Gabriel García Márquez

Vu Wikipedia
Gabriel García Márquez
Gebuertsnumm Gabriel José de la Concordia García Márquez
Gebuer 6. Mäerz 1927
Aracataca
Gestuerwen 17. Abrëll 2014
Mexiko-Stad
Doudesursaach béisaartege Lymphom
Nationalitéit Kolumbien
Aktivitéit Romancier, Novellist, Journalist, Dramatiker, Schrëftsteller, Editeur, Juristesche Schrëftsteller, Autobiograph, Dréibuchauteur, Prosaist, Publizist
Member vun Akademie der Künste der DDR
Famill
Bestuet mat Mercedes Barcha Pardo
Kanner Rodrigo García


De Gabriel José de la Concordia García Márquez, gebuer de 6. Mäerz 1927 zu Aracataca, Kolumbien, a gestuerwen de 17. Abrëll 2014 zu Mexiko-Stad, Mexiko; a Latäinamerika dacks als Gabo bekannt (der Kuerzform vu sengem Virnumm), war e kolumbianesche Journalist an Auteur vu Romaner, Kuerzgeschichten an Dréibicher.

Hie gëtt zu deenen aflossräichste Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert gezielt, a gouf 1982 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent[1]. Hien huet säin Droitsstudium ënnerbrach fir Journalist ze ginn, an huet vu fréi un déi kolumbianesch Politik kritesch beschriwwen. 1958 huet hie sech mat der Mercedes Barcha bestuet; si kruten 2 Jongen.

De García Márquez huet eng ganz Rëtsch Essayen a Kuerzgeschichte geschriwwen, déi him vill Luef abruecht hunn. Am bekanntsten ass hien awer fir seng Romaner, wourënner Cien años de soledad ("Honnert Joer eleng", 1967), El otoño del patriarca ("Den Hierscht vun engem Patriarch", 1975), Crónica de una muerte anunciada ("Chronik vun engem ugekënnegten Doud", 1981), an El amor en los tiempos del cólera ("Léift an den Zäite vun der Cholera", 1985) dee meeschte Succès haten. Hien huet a senge Romaner e literaresche Stil populär gemaach, dee magesche Realismus genannt gëtt, an deem magesch Elementer mat realistesche Beschreiwunge vum Alldag verbonne ginn. Verschidde vu senge Wierker spillen an der fiktionaler Uertschaft Macondo (déi zu grousse Stécker u seng Gebuertsstad Aracataca erënnert), an déi meescht vun hinne setze sech mam Theema vum Eleng-Sinn auserneen.

Wierker (Auswiel, mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung an dem Numm vum Iwwersetzer)[änneren | Quelltext änneren]

  • La Hojarasca, dt. Laubsturm (Roman, 1955)
  • Relato de un náufrago, dt. (Gerda Schattenberg): Bericht eines Schiffbrüchigen (Reportage, 1955, dt. 1982)
  • Un día después del sábado, dt.: Ein Tag nach dem Samstag (Roman, 1955)
  • El coronel no tiene quien le escriba, dt.: Der Oberst hat niemand, der ihm schreibt (Roman, 1961)
  • La mala hora, dt. (Ana Maria Brock, Curt Meyer-Clason): Unter dem Stern des Bösen oder Die böse Stunde (Roman, 1961)
  • Los funerales de la Mamá Grande, dt. (Curt Meyer-Clason): Das Leichenbegängnis der Großen Mama (Erzielungen, 1962, dt. 1974)
  • Cien años de soledad, dt.: Hundert Jahre Einsamkeit (Roman, 1967, dt. 1970)
  • Monólogo de Isabel viendo llover en Macondo (Roman, 1968)
  • La increíble y triste historia de la cándida Eréndira y de su abuela desalmada, dt.: Die unglaubliche und traurige Geschichte von der einfältigen Eréndira und ihrer herzlosen Großmutter (Kuerzgeschicht, 1972)
  • Cuando era feliz e indocumentado (Roman, 1973)
  • Augen eines blauen Hundes: frühe Erzählungen (Erzielungen, 1974)
  • El otoño del patriarca, dt. (Curt Meyer-Clason): Der Herbst des Patriarchen (Roman, 1975, dt. 1978)
  • Todos los cuentos (1947–1972) (Erzielungen, 1976)
  • Crónica de una muerte anunciada, dt.: Chronik eines angekündigten Todes (Roman, 1981, dt. 1981)
  • Textos costeños (Erzielungen, 1981)
  • ¡Viva Sandino!, dt.: Die Geiselnahme (Dréibuch, 1982)
  • El olor de la guayaba, dt. (Tom Koenigs): Der Geruch der Guayave (Gespréich, 1982)
  • El secuestro (Roman, 1982)
  • El asalto: el operativo con el que el FSLN se lanzó al mundo (Roman, 1983)
  • Erendira (Erzielung, 1983)
  • La aventura de Miguel Littín clandestino en Chile, dt. (Ulli Langenbrinck): Das Abenteuer des Miguel Littín – Illegal in Chile (Reportage, 1986)
  • El amor en los tiempos del cólera, dt. (Dagmar Ploetz): Die Liebe in den Zeiten der Cholera (Roman, 1985, dt. 1987)
  • El general en su laberinto, dt. (Dagmar Ploetz):Der General in seinem Labyrinth (Roman, 1989)
  • Doce cuentos peregrinos, dt. (Dagmar Ploetz und Dieter E. Zimmer): Zwölf Geschichten aus der Fremde (1992)
  • Diatriba de amor contra un hombre sentado (Theaterstéck, 1994)
  • Del amor y otros demonios, dt. (Dagmar Ploetz): Von der Liebe und anderen Dämonen (Roman, 1994)
  • Noticia de un secuestro, dt. (Dagmar Ploetz): Nachricht von einer Entführung (Reportage, 1996)
  • Obra periodística 1: Textos costeños (1948–1952)
  • Obra periodística 2: Entre cachacos (1954–1955)
  • Obra periodística 3: De Europa y América (1955–1960)
  • Obra periodística 4: Por la libre (1974–1995)
  • Obra periodística 5: Notas de prensa (1980–1984)
  • Vivir para contarla, dt. (Dagmar Ploetz): Leben, um davon zu erzählen (Autobiographie, 2002)
  • Memoria de mis putas tristes, dt. (Dagmar Ploetz): Erinnerung an meine traurigen Huren, Roman, Kiepenheuer & Witsch, Köln 2004, ISBN 3-462-03452-9.
  • Das Licht ist wie das Wasser – Geschichten von der Liebe und anderen Dingen Erzielungen, Fischer Taschenbuch, Frankfurt am Main 2006, ISBN 978-3-596-85232-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel García Márquez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "The Nobel Prize in Literature 1982" op nobelprize.org.