5. Dezember
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 5. Dezember ass den 339. Dag vum Joer (340. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Nov – Dezember – Jan | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1492: De Christoph Kolumbus entdeckt d'Karibikinsel Hispaniola.
- 1642: Frankräich: Nom Doud vum Richelieu hëlt de Mazarin seng Plaz am Conseil an.
- 1926: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Charleroi géint d'Belsch a verléiert 1:6. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Lefèvre geschoss. [1]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Neapel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:1 géint Italien.[2]
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Bulgarien.[3]
- 1993: Den El Hadj Omar Bongo Ondimba gëtt Staatspresident vu Gabon.
[änneren] Gebuer
- 1782: Martin Van Buren, 8. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1805: Hector Berlioz, franséische Komponist.
- 1890: Fritz Lang, éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1901: Walt Disney, amerikanesche Trickfilmzeechner a -regisseur.
- 1901: Werner Heisenberg, däitsche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 1902: Guy de la Vasselais, franséische Colonel.
- 1903: Johannes Heesters, hollännesche Schauspiller a Sänger.
- 1903: Cyril V. Jackson, südafrikaneschen Astronom.
- 1904: Pierre Chenal, franséische Filmregisseur.
- 1906: Otto Preminger, éisträichesch-US-amerikanesche Regisseur.
- 1911: Wladyslaw Szpilman, polnescher Museker.
- 1920: Alfred Mousset, lëtzebuergeschen Hobby-Entomolog.
- 1921: Louis de Froment, franséischen Dirigent.
- 1932: Little Richard, US-amerikanesche Museker.
- 1938: J. J. Cale, US-amerikanesche Museker a Sänger.
- 1946: José Carreras, spueneschen Tenor.
- 1953: Jean Back, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 1953: Romain Lenertz, lëtzebuergesche Karikaturist an Zeechner.
- 1966: Patricia Kaas, franséisch Sängerin.
[änneren] Gestuerwen
- 1791: Wolfgang Amadeus Mozart, éisträichesche Komponist.
- 1870: Alexandre Dumas (Papp), franséische Schrëftsteller.
- 1926: Claude Monet, franséische Moler.
- 1969: Claudius Dornier, däitsche Fligerconstructeur.
- 1997: Jim Kirchen, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 2003: Fernand Koenig, lëtzebuergesche Bariton-Sänger.
- 2007: Karlheinz Stockhausen, däitsche Komponist.
- 2009: Otto Graf Lambsdorff, däitsche Politiker.
[änneren] Feier- a Gedenkdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 5. Dezember – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 5. Dezember 1926 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg de 5. Dezember 1981 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien.Lëtzebuerg de 5. Dezember 1984 um Site European Football