Hispaniola
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Hispaniola | |
|---|---|
| Fläch | 76.480 km² |
| Héchste Punkt | 3.175 m Pico Duarte |
| Awunnerzuel | 16.489.800 |
| Bevëlkerungsdicht | 216 Awunner/km² |
| Gréisste Stad | Santo Domingo |
Hispaniola (spuenesch La Española „déi Spuenesch“) ass mat enger Fläch vu ronn 74.700 km² déi zweetgréisste vu de Westindeschen Inselen a vun de Groussen Antillen. Op der Insel leien d'Staaten Haiti an d'Dominikanesch Republik.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Ongeféier 90 km westlech läit déi gréissten Antilleninsel Kuba an 190 km westlech läit Jamaika, 120 km ëstlech Puerto Rico, 250 km nërdlech d'Grupp vun den Turks- a Caicosinselen an 180 km nordnordwestlech d'Inselgrupp Inagua. D'Insel huet eng Ost-West-Ausdehnung vu 600 km an eng Nord-Süd-Ausdehnung vun 250 km. Se huet d'Form vun enger Hand, déi no Westen op ass, woubäi zwou Hallefinselen mat Bierger a Richtung Kuba bzw. an den Jamaica Channel weisen. Relativ flaach ass nëmmen den Osten an een Dall am Norden tëschent zwou Biergketten.
Politesch Andeelung [änneren]
Um ëstlechen Deel vun der Insel, dee méi grouss ass, läit haut d'Dominikanesch Republik, um méi klenge westlechen Deel d'Republik Haiti.
Bevëlkerung [änneren]
Mat ronn 20 Milliounen Awunner ass Hispaniola d'Antilleninsel mat der gréisster Bevëlkerung.
| Land | Fläch a km² | Awunner (2009) | Bevëlkerungsdicht (Aw. pro km²) |
|---|---|---|---|
| Dominikanesch Republik | 48.730 | 10.090.000 | 173 |
| Haiti | 27.750 | 9.776.206 | 352 |
| Hispaniola | 76.480 | 19.866.206 | 260 |
Ursprong vum Numm [änneren]
D'Einheimescher hunn d'Insel Aytí genannt, wourauser d'haiteg Bezeechnung „Haiti“ entstan ass. Haiti huet also ursprénglech déi ganz Insel bezeechent.
De Christoph Kolumbus huet d'Insel La Isla Española („déi spuenesch Insel“) genannt. D'Englänner hunn den Numm zu Hispaniola („Klengspuenien“) verballhornt.
D'Insel Hispaniola gouf an der Kolonialzäit politesch opgedeelt an e spueneschen Ostdeel, Santo Domingo (oder San Domingo) genannt no der Stad mam selwechten Numm, an e franséische Westdeel, Saint Domingue (oder Saint-Domingue). Aus dem ëstlechen Deel gouf d'Dominikanesch Republik an aus dem westlechen Deel Haiti, dat zäitweis an dat nërdlecht Nord-Haiti an d'südlech Mulatte-Republik gedeelt war.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Hispaniola – Biller, Videoen oder Audiodateien |