1950
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1950
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 15. Februar: De Juho Kusti Paasikivi gëtt als Staatspräsident vu Finnland erëmgewielt.
- 23. Februar: D'Labour Party gewënnt d'Wale fir d'Ënnescht Chamber a Groussbritannien; de Clement Attlee gëtt als Premierminister confirméiert.
- 9. Mee: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en dozou oprifft, datt déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir esou an Zukunft Kricher onméigleg ze maachen. Domatter hat hien de Grondsteen vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- 6. Juni: Am Görlitzer Ofkommes tëscht der DDR an der Volleksrepublik Polen gëtt d'Oder-Neiße-Linn als nei polnesch Westgrenz festgeluecht.
- 24. Juni: A Frankräich trëtt de Georges Bidault als Regierungschef zréck; den Henri Queuille gëtt säin Nofolger, dee gëtt awer schonns den 12. Juli vum René Pleven ofgeléist.
- 25. Juli: De Walter Ulbricht gëtt Generalsekretäit vum Zentralcomité vun der SED (DDR).
- 1. August: De belsche Kinnek Leopold III. kënnt aus dem Exil zréck; et kënnt zu sëlleche Manifestatiounen géint hien.
- 29. Oktober: De Gustav VI. Adolf gëtt nom Doud vu sengem Papp Gustav V., neie Kinnek vu Schweden.
- 4. November: D'Europäesch Mënscherechtskonventioun (EMRK) gëtt ënnerschriwwen.
Afrika [änneren]
- 27. Abrëll: Mam Group Areas Act decidéiert d'südafrikanesch Regierung am Kader vun hirer Apartheidspolitik, d'Wunn- an Aarbechstgebidder no Rassen ze trennen.
- 7. Juli: De Population Registration Act deelt d'Leit a Südafrika a verschidde "Rassen" an, fir d'Apartheidspolitik ze stäerken.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 31. Januar: Den US-President Harry S. Truman gëtt den Uerder eng Waasserstoffbomm ze bauen.
- 9. Februar: Den US-amerikaneschen Senator Joseph McCarthy fänkt mat senger "Kommunistejuegd" un.
- 16. Dezember: Wéinst dem Koreakrich rifft de President Truman fir d'USA den nationalen Noutstand aus.
Südamerika [änneren]
- 3. Oktober: De Getúlio Dornelles Vargas gëtt zum Staatspresident vu Brasilien gewielt.
- 13. November: De venezolanische President Carlos Delgado Chalbaud, dee Member vun der Militärjunta ass, déi un der Muecht ass, gëtt entféiert an ermuert.
Asien [änneren]
- 26. Januar: Indien gëtt offiziell eng Republik, de Rajendra Prasad gëtt hiren éischte President.
- 1. Mäerz: Den Chiang Kai-shek rifft op Taiwan, wou sech de Kuomintang nom Biergerkrich zréckgezunn huet, d'Republik China aus.
- 7. Oktober: D'chinesesch Volleksbefreiungsarméi besetzt den Tibet.
- 4. Oktober: Indochinakrich: Frankräich verléiert d'Festung Cao Bằng.
- 21. Oktober: Indochinakrich: D'Vietnamesesch Volleksarméi eruewert d'Festung Lang Son.
Koreakrich [änneren]
- 25. Juni: Ufank vum Koreakrich: Nordkoreanesch Truppen iwwerfale Südkorea.
- 27. Juni: De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen decidéiert, eng Interventiounstrupp opzestellen.
- 28. Juni: Nordkoreanesch Truppen eruewere Seoul De 5. Juli kommen se no der Schluecht vun Osan bis un d'Südküst vu Korea weider.
- 7. Juli: Den US-Generol Douglas MacArthur iwwerhëlt déi iewescht Commande vun den UN-Truppen am Koreakrich.
- 11. Juli: D'USA gi Südkorea 1,2 Mrd. Dollar Militärhëllef.
- 31. Juli: Mat der Resolutioun 85 autoriséiert den UNO-Sécherheetsrot d'militäresch Interventioun vun enger UNO-Trupp a Korea.
- 15. September: Mat der Landung bei Incheon fänkt d'Géigenoffensiv vun der UNO-Trupp un.
- 30. September: Südkoreanesch Truppen ginn iwwer den 38. Breedegrad eraus; dëst gëtt nodréiglech de 7. Oktober vun der UNO accordéiert.
- 19. Oktober: UN- Truppen eruewere Pjöngjang. Fräiwëllegenverbänn aus China kommen iwwer d'Grenz, fir Nordkorea ze hëllefen.
- 25. Oktober: Éischt Kämpf tëscht der chinesescher Fräiwëllegenarméi an enger südkoreanescher Infanteriesunitéit.
- 26. November: Ufank vun der Schluecht ëm de Chosin-Reservoir: d'UN-Truppe musse sech op de Bréckekapp vu Hŭngnam zréckzéien, vu wou aus se Enn Dezember a Südkorea evakuéiert ginn.
- 30. November: Den US-President Harry S. Truman dréit domatter, dAtombomm anzesetzen.
- 5. Dezember: D'Amerikaner musse sech aus Pjöngjang zréckzéien.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 4. Januar: Israel declaréiert Jerusalem als seng Haaptstad.
- 24. Mee: D'haschemitescht Kinnekräich Jordanien gëtt proclaméiert.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Matière première.
- Edmond Dune, Enfantines.
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Schwäiz. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[1]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales a Marcel Rewenig geschoss.[2]
- 21. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint England. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[3]
- 4. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.[4]
- 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bergen 2:2 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch a François Muller geschoss.[5]
- 22. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.[6]
- 29. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[7]
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. No engem Selbstgol vun de Belsch huet den Nicolas Kettel fir d'Lëtzebuerger den zweete Gol geschoss.[8]
Gebuer [änneren]
- Volker Einrauch, däitsche Filmregisseur.
- Joseph Capgras, franséische Psychiater.
- Jeffery Deaver, US-amerikanesche Krimi-Auteur.
- François Dupeyron, franséische Filmregisseur.
- Péter Esterházy, ungaresche Schrëftsteller.
- Monique Hermes, lëtzebuergesch Léierin a Journalistin.
- Ingrid Stampa, däitsch Musekprofessesch an Haushälterin vum Poopst Benedikt XVI.
- Armand Thill, lëtzebuergeschen Historiker.
- 22. Januar: Marie-Josée Jacobs, lëtzebuergesch Politikerin.
- 24. Januar: Daniel Auteuil, franséische Schauspiller.
- 26. Januar: Jörg Haider, éisträichesche Politiker.
- 28. Januar: Philippe Marini, franséische Politiker.
- 7. Februar: Ariel Wagner-Parker, britesch Schrëftstellerin.
- 8. Februar: Guy W. Stoos, lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
- 10. Februar: Mark Spitz, US-amerikanesche Schwëmmer.
- 13. Februar: Peter Gabriel, britesche Pop-Museker.
- 15. Februar: Jean Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Februar: Jacques Mousel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Februar: Miou-Miou, franséisch Schauspillerin.
- 25. Februar: Néstor Kirchner, argentinesche Politiker; Staatspresident.
- 28. Februar: Carole Mersch, lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch an Historikerin
- 7. Mäerz: Mill Majerus, lëtzebuergesche Politiker a Sexolog.
- 15. Mäerz: Fränz Dasbourg, lëtzebuergeschen Ingenieur a Buchillustrateur.
- 16. Mäerz: Robert Mancini, lëtzebuergesche Journalist a Sculpteur.
- 22. Mäerz: Goran Bregović, bosnesche Museker a Komponist.
- 30. Mäerz: Robbie Coltrane, schottesche Schauspiller.
- 5. Abrëll: Agnetha Fältskog, schwedesch Sängerin.
- 5. Abrëll: Guy Schons, lëtzebuergesche Vollekslidd-fuerscher a -Sänger.
- 12. Abrëll: Joyce Banda, Politikerin aus Malawi.
- 13. Abrëll: Ron Perlman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Abrëll: Pierre Mores, lëtzebuergesche Jurist a fréiere President vum Staatsrot.
- 26. Abrëll: Victor Rod, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 28. Abrëll: Jay Leno, US-amerikanesche Komiker an Teleesanimateur.
- 29. Abrëll: Jeannot Krecké, lëtzebuergesche Politiker.
- 5. Mee: Annette Weiwers-Probst, lëtzebuergesch Molerin.
- 9. Mee: Fernand Fehlen, lëtzebuergesche Soziolog.
- 9. Mee: Frank Feitler, lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur.
- 13. Mee: Stevie Wonder, US-amerikanesche Pop-Sänger.
- 18. Mee: Thomas Gottschalk, däitsche Radios- an Teleesanimateur a Schauspiller.
- 19. Mee: Anne Brasseur, lëtzebuergesch Politikerin.
- 20. Mee: Jhala Nath Khanal, nepalesesche Politiker.
- 20. Mee: Arlette Wilmes, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 24. Mee: Alain Anen, lëtzebuergesche Fechter.
- 27. Mee: Dee Dee Bridgewater, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 31. Mee: Tom Berenger, amerikanesche Schauspiller.
- 4. Juni: Georges Ressler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 6. Juni: Chantal Akerman, belsch Regisseurin.
- 15. Juni: Lakshmi Mittal, indeschen Industriellen.
- 15. Juni: Jup Weber, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Juni: Gudrun Landgrebe, däitsch Schauspillerin.
- 29. Juni: Gaby Geimer, lëtzebuergesch Biologin.
- 29. Juni: Gaston Gibéryen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 7. Juli: Gerda Hasselfeldt, däitsch Politikerin.
- 7. Juli: Yūji Hyakutake, japaneschen Amateurastronom.
- 9. Juli: Viktor Janukowytsch, ukrainesche Politiker.
- 13. Juli: Georges Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 16. Juli: Henri Grethen, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Juli: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 18. Juli: Raymond Zender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. August: Lucien Didier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 8. August: Martine Aubry, franséisch Politikerin.
- 9. August: Anémone, franséisch Schauspillerin.
- 12. August: Iris Berben, däitsch Schauspillerin.
- 14. August: Gary Larson, US-amerikanesche Comic-Zeechner a Cartoonist.
- 30. August: John Landis, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Théid Faber, lëtzebuergesche Biolog an Ëmweltaktivist.
- 14. September: Geneviève Ley, lëtzebuergesch Molerin.
- 14. September: Eugene Trinh, US-amerikaneschen Astronaut.
- 16. September: Loyola de Palacio, spuenesch Politikerin.
- 21. September: Bill Murray, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. September: Joseph Salentiny, lëtzebuergesche Biolog an Direkter vum Kolléisch.
- 6. Oktober: Romain Durlet, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Politiker.
- 7. Oktober: Marcel Barthel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Oktober: Mady Delvaux-Stehres, lëtzebuergesch Politikerin.
- 24. Oktober: Bert Pronk, hollännesche Vëlosportler.
- 26. Oktober: Nico Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Oktober: Abdullah Gül, tierkesche Politiker.
- 10. November: Josy Christen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 12. November: Coen van Vrijberghe de Coningh, hollännesche Schauspiller.
- 17. November: Marco Lorenzini, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 28. November: Ed Harris, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 28. November: Josiane Kartheiser, lëtzebuergesch Léierin, Schrëftstellerin a Journalistin.
- 28. November: Russell Hulse, US-amerikanesche Physiker
- 18. Dezember: Gillian Armstrong, Filmregisseur.
- 19. Dezember: Jean Portante, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer, Editeur a Journalist.
- 26. Dezember: Michel Demart, belschen Aquarellist an Illustrateur.
- 26. Dezember: Raja Pervaiz Ashraf, pakistanesche Politiker.
- 29. Dezember: Raymond Reuter, lëtzebuergesche Fotograf.
Gestuerwen [änneren]
- 3. Januar: Emil Jannings, däitsche Schauspiller.
- 21. Januar: George Orwell, englesche Schrëftsteller.
- 1. Februar: Pierre Prüm, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Februar: Karl Guthe Jansky, US-amerikanesche Physiker, Astronom a Radioingenieur.
- 19. Februar: Joseph Tockert, lëtzebuergesche Sproochfuerscher.
- 6. Mäerz: Albert Lebrun, President vun der franséischer Republik.
- 11. Mäerz: Heinrich Mann, däitsche Schrëftsteller.
- 19. Mäerz: Edgar Rice Burroughs, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 30. Mäerz: Léon Blum, franséische Politiker.
- 3. Abrëll: Kurt Weill, däitsche Komponist.
- 4. Abrëll: Gustave Jacquemart, lëtzebuergesche Sportspionnéier a Politiker.
- 8. Abrëll: Vaslav Nijinsky, polnesch-russesche Ballets-dänzer a Choreograph.
- 7. Mee: Jean-Baptiste Sax, Direkter vun der Steier- Akzisen a Kadasterverwaltung.
- 29. Juni: Melitta Bentz, Entrepreneuse; Erfinderin vum Kaffifilter.
- 18. Juli: Mignon Talbot, US-amerikanesch Paleontologin.
- 17. Juli: Alphonse Kemp, lëtzebuergeschen Architekt.
- 11. August: Nicolas Wampach, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 15. August: Urbain Heintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. August: Henri Kellen, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 24. September: Adolphe Krieps, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 14. Oktober: António Maria da Silva, portugisesche Politiker; Ministerpresident.
- 28. Oktober: Jean-Pierre Franck, lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker.
- 29. Oktober: Gustav V., Kinnek vu Schweden 1907 bis 1950.
- 2. November: George Bernard Shaw, ireschen Theaterschrëftsteller, Literatur-Nobelpräisdréier.
- 3. November: Eugène Ruppert, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 26. November: Hedwig Courths-Mahler, däitsch Schrëftstellerin.
- 31. Dezember: Charles Koechlin, franséische Komponist.
- 31. Dezember: Karl Renner, éisträichesche Politiker.
| Commons: 1950 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 19. Mäerz 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 16. Abrëll 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 21. Mee 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 4. Juni 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg den 18. August 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg den 22. August 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich den 29. Oktober 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 12. November 1950 um Site European Football