Dominikanesch Republik
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Dominikanesch Republik, op Spuenesch República Dominicana, ass en Inselstaat, deen op der Insel Hispaniola an de Groussen Antillen tëschent dem Atlantik an der Karibik. En ëmfaasst den Osten an d'Mëtt vun der Insel, während de westlechen Deel zum Staat Haiti gehéiert.
[änneren] Sproochen
Déi offiziell Sprooch ass Spuenesch. An der Dominikanescher Republik liewe vill Leit mat haitianesche Wuerzelen, déi haitianescht Kreolesch an deelweis och Franséisch schwätzen. Am Nordoste vum Land lieft an der Stad Samaná eng engleschsproocheg Minoritéit vun ongeféier 8.000 Leit. Dobäi handelt et sech ëm d'Nokomme vun ehemolege Sklaven aus den USA, déi sech 1824 do néiergelooss hunn. Am Süden (San Pedro de Macorís) gëtt et och eng engleschsproocheg Minoritéit.
Déi spuenesch Sprooch, déi an der Dominikanescher Republik geschwat gëtt, ënnerscheed sech a ville Punkte vun där a Spuenien an huet eng Rei Ausdréck aus dem Spuenesche vun der Kolonialzäit bäibehalen. Op där anerer Säit ass d'Sprooch staark mat anglo-amerikaneschen Ausdréck vermëscht.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Dominikanesch Republik – Biller, Videoen oder Audiodateien |