Politesch Revolutioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng politesch Revolutioun ass eng duerch friddlech oder militant Mëttel erzwonge grondleeënd Ännerung vun enger bestehender staatlecher Uerdnung an ziilt meeschtens op d'Aféierung vun engem neie politesche System, Staatsform oder d'Neibesetzung vun deenen, déi d'Staatsgewalt ausüben. Dës Ännerungen geschéie baussent der Rechtsrumm vum ale System, d. h. no hiren Definitiounen op illegal Manéier.

De Begrëff Revolutioun staamt aus dem 15. Joerhonnert vum spéitlaténgesche revolutio (Zréckwälzen, Ëmdréiung). An enger éischter Phase gouf de Begrëff an der Astronomie agesat als Bezeechnung fir den Ëmlaf vun den Himmelskierper. Spéider koum d'Wuert och allgemeng fir „Verännerung, Neierung“ an de Gebrauch. Eréischt am 17. Joerhonnert an England an am 18. Jh. duerch déi Franséisch Revolutioun krut d'Wuert déi haiteg Bedeitung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]