29. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 29. Oktober ass den 302. Dag (303. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Sep – Oktober – Nov | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1268: Zu Neapel gëtt den Konradin vu Schwaben, Jong vum Keeser Konrad IV., lëschte Vertrieder vun der Stauferdynastie gekäppt.
- 1787: Zu Prag gëtt d'Oper Don Giovanni vum Mozart fir d'alleréischt opgefouert.
- 1888: D'international Suezkanalkonventioun gëtt zu Konstantinopel ënnerschriwwen. De Suez-Kanal gëtt internationaalt Gewässer.
- 1911: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt hiren éischten offizielle Lännermatch, de Géigner ass Frankräich. Lëtzebuerg verléiert 1:4 an den Albert Elter schéisst den éischte Gol.[1]
- 1918: D'Besatzung vun der Héichséiflott zu Wilhelmshaven refuséiert un enger aussichtsloser Séischluecht deelzehuelen. Dëst ass den Ausléiser vun der November-Revolutioun, déi zum Ausruffe vun der Republik féiert.
- 1950: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[2]
- 1956: No der Verstaatlechung vum Suez-Kanal duerch Egypten falen israelesch Truppen an d'Sinaï-Hallefinsel an: domadder fänkt de Suez-Krich un.
- 1976: Den SED-Chef Erich Honecker gëtt Staatsrotvirsëtzenden an domatter Staatschef vun der DDR.
- 1992: Den Feltrinelli-Präis geet un den amerikanesche Lyriker John Ashberry.
- 1999: En Zyklon zerstéiert den indesche Bundesstaat Orissa. Mindestens 15.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 2002: Den Max-Delbrück-Centrum Berlin-Buch deelt mat, datt de Wëssenschaftler Felix Knauf d'Funktiounsweis vun enger Genmutatioun bei enger Fruuchtméck Drosophila melanogaster beschriwwen huet. Dës Mutatioun verlängert d´Liewen vun der betraffener Méck ongeféier ëm dat duebelt op véier Wochen.
- 2003: An der Offallsgrouf beim Elterenhaus vum Martin Luther zu Mansfeld fannen Archeologen e spektakulären Sëlwermënzeschatz mat iwwer 150 Geldstécker.
- 2004: Zu Roum gëtt den Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa ënnerschriwwen.
[änneren] Gebuer
- 1817: Antoine Godart, lëtzebuergesche Pedagog.
- 1866: Gustav Witt, däitschen Stenograph an Astronom.
- 1897: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 1917: Eddie Constantine, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 1919: Marcel Wang, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1923: Carl Djerassi, amerikanesche Biochemiker a Schrëftsteller.
- 1930: Niki de Saint Phalle, franco-amerikanesch Kënschtlerin.
- 1931: Tibet, franséische Comicauteur an -zeechner.
- 1937: Pol Tousch, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 1947: Richard Dreyfuss, kanadesche Schauspiller.
- 1950: Abdullah Gül, tierkesche Politiker.
- 1954: Matthias Zschokke, schwäizer Schrëftsteller a Filmproduzent.
- 1971: Winona Ryder, amerikanesch Schauspillerin.
- 1974: Beryl Koltz, lëtzebuergesch Filmmécherin an Dréibuchauteurin.
- 1976: Xu Yuhua, chinesesch Schachgroussmeeschterin.
- 1978: Alwin de Prins, lëtzebuergesche Schwëmmer.
[änneren] Gestuerwen
- 1762: Willibrord Scheffer, Abt vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier.
- 1911: Joseph Pulitzer, amerikanesche Schrëftsteller, Stëfter vum Pulitzer-Präis.
- 1915: Auguste Laval, lëtzebuergeschen Affekot, Industriellen a Politiker.
- 1943: Louis Beicht, lëtzebuergesche Komponist.
- 1951: Robert Grant Aitken, US-amerikaneschen Astronom.
- 1981: Georges Brassens, franséische Chansonnier.
- 2010: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2011: Robert Lamoureux, franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 29. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |