Koppel krut 6 Kanner.

Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, ass d'Charlotte mat hirer Famill (a 4 Membere vun der Regierung) iwwer Frankräich, Spuenien, Portugal an d'Vereenegt Staaten an den Exil a Kanada an op London gaangen. Tëscht 1940 an 1944 huet d'Groussherzogin Charlotte regelméisseg iwwer d'Radiosémissioune vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zougeschwat, a gouf doduerch zu engem Symbol fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vum Land. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si op sougenannte Good Will Tours duerch d'Vereenegt Staate gaangen, fir op d'Situatioun vu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. De 25. August 1942 gouf se mat hirer Famill vum US-President Roosevelt empfaangen.

De 14. Abrëll 1945 ass d'Grande-Duchesse aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg komm. Déi Méint duerno huet si déi Stied an Dierfer besicht, déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen.

Si kritt den 8. Juli 1956 "d'Gëlle Rous", déi gréisst Auszeechnung déi de Vatikanstad ze verginn huet.

Den 12. November 1964 huet d'Groussherzogin Charlotte, no 45 Joer un der Spëtzt vum Land, zugonschte vun hirem Jong Jean op den Troun verzicht.

Si ass den 9. Juli 1985 mat 89 Joer op Schlass Fëschbech gestuerwen a gouf an der Krypta vun der Kathedral begruewen.

Hir zu Éiere gouf 1990 eng Bronze-Statu op der Clairefontaine-Plaz a 1995 e Monument am Park vum Ierpeldenger Schlass ageweit. Och d'Bréck vun der Stad op de Kierchbierg, d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck, ass 1962 no hir benannt ginn.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Mat hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma, hat si 6 Kanner:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. La Grande-Duchesse Charlotte *1896 1985: un destin exceptionnel, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 362-375.
  • Linden, André, 2002. “Léif Lëtzebuerger,… dir dohém a mir hei baussen… the radio speeches of Great-Duchess Charlotte in exile.” In ...ët wor alles net esou einfach. Questions sur le Luxembourg et la Deuxième Guerre mondiale, Luxembourg.
  • Margue, Paul, 2008. Grande-Duchesse Charlotte. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 121-126. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Martin Gerges, Koord., 1990. Monument Grande-Duchesse Charlotte. Erausgi vun der Regierungskommissioun fir d'Monument. Imprimerie centrale, 104 S.
    • Anonyme: D'Grande-Duchesse Charlotte. Datummen aus Hirem Liewen. S. 9-13.
    • Emile Thoma: Charlotte Grande-Duchesse de Luxembourg 1896-1985. Bio-bibliographie de la vie et de l'oeuvre d'une Grande Dame. S. 97-103. (Dësen Artikel gëtt eng Lëscht mat iwwer 80 Publikatiounen iwwer d'Liewen an d'Wierke vun der Groussherzogin Charlotte).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charlotte vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Marie Adélaïde
Groussherzogin vu Lëtzebuerg
1919- 1964
Nofolger:
Jean