Turks- a Caicosinselen

Vu Wikipedia


Turks- a Caicosinselen

Fändel vun den Turks- a Caicosinselen

Wopen vun den Turks- a Caicosinselen

Detailer

Detailer
National Devise: God Save the King
Offiziell Sprooch: Englesch
 • Koordinaten: 21° 46’ 48’’ N
      71° 48’ 0’’ O
Staatsform: brittescht Iwwerséigebitt
Fläch: 417±1 km²
Bevëlkerung: 44.542
Nationalhymn: God Save the King
Wärung: US-Dollar
Zäitzon: UTC -4, -5
Internet TLD: .tc
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1649

D'Turks- a Caicosinselen, heiansdo och just Turks & Caicos genannt, sinn e brittescht Iwwerséigebitt op de Westindeschen Inselen, dat aus den zwou Inselgruppen Turksinselen a Caicosinsele besteet.

D'Turks- a Caicosinsele leie geographesch am Atlantik, ginn awer nach zur Karibik gezielt; se bilden d'südëstlech Ausleefer vun de Bahamas.

Ongeféier 150 km südlech läit d'Insel Hispaniola mat de Staaten Dominikanesch Republik an Haiti, 50 km südwestlech d'Inselgrupp Inagua déi zu de Bahamas gehéiert a 65 km nordwestlech d'Insel Mayaguana déi och zu de Bahamas zielt.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

  • „Turks“ gëtt vum heemesche Kaktus Melocactus intortus (Englesch Turk's cap cactus) ofgeleet;
  • „Caicos“ kënnt vun der Bezeechnung „caya hico“, déi d'Lucayaner (e Stamm deen zum Vollek den Arawak gehéiert) fir eng Inselkette gebraucht hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Turks- a Caicosinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien