Kuba

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


República de Cuba

Fändel vu Kuba

Wope vu Kuba

Detailer

Detailer
National Devise: Patria y Libertad
LocationCuba.png
Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Havanna
 • Awunner: 2 201 610 (2002)
 • Koordinaten: 23° 8′ 1" N,
82° 24′ 19" W
Staatsform:
 • President: Raúl Castro Ruz
Fläch: 110 860 km² (102.)
Bevëlkerung: 11 345 670 (70.)
 • Bevëlkerungsdicht: 102/km²
Onofhängegkeet: vu Spuenien 1898 erkläert, 1902 unerkannt
Nationalfeierdag: 1. Januar
Nationalhymn: La Bayamesa
Währung: Peso (CUP)
Konvertibele Peso (CUC)
Zäitzon: UTC -6
Internet TLD: .cu
Internationalen
Telefonsprefix
:
+53

Kuba ass en Inselstaat an der Karibik. D'Haaptstad ass Havanna (La Habana).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Cu-map.png

Kuba gehéiert zu de Groussen Antillen an ass mat 110.922 km² déi gréisst Insel an der Karibik. Am Norde grenzt si un den Atlantik an am Nordwesten un de Golf vu Mexiko. Havanna ass déi gréisst Stad an och Haaptstad vu Kuba. Aner grouss Stied si Santiago de Cuba, Holguín a Camagüey. Am Norde vu Kuba leien d'USA mam Bundesstaat Florida an am Westen déi mexikanesch Hallefinsel Yucatán.

D'Linn vun der Küst huet eng Längt vun 3.735 km. Am Südoste vu Kuba läit eng Exklav vun den USA, d'Grenz huet eng Längt vun 29 km. Dëst ass e Stützpunkt vun der Arméi: Guantanamo Bay.

Kuba läit op 0 m iwwer dem Mieresspigel vum Karibesche Mier an deen héchste Punkt ass de Pico Turquino an der Sierra Maestra mat 2.005 m Héicht.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Op Kuba ass tropescht Klima. D'Drëchenzäit geet vun November bis Abrëll an d'Reenzäit vu Mee bis Oktober.

Andeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Andeelunge vu Kuba

Kuba ass a 15 Provënzen agedeelt, dovun ass déi éischt eng speziell. Et sinn:

  1. Isla de la Juventud
  2. Pinar del Río
  3. La Habana
  4. Ciudad de La Habana
  5. Matanzas
  6. Cienfuegos
  7. Villa Clara
  8. Sancti Spíritus
  9. Ciego de Ávila
  10. Camagüey
  11. Las Tunas
  12. Granma
  13. Holguín
  14. Santiago de Cuba
  15. Guantánamo

Ausserdeem ass Kuba och nach an 169 Gemengen agedeelt.

Kuckt och: Lëscht vun de kubanesche Groussstied

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Kuba

Tëscht dem Joer 1000 v. Chr. bis 1000 n. Chr. sinn d'Arawk-Indianer agewandert. 1492 huet de Christoph Columbus Kuba fir déi spuenesch Kroun agehollt. Déi éischt afrikanesch Aarbechtssklave si 1522 ukomm. Am Joer 1553 gëtt Havanna Gouverneurssëtz, den Hafen Treffpunkt vun de Gold- a Sëlwertransportschëffer aus den neie spuenesche Koloniestaaten. 1762 huet England Havanna eruewert. E bësse méi spéit gouf et en Tosch mam spuenesche Florida. 1789 bis 1820 si franséisch Farmer virun der Revolutioun op der Nopeschinsel Haïti op Kuba geflücht. Kuba gëtt weltgréissten Zockerexporteur.

De Kapitol zu Havanna

1868 bis 1878 war den éischten Onofhängegkeetskrich géint Spuenien. Den zweeten Onofhängegkeetskrich war 1895 bis 1898 a gouf vum Máximo Gómez a vum José Martí géint Spuenien gefouert. D'USA hu sech agemëscht a Spuenien huet verluer. D'Onofhängegkeet vu Spuenien huet eng aner Ofhängegkeet matbruecht, an zwar déi vun den USA, déi sech hir Positioun zu Kuba festegen duerch hir Militärherrschaft an hiert "Interventiounsrecht".

Kuba gouf am Joer 1902 zur Republik erkläert. Duerch d'Zockerknappheet am éischte Weltkrich huet Kuba e Boom erlieft, deen awer an de Joren 1929 bis 1933 erëm nogeloss huet. 1924 Diktatur ënner dem G. Machado. Vun 1934 bis 1952 koume verschidde Presidenten un d'Muecht, dorënner och de Fulgencio Batista . Vun 1953 bis 1959 koum d'Widerstandsbewegung ënner dem Fidel Castro zustan. D'Rebelle sinn no verschiddene Réckschléi ënner dem Che Guevara zu Havanna amarschéiert. Den Diktator Batista ass aus Kuba geflücht. Zanter 1961 ass Kuba e sozialistescht Land. Opgrond vun der strategescher Lag vu Kuba eskaléiert 1962 de Konflikt tëscht den USA an der Sowjetunioun an der sougenannter Kubakris. Dora gouf Kuba e Spillball vun zwou Atommuechten.

1960 - 1976 war den Ufank vum US-Embargo an en Handelsofkommes fir den Zocker gouf mat der Sowjetunioun ofgeschloss.

Lëtzebuerger an der amerikanescher Arméi beim zweeten Onofhängegkeetskrich[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Kuba liewen ongeféier 11 Millioune Mënschen, dovu sinn der 66 % wäiss, 12 % schwaarz, 21,9 % si Mestizen an 0,1 % si Chinesen.

Reliounen[änneren | Quelltext änneren]

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun an domat dem Verloscht vum wichtegsten Handelspartner, huet Kuba missen nei Recette sichen. Dat sinn nieft dem Tourismus, mat 43 %, den Ubau vum Ananas an Zitrusfriichten an den Export vu Jus a Langusten, wou Kuba den zweetgréissten Exportateur vun der Welt ass. Nei Handelsofkomme si mat der EU, Latäinamerika a Kanada ofgeschloss ginn, soudatt de Maart fir den Export vun Zocker (25%), Tubak, Kakao a Kaffee sech stabiliséiert huet. Kuba ass och nach den zweetgréissten Exportateur vun Néckel op der Welt. Den US-Embargo, deen an de 60er Joren iwwer Kuba verhaange gouf, dauert haut nach un.

Tubak[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem gënschtege Buedem wiisst am Weste vu Kuba an der Provënz Pinar del Río dee beschten Tubak op der Welt. D'Zigare ginn op der Hand hiergestallt, woubäi d'Blieder no dräi Méint gepléckt, dann zortéiert an dann an Dréchespäichere gedréchent ginn. Déi bescht Blieder sinn d'hojas negras.

Zocker[änneren | Quelltext änneren]

Den Zockerrouer gouf am spéiden 18. Joerhonnert vum Christoph Columbus agefouert. 1971 war Kuba weltgréissten Zockerproduzent. Während dem éischte Weltkrich waren d'USA déi gréisst Importateuren. No der Revolutioun huet d'Kuba dunn awer d'Sowjetunioun mat Zocker beliwwert. Am Moment ass den Zocker en Tauschprodukt mat den neien Handelspartner wéi d'EU a Kanada. D'zafra ass Enn November bis Mee a gëtt nach op der Hand gemaach. D'Zockerrouerstaange gi wa se ausgepresst ginn de Jus guarapo, aus deem duerno Rouerzocker gëtt. DeMëlass deen aus dem Jus nom Kachen a Botzen entsteet gëtt benotzt fir Rum hierzestellen.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Déi bedeitendst kubanesch Auteure sinn de José Martí, den Alejo Carpentier, den Nicolás Guillén an de José Lezama Lima. De José Martí, am bekanntsten a Latäinamerika, ass vill gereest an huet e risegt Wierk vu Bréiwer, Rieden, Essayen a Gedichter hannerlooss, während hien ënner der politescher Repressioun gelidden huet an och ganz fréi am Fräiheetskampf fir Kuba gestuerwen ass.

Zu de moderne Schrëftsteller zielen de Miguel Barnet, deen d'Buch Cimarrón geschriwwen huet, an de Guillermo Cabrera Infante.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

D'Musek vu Kuba ass afrospuenesch an deelweis och franséisch beaflosst ginn. Säit dem Film Buena Vista Social Club ass de Son, fréier den Danzón, erëm d'Markenzeeche vu Kuba. Dee gréisste Museker war de Benny Moré. Hien ass mat 43 Joer gestuerwen a seng Kompositiounen hunn d'Entwécklung vum Salsa staark beaflosst. Dat bekanntst kubanescht Lidd ass Guantanamera, vum José Martí geschriwwen.

Film[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst kubanesch Filmgesellschaft ass den ICAIC (Instituto Cubano del Arte e Industira Cinematográficos), deen deelweis vum kolumbianeschem Literaturnobelpräisdréier Gabriel García Márquez geleet gouf. De Film Fresa y chocolate, ënner der Regie vum Tomás Gutiérrez Alea an dem Juan Carlos Tabío, ass den erfollegräichste Film deen zu Kuba produzéiert gouf.

Kubanesch Kichen[änneren | Quelltext änneren]

D'kubanesch Kiche besteet haaptsächlech aus Cocktailler, Fësch, Gefligel a Crustacéeën. Traditionell kubanesch sinn awer och Zoppen, déi e spuenesch-maureschen Afloss hunn. Derbäi gëtt dacks Räis mat schwaarze Bounen (arroz moro) a frittéiert Bananen (Plátanos) zerwéiert. D'Nationalgedréncks ass de Mojito. Bekannt sinn awer och den Daiquiri an de Cuba Libre. Si all gi mat Rum préparéiert, deen zu Kuba hiergestallt gëtt. Bekanntste Mark ass hei den Havanna Club, weltwäit ass et awer de Bacardí.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kuba – Biller, Videoen oder Audiodateien