Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
| Wëllem IV. 22. Abrëll 1852 – 25. Februar 1912 |
||||||
![]() |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Wëllem IV. vu Lëtzebuerg, gebuer den 22. Abrëll 1852 um Schlass Biebrich als Wilhelm Alexander vun Nassau, gestuerwen de 25. Februar 1912 um Schlass vu Kolmer-Bierg, war den eelste Jong vum Herzog Adolphe vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen
Hien huet seng Kandheet a Jugend am Herzogtum Nassau verbruecht. Wéi säi Land vu Preisen anekdéiert gouf, huet hien eng Carrière an der éisträichescher Arméi gemaach. 1888 ass hien do nees ausgetrueden, wéi et sech konkretiséiert huet, datt säi Papp giff Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Hie war vum 25. Dezember 1897 bis de 4. Abrëll 1902 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot. De 4. Abrëll 1902 huet säi Papp, deen 1890 Groussherzog gi war, hien zum Lieutenant-représentant erkläert. Nom Doud vu sengem Papp, de 17. November 1905, ass hie Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.
Den 21. Juni 1893, huet hien d'Maria Ana vu Bragança, Infantin vu Portugal, um Schlass Fischhorn bei Zell am See, bestuet. D'Koppel krut 6 Duechteren, wat e Problem mat der Trounfolleg mat sech bruecht huet, well den Ierfpakt virgesinn huet, datt just deen eelste männlechen Nokommen Trounfolger ka ginn. De 16. Abrëll 1907 huet d'Chamber dowéinst eng Ännerung vum Ierfpakt approuvéiert, sou datt mat Akraafttriede vun där Dispositioun dem Wëllem IV. seng eelsten Duechter, d'Marie-Adélaïde (1894-1924), den 10. Juli 1907 zur Trounfolgerin erkläert gouf. Si ass dann och 1913, wéi se groussjäreg gouf, déi éischt Lëtzebuerger Grande-Duchesse ginn. Déi zweet Duechter, d'Charlotte, (1896-1985), huet no der Ofdankung vun hirer Schwëster den Troun 1919 iwwerholl.
Déi aner Duechtere waren:
- d'Prinzessin Hilda (1897 - 1979), déi den Adolf, Fürst zu Schwarzenberg bestuet huet;
- d'Prinzessin Antonia (1899 - 1954), déi de Krounprënz Rupprecht vu Bayern bestuet huet;
- d'Prinzessin Elisabeth (1901 - 1950), déi de Ludwig Philipp, Prënz vun Thurn und Taxis bestuet huet;
- d'Prinzessin Sophie (1902 - 1941), déi den Ernst vu Sachsen bestuet huet.
Linken
Literatur
- Pierre Even, Vor 100 Jahren verstarb Wilhelm IV., Der leidende Großherzog, Seine wegweisenden Handlungen förderten die Integration der Luxemburger Dynastie, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort ), Nr. Nummer 7|2357, Ss. 4-6; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Wëllem IV. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger: Adolphe |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1905- 1912 |
Nofolger: Marie-Adélaïde |
