Fidel Castro

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Fidel Castro 2003 zu Havanna virum José Martí-Monument

De Fidel Alejandro Castro Ruz [fiˈðɛl ˈkastɾɔ ˈrus], gebuer den 13. August 1926[1] zu Birán bei Mayarí an der deemoleger kubanescher Provënz Oriente, war vun 1959 bis 2008 Regierungschef a vun 1976 bis 2008 Staatspresident vu Kuba.

Famill, Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Fidel Castro huet seng éischt Joren op enger Farm vun enger räicher awer ongewéinlecher Famill gelieft. Hien, genee wéi seng Geschwëster, gëtt niewelaanscht gebuer. De Papp, den Angel Castro y Argiz e räiche Grondbesëtzer, war een agewanderte galizeschen Analphabet, an d'Mamm war sengem Papp seng kreolesch Haushälterin. Mat 5 Joer gëtt hien an d'Jesuiteninternat Collegio La Salle zu Santiago de Cuba gestach. Am Januar 1935 gëtt hie gedeeft mat der Bemierkung : Papp onbekannt. Eréischt am Dezember 1943 gëtt hien offiziell vu sengem Papp unerkannt an dréit vun deem Moment un den Numm Castro. Säi 4 Joer méi jonke Brudder Raúl Castro ass eigentlech säin Hallefbrudder. Seng Mamm soll hie vun engem Serjant, deen hallef Neger an hallef Chinees war, gehat hunn.

Méi spéit kënnt hien an d'Jesuiteschoul Belén op Havanna an duerno 1945 op d'Universitéit vun Havanna. 1950 schléisst hie seng Studien am Droit mat engem Diplom of. Virdrun, 1947, war hie mat dobäi wéi probéiert gouf den dominikaneschen Diktator Rafael Trujillo ze stierzen. 1948 war hie bei den Onrouen, déi vun extrem-lénkse Bewegungen zu Bogotá géint d'Kreatioun vun der OEA (Organización de los Estados Americanos) ugestëft goufen dobäi. Säin Dram ass et déi onerleedegt Revolutioun vum kubaneschen Nationalheld José Martí zu Enn ze féieren.

No senge Studie trëtt hien arméierten Aktivistenorganisatioune bäi, déi sech dacks mäerderesch Schluechte mat rivaliséierende Bande geliwwert hunn. Eent vun de ville Gerüchter déi et ronderëm de Fidel an där Zäit gëtt, ass, datt hien ee vum KBG bezuelten Agent gewiescht wier, wat awer net vun den Historiker, déi d'kubanesch Revolutioun studéieren, confirméiert gëtt. Am Oktober 1948, bestit hie sech mat der Mirta Diaz Balart, aus enger räicher Famill. Hire Brudder gëtt spéider Inneminister ënner dem President Fulgencio Batista . D'Bestietnes dauert nëmme bis 1955.

Éischt politesch Schrëtt am Ënnergrond[änneren | Quelltext änneren]

1952 wëllt hie sech, als Kandidat vun der orthodoxescher Partei, fir d'Parlamentswal opsetzen. Allerdéngs huet de Stuerz vun der Regierung Carlos Prio Soccarras duerch ee Putsch vum Fulgencio Batista, d'Wal annuléiert. De Castro verklot de Batista wéinst Verfassungsbroch. Seng Klo gëtt awer verworf. Dat Joer drop versicht hie selwer de Batista duerch ee Putsch ofzesetzen. De 26. Juli 1953 probéiert hie mat enger Grupp vun 810 bewaffneten Zaldoten d'Kasär vu Moncada ze stiermen. Dat ass voll an d'Box gaangen. D'éischt ass hiren Transportcamion hinnen ëmgekippt, woduerch den Iwweraschungsmoment verluer war, dobäi hu si och nach de Coiffersalon vun der Kasär amplaz d'Waffekummer gestiermt. Déi meescht vu senge Matkämpfer sinn erschoss oder verhaft, an zum Doud veruerteelt ginn. De Castro selwer kritt als Strof 15 Joer Zwangsaarbecht op der Isla de Pinos. Um Geriicht deemools kënnt et dann zum Castro senger berühmter Ried „ D'Geschicht wäert mech fräispriechen…“. Am Mee 1955 erléisst de Batista eng Generalamnestie fir all politesch Gefaangen, an de Castro geet an de mexikaneschen Asyl wou hien d'“Bewegung vum 26.Juli“ grënnt. Den Numm ass gewielt als Referenz un dee verpasste Putsch vum 26.Juli 1953. D'Haaptzil vun der Bewegung ass d'Eliminatioun vum Batista. Hie léiert do den Che Guevara an aner Revolutionäre kennen, déi hien ënnerstëtzen. De 26.November fiert de Castro mat 81 aner kubaneschen Exilanten an dem Che Guevara mat der Yacht „Granma“ vun Tuxpan, Veracruz, Richtung Kuba. Wéi si den 2.Dezember op der Playa Las Colorados ukommen, waarden dem Batista seng Truppe schonn op si. Net méi wéi 20 vun de Rebellen iwwerliewen a kënnen an d'Bierger vun der Sierra Maestra flüchten. Ënner hinne sinn de Fidel Castro, säi Brudder Raul, den Che Guevara an de Camilo Cienfuegos. Si hu séier d'Ënnerstetzung vum ländleche Vollek kritt, an dem Castro seng Arméi ass méi grouss ginn. Vun hirem Lager an de Bierger hu si e Guerillakrich géint dem Batista seng Arméi gefouert. A vill anere Gebidder vun der Insel sinn och Widderstandsgruppen entstanen. No an no sinn si mat dem Castro senger fusionéiert, déi dunn iwwer 800 Mann staark ass. Duerch d'Press ass an Amerika dem Castro säi Kampf bekannt ginn. Hien huet sech an den Interviewen als grousse Fräiheetskämpfer an Demokrat duergestalt. Hien huet sou ee grousse Charisma ausgestraalt, datt ee vu senge fréiere Matkämpfer gesot huet: "Wann hie seng Hand op deng Schëller leet, da sees du an zéng Minutten zu allem Jo." Den 28. Mee 1958 fänkt de Batista ee groussen Ugrëff „Operation Verano“ géint de Castro an all déi aner Widderstandsgruppen am Land un. Obschonn de Castro zueleméisseg wéit ënnerleen ass, eruewert hie schliisslech den 8. Januar 1959 Havanna. De Batista ass virdrun an d'Dominikanesch Republik geflücht. De Castro gëtt neie Ministerpresident vu Kuba.

De Staatschef[änneren | Quelltext änneren]

Amerika erkennt dem Castro seng nei Regierung séier un. Allerdéngs verschlechtert sech d'Bezéiung zwëscht den zwéi Staaten a kuerzer Zäit, wéi de Castro Fabrécken a Plantatioune verstaatlecht. Seng elterlech Farm ass iwregens, eng vun deenen éischten, déi verstaatlecht gëtt. D'Endresultat ass, datt d'amerikanesch Wirtschaft hir Dominatioun op der Insel verléiert, an dat Kuba sech ëmmer méi enk un d'Sowjetunioun bënnt. Den 3.Januar 1961 briechen d'USA hir diplomatesch Bezéiunge mat Havanna. De 16.Abrëll deklaréiere si Kuba als ee sozialistesche Staat. Eng bedeitend Zuel vu besser situéierte Kubaner hate scho virdrun d'Insel verlooss.

Vun den Amerikaner ausgebilten an arméierten Exilkubaner dréngen, dee selwechte Mount an der Schwengsbucht op der Südküst, an, fir de Castro ze stierzen. Allerdéngs huet d'kubanesch Arméi kee Problem den Ugrëff ofzewieren. De Castro gëtt duerch déi Victoire nach méi beléift bei senge Leit.

Am Februar 1962 operleeën d'USA een [Wirtschaftsembargo], dee bis haut undauert. Kuba verbënnt sech ëmmer weider mat der UdSSR, déi ufänken Atomwaffen op der Insel unzesiddelen. Deen deemolegen amerikanesche President John F. Kennedy verlaangt den direkten Ofrëss, a stellt Kuba ënner Karantän. E méiglechen Atomkrich kann just vermidde ginn, well d'Russen noginn. De Castro soll, dem kubanesche Geheimdengscht no, méi wéi 600 Mol engem Attentat vun der CIA entgaange sinn, wourop hie bis haut mächtech Stolz ass.

Am Dezember 1979 gëtt hie Staatspresident nodeem d'Plaz vum Ministerpresident ofgeschaaft ass.

Säin Haaptverdéngscht ass d'Schafe vun 10.000 neie Schoulen, woumat hien den Analphabetismus eliminéiert huet, an d'Aféiere vun engem virbildleche Gesondheetsystem. Am Fong huet hie sech ëmmer als eng Aart Messias gesinn, dee seng Idealer fir d'éischt mat Wierder an du mat Waffen erreeche wollt. 15 Joer laang huet hien Zaldoten an Angola an an Ethiopien geschéckt. Virun allem huet hien awer d'Fréiheetskämpf a Latéinamerika ënnerstëtzt. 1979 hunn am Ganze 35 Länner militäresch oder zivil Hëllef vu Kuba kritt. Anerersäits, huet hien doheem fréier Rechter ofgeschaaft wéi d'Streikrecht, d'Fräiheet vun der Press an huet ugefaangen reliéis Communautéiten ze drangsaléieren. Honnertdausende vun Kubaner sinn doroberhin, géintiwwer a Florida geflücht. Am Ausland gëtt hie vu senge Kritiker „Leader Maximo“ genannt, a Kuba selwer war hien den „El Commandante“ oder einfach de „Fidel“.

De Fall vum Kommunismus 1989 a Russland huet d'kubanesch Wirtschaft an d'Labränte bruecht. De Castro ass deelweis gezwonge ginn fir etlech Kapitalisten d'Land opzemaachen an beschränkt Privatfirmen z'erlaben. A senge 50 Joer un der Spëtzt vum Land war hie quasi ëmmer am Stréit mat der kathoulescher Kierch , an dach empfänkt hien am Januar 1998 de Poopst, Jean-Paul II. op Kuba.

Seng Gesondheet an säin Ofdanken[änneren | Quelltext änneren]

Vum Enn den 90er Joren un, ass seng Gesondheet staark ugegraff. Si ass permanent een Thema an der Weltpress. Den 31.Juli 2006 gëtt op der kubanescher Tëlee d'Noriicht verlies, dat dem Castro säi Brudder Raul zäitweilig den neie Chef vum Land ass. Den „El Commandante“ ass mat enger Mo-Daarm Bluddung operéiert ginn. Vun do un gesäit een hien nëmme méi op Fotoen an op kuerze Videofilmer mat sengen auslännesche politesche Frënn. D'Polit-Ikon Fidel gëtt definitiv, den 19.Februar 2008, d'Muecht u säi 76 Joer alen Brudder Raul of. Dat geschitt duerch eng Meldung an der Internetzeitung „Granma“ vun der kubanescher kommunistescher Partei. Hie schreift doran: „Ech wëll ni méi d'Plaz vum Staatspresident ustriewen oder unhuelen – Ech widderhuelen ni méi-. Ech géif mäi Gewësse verroden eng Verantwortung z'iwwerhuele fir eppes wat meng ganz Mobilitéit a mäi ganzen Asaz verlaangt.“

Besonnesches aus sengem beweegte Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Bréif vum jonke Castro 1949
  • Scho mat zwielef Joer huet hien dem US President Franklin D. Roosevelt ee Bréif geschéckt. Hei den Text op Lëtzebuergesch:

Colegio de Dolores Santiago de Cuba

6.November 1940 Mr. Franklin Roosevelt President of the United States

Mäi léiwe Frënd Roosevelt. Ech kann net vill englesch, ma ech kann grad genuch fir dir ze schreiwen. Ech lauschteren gär de Radio, an ech si frou héieren ze hunn, datts du President fir eng nei Period goufs. Ech sinn zwielef Joer al. Ech sinn e Bouf, ma ech denken, ma ech mengen net dem President vun Amerika ze schreiwen. Wann ech gelift kanns du mir een zéng Dollarschéin an engem Bréif schécken, well ech nach ni ee gréngen amerikaneschen zéng Dollarschéin gesinn hunn, an ech well ee vun deenen hunn.
Meng Adress ass : Här Fidel Castro
Colegio de Dolores
Santiago de Cuba, Cuba
Ech kann net vill englesch, ma ech kann ganz gutt spuenesch an ech huelen un du kanns net vill spuenesch, ma du kanns vill englesch, well du bass jo Amerikaner an ech net.
Merci villmools an awar mäi Frënd.
Wann s du Eise wëlls fir deng Schëffer, weisen ech dir déi gréisst Eiseminne vum Land. Si sinn zu Mayari am Oste vu Cuba.

  • Mat 13 Joer wërft hie sengem Papp Ausbeuterei vir, a versicht d'Aarbechter op hirer Zockerfarm zum Streik opzestëppelen.
  • 1949 kritt hien als éischte Latäinamerikaner, 5000 Dollar an de Grapp, fir ee Profisvertrag als Baseballspiller bei den "New York Giants" z'ënnerschreiwen. Zum Erstaune vun den Amerikaner huet hien e refuséiert.
  • Hie war säi ganzt Liewe laang de gebuerene Riedner, a besonnesch wéinst der Längt vu senge Riede bekannt. Domat huet hie seng Nolauschterer dacks méi midd gemaach wéi sech selwer. Sou huet hien de Weltrekord vun der längster Ried an der UNO zu New York, 4 Stonnnen an 29 Minutten (29.September 1969). Seng längst Ried iwwerhaapt war 1986 um drëtte kommunistesche Parteikongress zu Havanna, 7 Stonnen an 10 Minutten, an dat am Stoen. 2001, iwwerdeems hie virun Aarbechter geriet huet, ass hien allerdéngs eng Kéier ëmgefall. D'Schold fir déi eemoleg Schwaachheet huet hien der Sonn an der Hëtzt ginn.
  • Seng Männlechkeet huet och näischt ze wënschen iwwreg gelooss. Hien huet mindestens 8 Kanner gehat. Biographie soen hien hätt der 13 gehat, mat wéinstens 7 verschiddene Partnerinnen. Säin eelste Jong, de Fidel Castro Diaz-Balart, ass wéi dem Papp aus dem Gesiicht geschnidden. Hie gëtt Fidelito genannt, an ass een, a Russland ausgebilten, Nuklearphysiker. Seng onehelech Duechter, d'Alina Fernandez, ass als Touristin verkleet vun der Insel ugedréckt, an ass op hirem eegene Radiosender zu Miami eng grouss Castro-Kritikerin ginn. Mat senger zweeter Liewespartnerin Dalia Soto huet hie 5 Jongen deenen hir Virnimm all mam Buschtaf „A“ uginn. De jéngsten, den Antonio, war mol Dokter vun der kubanescher Baseball-Nationalmannschaft
  • Ee Fraenheld war de Castro ëmmer. Richteg bestuet hue hie sech nëmmen eemol, am Alter vun 22 Joer, mat der Mirta Diaz-Balart. Seng aner kekannte Partnerinne sinn:

- Natty Revuelta : Mamm vum Alina, dat séi Papp op sengem Radiosender aus dem Eil "Tyrann" vernennt.
- Maria Lorenz, eng Bremerin déi vum CIA ufanks ugestallt war hien ëmzebréngen.
- Cecilia Sanchez, seng Sekretärin met där hien 20 Joer zesumme war
- Dalia Soto del Valle mat der hie säit den 80er Joren zesummen ass, a 5 Kanner huet.
All seng Fraen hate meeschtens brongelzeg oder blond Hoer a waren ëmmer schéin oder gescheit, dacks béides.

  • No der englescher Kinnigin Elizabeth II. an dem Kinnek Bhumipol vun Thailand , ass de Castro dee Staatschef deen am drëttlängsten am Déngscht war, nämlech 50 Joer.
  • Hie war e leidenschaftlechen Zigarefëmmert bis 1985, wéi hie mat fëmmen opgehalen huet. Spéider seet hien : “Dat bescht wat ee mat enger Zigarekëscht maache kann, ass, si sengem Feind schenken.“
  • Berühmt ass hien och nach fir ee vu sengen Notzdéiere Projeten. Dat war eng Kou mat dem Numm, „Ubre Blanca“ (Wäissen Auder). Si ass an d'Buch vun de Guiness Rekorder agaangen, als d'Kou mat der héchster Mëllechsproduktioun an zwar 110 Liter am Dag. Si war d'Aushängeschëld vum kubanesche Bauerekollektiv an den 80er Joren.

E puer vu sengen Aussoen zu verschidden Themaen[änneren | Quelltext änneren]

Revolutioun : D'Revolutioun ass kee Bett mat Rousen. D'Revolutioun ass de Kampf zwëscht der Vergaangenheet an der Zukunft. D'Revolutioun ass eng Diktatur vun den Ausgebeuteten iwwer d'Ausbeuter.

Kritik All Kritik ass Oppositioun. All Opositioun ass konterrevolutionär.

Kathoulesch Kierch Als Bouf huet méi Papp mech geléiert e gudde Katholik ze ginn. Ech hunn ëmmer missen an d'Kierch beichte goen, wann ech knaschteg Gedanke bei Meedercher hat. Sou hunn ech all owens an de Beichtstull musse rennen. Ëmmer an ëmmer. No enger Woch, hunn ech decidéiert datt d'Relioun näischt fir mech war.

Seng laang Rieden Ech kommen zur Conclusioun, vläicht e besse spéit, dat meng Riede solle méi kuerz sinn.

Jesus Christus Ech hunn ni fonnt, datt meng Iddien, deene vun der aussergewéinlecher an emblematescher Figur, déi do heescht Jesus Christus, widdersprach hunn.

Schiksal De Mënsch prägt d'Schiksal net. D'Schicksal fabrizéiert de Mann fir d'Stonn.

Kapitalisten Si schwätzen iwwer d'Scheitere vum Sozialismus, ma wou ass den Erfolleg vum Kapitalismus an Afrika, Asien a Latäinamerika?

Ënnerdréckung. Souguer déi Doudeg kënnen net an engem ënnerdréckte Land a Fridde rouen.

Iwwer déi vill gescheitert Attentaten op hien. Ech hunn een echte Problem. Wann ech eemol dout sinn, da gleeft keen et.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fidel Castro – Biller, Videoen oder Audiodateien

... Texter vun de Rieden

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]