30. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 30. Oktober ass den 303. Dag (304. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Sep – Oktober – Nov | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 552: Den ostréimesche Generol Narses gewënnt um Mons Lactarius tëschent Neapel a Salerno géint d'Ostgoten. Italien gëtt nees réimesch.
- 1864: Dänemark muss am Fridden vu Wien d'Duchéen Schleswig, Holstein a Lauenburg u Preisen an Éisträich oftrieden.
- 1911: Zu Lëtzebuerg gëtt d'ARBED gegrënnt.
- 1922: De Benito Mussolini erzwéngt seng Ernennung zum italiéineschen Premier.
- 1938 : D’Radioiwwerdroung vum Hörspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tournai 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[1]
- 1947: 23 Staaten ënnerschreiwen zu Genf den General Agreement on Tariffs and Trade (GATT) deen eng weltwäit handelspolitesch Uerdnung erbäiféiere soll.
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 2:1 géint Holland. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[2]
- 1999: 24 Joer nodeems et vun Indonesien besat gouf, verloossen déi lescht Zaldoten Ost-Timor.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- 1864: Den däitschen Astronom Albert Marth entdeckt d'Spiralgalaxien NGC 15 an NGC 41, souwéi d'elliptesch Galaxis NGC 42.
Gebuer [änneren]
- 1735: John Adams, US-amerikanesche Politiker; 2. President vun den USA.
- 1839: Alfred Sisley, franséische Moler.
- 1840: Joseph Jean Baptiste Neuberg, lëtzebuergesche Mathematiker.
- 1844: Paul Godchaux, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1845: Antonin Mercié, franséische Sculpteur a Moler.
- 1861: Antoine Bourdelle, franséische Sculpteur a Moler.
- 1885: Ezra Pound, amerikanesche Lyriker.
- 1887: Georg Heym, däitsche Lyriker.
- 1908: Eugène Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1909: Carl Lange, däitsche Schauspiller.
- 1919: Georges Thorn, lëtzebuergesche Jurist a fréiere President vum Staatsrot.
- 1921: Victor Braas, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1924: Hubert Curien, franséischen Physiker a Fuerschungsminister.
- 1928: Boy Cloos, lëtzebuergeschen Entreprener a Moler.
- 1932: Louis Malle, franséische Filmregisseur.
- 1933: Johanna von Koczian, däitsch Schauspillerin.
- 1935: Agota Kristof, ungaresch Schrëftstellerin.
- 1935: Michael Winner, britesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1937: Claude Lelouch, franséische Filmregisseur.
- 1946: René Jacobs, belsche Kontertenor an Dirigent.
- 1948: Lucien Zeimes, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1952: Gollo Steffen, lëtzebuergesche Museker, Schrëftsteller an Editeur.
- 1960: Diego Maradona, argentinesche Foussballspiller.
- 1966: Zoran Milanović, kroatesche Politiker.
- 1982: Chimène Badi, franséisch Sängerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1907: Charles Pêtre, franséische Sculpteur.
- 1910: Henri Dunant, Schwäizer Philantrop a Grënner vum Roude Kräiz.
- 1929: Numa Ensch, belschen Affekot a Politiker.
- 1943: Max Reinhardt, éisträichesche Schauspiller, Regisseur an Theaterintendant.
- 1956: Pío Baroja, spueneschen Auteur.
- 1967: Julien Duvivier, franséische Filmregisseur (geb. 1896).
- 1979: Josy Jungblut, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1997: Samuel Fuller, amerikanesche Filmregisseur.
- 2002: René Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 2003: Jean Krier, lëtzebuergeschen Economist a Banquier.
- 2009: Claude Lévi-Strauss, franséischen Ethnolog an Anthropolog.
- 2010: Harry Mulisch, hollännesche Schrëftsteller.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 30. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |