1959
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1954 | 1955 | 1956 | 1957 | 1958 | 1959 | 1960 | 1961 | 1962 | 1963 | 1964
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1959
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 8. Januar: Frankräich: De Charles de Gaulle gëtt President vun der franséischer Republik.
- 11. Juli: Ofkommes tëscht der Bundesrepublik Däitschland a Lëtzebuerg iwwer Krichsentschiedegung vum Zweete Weltkrich.
- 20./21. Juli: 7 Länner decidéieren, eng Europäesch Fräihandelsassociatioun (EFTA) ze grënnen.
- 2. Dezember: De Barrage vu Malpasset (Südfrankräich) bascht. Ca. 421 Mënsche stierwen duerch d'Waassermassen.
Lëtzebuerg
- 1. Februar: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtzer, d'LSAP der 17, d'DP der 11 an d'KPL der 3.
- 2. Mäerz: D'Regierung Werner-Schaus I, eng Koalitioun aus CSV an DP, gëtt vereedegt.
- 19. Oktober: Éischt deeglech Emission vum lëtzebuergesche Programm vun RTL op UKW am Kanal 18.
Afrika [änneren]
- 1. Mee: De Félix Houphouët-Boigny gëtt Premierminister an der Côte d'Ivoire.
- 1. Mee: De Philibert Tsiranana gëtt President a Madagaskar
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 3. Januar: Alaska gëtt den 49. Bundesstaat vun den USA.
- 21. August: Hawaii gëtt de 50. Bundesstaat vun den USA.
De Fidel Castro 1959
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 1. Januar: De kubaneschen Diktator Fulgencio Batista flücht an d'Ausland.
- 2. Januar: Den Che Guevara an de Camilo Cienfuegos réckele mat hire Revolutiounstruppen Bewegung vum 26. Juli (M-26-7) zu Havanna an. De Fidel Castro kënnt den 8. Januar no.
- 13. Februar: De Fidel Castro gëtt Ministerpresident vu Kuba.
Asien [änneren]
- D'China annektéiert den Tibet, de 14. Dalai Lama geet an Indien an de Exil.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Recontres du veilleur.
Musek [änneren]
- 11. Mäerz: D' Teddy Scholten gewënnt fir Holland mam Lidd Een beetje de 4. Eurovision Song Contest zu Cannes.
Kino [änneren]
- Battle of the Coral Sea vum Paul Wendkos.
- Ballada o soldate (Ballad of a soldier) vum Grigori Chukra.
- Die Brücke vum Bernhard Wicki.
- La vache et le prisonnier vum Henri Verneuil
- Babette s'en va-t-en guerre vum Christian-Jacque
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 13. September: Déi sowjetesch Lunik 2 erreecht de Mound.
Sport [änneren]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Konter an Albert Schaack geschoss.[1]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu 's-Hertogenbosch 0:4 géint Holland.[2]
- 24. Mee:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, an engem Jubileeëmsmatch fir 50 Joer FLF, 3:1 géint England. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli a Léon Letsch (2) geschoss.[3]
- 17. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.[4]
- 30. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Aalst 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[5]
- 4. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[6]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Dijon, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 0:1 géint Frankräich.[7]
Gebuer [änneren]
- Viveca Sten, schwedesch Schrëftstellerin.
- Andreas Wirsching, däitschen Historiker.
- 1. Januar: Michel Onfray, franséischer Philosoph.
- 1. Januar: Serge de Waha, lëtzebuergesche Fotokënschtler a Konschterzéier.
- 22. Januar: Linda Blair, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. Februar: Barbara Auer, däitsch Schauspillerin.
- 9. Februar: Ali Bongo, Politiker aus Gabun, Staatspresident.
- 16. Februar: John McEnroe, US-amerikaneschen Tennisspiller.
- 20. Februar: Henri Bossi, lëtzebuergesch Foussballspiller an -trainer.
- 13. Mäerz: Luc Ewen, lëtzebuergesche Fotograf.
- 16. Mäerz: Jens Stoltenberg, norwegesche Politiker a Staatsminister.
- 18. Mäerz: Luc Besson, franséische Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Irene Cara, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 3. Abrëll: Jane Goodall, Primatefuerscherin.
- 12. Abrëll: Andy Bausch, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 15. Abrëll: Emma Thompson, britesch Schauspillerin.
- 16. Abrëll: Tung-Wen Margue, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 27. Abrëll: Sheena Easton, britesch Sängerin.
- 30. Abrëll: Stephen Harper, kanadesche Politiker.
- 4. Mee: Paul Diederich, lëtzebuergesche Mathematiksprofesser a Mykolog.
- 4. Mee: Inger Nilsson, schwedesch Schauspillerin.
- 14. Mee: Patrick Bruel, franséische Sänger a Schauspiller.
- 17. Mee: Janez Drnovšek, slowenesche Politiker.
- 18. Mee: Ranga Yogeshwar, lëtzebuergesche Physiker an Televisiouns-Presentateur vu Wëssenschaftssendungen.
- 26. Mee: Ole Bornedal, Filmregisseur.
- 13. Juni: Bojko Borissow, bulgaresche Politiker.
- 19. Juni: Christian Wulff, däitsche Politiker.
- 21. Juni: Carmen Heyar, lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Journalistin a Bibliothekarin.
- 24. Juni: Gianni Di Pentima, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Juni: Arny Schmit, lëtzebuergesche Moler.
- 30. Juni: Daniel Goldhagen, US-amerikanesche Soziolog a Politolog.
- 2. Juli: Iris Radisch, däitsch Journalistin an Tëlees-Moderatorin.
- 6. Juli: Octav Firulescu, rumänesche Komponist.
- 9. Juli: Alain Zeimet, lëtzebuergesche Medeziner an Onkolog.
- 11. Juli: Suzanne Vega, US-amerikanesch Liddermécherin.
- 12. Juli: Tupou VI. , Kinnek vun Tonga.
- 15. Juli: Anne Fontaine, franséisch Schauspillerin, Regisseurin an Dréibuchauteur.
- 26. Juli: Kevin Spacey, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. August: Rosanna Arquette, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. August: Nico Bremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. September: Michel Margue, lëtzebuergeschen Historiker.
- 30. September: Fernand Kartheiser, lëtzebuergesche Politiker, Militärwëssenschaftler an Auteur.
- 1. Oktober: Youssou N’Dour, senegalesesche Sänger.
- 8. Oktober: Claude Michely, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 8. Oktober: Carlo Schmitz, lëtzebuergesche satireschen Zeechner a Graphiker.
- 26. Oktober: Evo Morales, bolivianesche Politiker.
- 6. November: Josée Kirps, lëtzebuergesch Historikerin a Linguistin.
- 20. Dezember: Kazimierz Marcinkiewicz, polnesche Politiker.
- 4. Oktober: Romain Nati, lëtzebuergesche Pneumolog a Member vum Staatsrot.
- 26. Oktober: Evo Morales, bolivianesche Politiker a President.
- 5. November: Bryan Adams, kanadesche Sänger a Komponist.
- 7. Dezember: Guy Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. November: Rol Gelhausen, lëtzebuergeschen Auteur vu Kabaretsprogrammer.
- 12. Dezember: Patrick Hastert, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 14. Dezember: Hubert Meunier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Dezember: Florence Griffith-Joyner, US-amerikanesch Liichtathletin an Olympiagewënnerin († 1998).
Gestuerwen [änneren]
- Angélina Drumaux, belsch Molerin.
- 21. Januar: Cecil B. DeMille, Schauspiller a Filmregisseur.
- 2. Februar: Alexander Rueb, hollännesche Schachspiller.
- 3. Februar: Buddy Holly, Museker
- 3. Februar: Ritchie Valens, mexikanesche Museker
- 3. Februar: The Big Bopper, US-amerikaneschen Disc-Jockey a Museker.
- 20. Februar: Otto Bartning, däitschen Architekt.
- 23. Februar: Pierre Frieden, lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.
- 3. Mäerz: Lou Costello, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 15. Mäerz: Lester Young, US-amerikaneschen Tenorsaxophonist, Klarinettist a Komponist.
- 26. Mäerz: Raymond Chandler, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 30. Mäerz: Léon Muller, lëtzebuergeschen Architekt.
- 9. Abrëll: Frank Lloyd Wright, US-amerikaneschen Architekt.
- 14. Mee: Sidney Bechet, kreoleschen Jazz-Saxophonist.
- 24. Mee: John Foster Dulles, US-amerikanesche Politiker, Ausseminister.
- 7. Juni: Victor Prost, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Juni: Boris Vian, franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Schauspiller an Iwwersetzer.
- 6. Juli: George Grosz, däitsche Moler a Graphiker (* 1893).
- 14. Juli: Grock, Schwäizer Clown.
- 17. Juli: Billie Holiday, US-amerikanesch Jazzsängerin.
- 22. Juli: Robert Bruch, lëtzebuergesche Sproochhistoriker a Linguist.
- 28. August: Bohuslav Martinů, tschechesche Komponist.
- 24. September: Jean Schaack, lëtzebuergesche Moler.
- 26. September: Ernest Hamelius, lëtzebuergesche Banquier a Politiker.
- 7. Oktober: Mario Lanza, US-amerikanesche Sänger (Tenor).
- 14. Oktober: Errol Flynn, australesche Filmschauspiller.
- 16. Oktober: George C. Marshall, US-amerikanesche Generol.
- 28. Oktober: Camilo Cienfuegos, kubanesche Revolutionär.
- 26. November: Albert Ketèlbey, englesche Komponist.
- 2. Dezember: Leo Müller, lëtzebuergesche Journalist, Editeur a Politiker.
- 4. Dezember: Jean-Pierre Ries, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 10. Dezember: Henri Vidal, franséische Schauspiller.
- 28. Dezember: Ante Pavelić, kroatesche Politiker.
| Commons: 1959 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 26. Abrëll 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 13. Mee 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 24. Mee 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg de 17. Juni 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. September 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Oktober 1959 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 11. November 1959 um Site European Football