Inselstaat

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Inselstaate weltwäit

En Inselstaat ass e Staat, den aus enger oder méi Inselen oder Deeler vun Insele besteet a mat kengem Deel zum Festland vun engem Kontinent gehéiert. Inselstaaten ënnerscheede sech doduerch vun de Bannen- a Küstestaaten.

Vun de momentan 193 vun de Vereenten Natiounen unerkannte souveräne Staate vun der Welt si 47, also ongeféier ee Véierel, Inselstaaten.

De flächeméisseg gréissten Inselstaat ass Indonesien, aner grouss Inselstaate sinn Japan, Neiséiland, Island, d'Philippinen, Kuba, d'Vereenegt Kinnekräich a Madagaskar.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools