1979
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1979.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 26.-27. Mäerz : D'OPEC-Konferenz decidéiert, de Präis vum Pëtrol ëm 20 % eropzesetzen. Ufank vun der Zweeter Pëtrolskris.
- 15.-18. Juni: D'SALT 2-Ofkommes gëtt zu Wien tëscht dem Leonid Breschnew an dem Jimmy Carter ënnerschriwwen, awer spéider, wéinst der sowjetescher Invasioun am Afghanistan, net ratifizéiert.
- 12. Dezember: NATO-Duebelbeschloss fir d'Norëschte vun Atomwaffen.
[änneren] Europa
- "Wanter vun der Onzefriddenheed" a Groussbritannien; méintelaang Streiker géint d'Regierung Callaghan.
- 1. Mäerz: Parlamentswalen a Spuenien.
- 3. Mäerz: De Wilfried Martens gëtt Premierminister an der Belsch.
- 13. Mäerz: An der EWG trëtt den Europäesche Währungssystem a Kraaft, den ECU gëtt agefouert.
- 28. Mäerz: Récktrëtt vun der Regierung Callaghan a Groussbritannien.
- 4. Mee: D'Margaret Thatcher (Conservative Party gëtt Premierministesch a Groussbritannien.
- 23. Mee: De Karl Carstens (CDU) gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 10. Juni: An den 9 Memberstaate vun der Europäescher Communautéit ginn eng éischte Kéier 410 Deputéiert vum Europäesche Parlament direkt gewielt.
- 1. August: Récktrëtt vum Carlos Mota Pinto senger Regierung a Portugal.
- 12. September: D'NATO beschléisst d'Stationéierung vun 108 atomare Mëttelstreckerakéite Pershing 2 a 464 Cruise Missiles an Europa.
[änneren] Lëtzebuerg
- 17. Mee: D'Chamber stëmmt mat 32 géint 14 Stëmmen (an 10 Enthalungen) dofir, d'Doudesstrof ofzeschafen.
- 10. Juni: Chamber- an Europawalen: D'CSV kritt bei de Chamberwale 24 Sëtzer, d'LSAP der 14, d'DP der 15, d'KPL der 2, d'SDP der 2; d'Socialistes indépendants 1 an d'Enrôlés de Force och 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtzer un d'CSV, 2 un d'DP an 1 un d'LSAP.
- 20. Juni: D'Doudesstrof gëtt duerch e Gesetz ofgeschaf.
- 16. Juli: D'Regierung Werner-Thorn, eng CSV-DP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt.
- 15. August: D'Monsanto mécht zu Iechternach hir Dieren zou: 750 Leit ginn entlooss.
[änneren] Afrika
[änneren] Amerika
[änneren] USA
[änneren] Mëttel- a Südamerika
[änneren] Asien
- 7. Januar: D'vietnamesesch Arméi eruewert d'kambodschanesch Haaptstad Phnom Penh a bréngt domatter d'Herrschaft vun de Roude Khmer un en Enn.
- 16. September: Den afghanesche Staatschef Nur Muhammad Taraki trëtt zeréck.
- 27. Dezember: Sowjeteschen Amarsch am Afghanistan.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
- 12. Juli: Kiribati gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
[änneren] Arabesch Welt
- 26. Februar: Den Ayathollah Khomeini kënnt zeréck aus dem Paräisser Asyl an den Iran.
- 1. Abrëll: Den Ayatollah Khomeini proklaméiert d'Islamesch Republik Iran.
- 16. Juli: Den irakesche President Ahmad Hasan al-Bakr trëtt zeréck, de Saddam Hussein gëtt säin Nofolger.
- 4. November: D'Personal vun der US-amerikanescher Ambassade zu Teheran gëtt als Geisel geholl.
- 6. November: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, geneesou wéi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Katastrophen
- 28. Mäerz: Zu Harrisburg, Pennsylvania, USA kënnt et an der Atomzentral Three Mile Island zum bis dohinner schwéiersten Tëschefall an enger Atomzentral, wéi e Reakterblock parziell geschmolz ass.
[änneren] Wëssenschaft & Technik
[änneren] Sport
- 25. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Frankräich.[1]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Tschechoslowakei.[2]
- 7. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Malmö, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Schweden.[3]
- 16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Koblenz 0:9 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[4]
- 23. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 1:1 géint Schweden. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[5]
- 24. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:4 géint Tschechoslowakei.[6]
[änneren] Gebuer
- 20. Januar: Rob Bourdon, Drummer vun der Band Linkin Park.
- 9. Februar: Zhang Ziyi, chinesesch Schauspillerin.
- 28. Februar: Sébastien Bourdais, F1-Pilot.
- 3. Mäerz: David Wagner, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 12. Mäerz: Pascal Schumacher, lëtzebuergeschen Jazz-Museker.
- 25. Mäerz: Christian Neuman, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 30. Mäerz: Norah Jones, US-amerikanesch Sängerin, Musekerin a Schauspillerin.
- 4. Abrëll: Heath Ledger, australesche Schauspiller.
- 17. Abrëll: Pascal Meyer, lëtzebuergesche Pianist.
- 18. Abrëll: Anthony Davidson, F1-Pilot.
- 19. Abrëll: Antoaneta Stefanowa, russesch Schachgroussmeeschterin.
- 23. Abrëll: Samppa Lajunen, finnesche Schileefer.
- 27. Mee: Claudio Da Luz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Juni: David Reiland, lëtzebuergesche Saxophonist, Dirigent a Komponist.
- 22. Juni: Thomas Voeckler, franséische Vëlossportler.
- 30. Juni: Sylvain Chavanel, franséische Vëlosportler.
- 2. Juli: Claudine Muno, lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Musekerin a Journalistin.
- 5. Juli: Sergio Pupovac, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Juli: Joé Flick, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juli: Nora Koenig, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 1. August: David Ianni, lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 2. August: Cathy Clement, lëtzebuergesch Autorin.
- 6. September: Jean-Louis Schuller, lëtzebuergesche Cinemathograph a Filmregisseur.
- 12. September: Jonathan Joubert, franséisch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. September: Jérôme Jaminet, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Publizist.
- 4. Oktober: Daniel Huss, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Oktober: Xavier Hellenbrand, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Oktober: Kimi Räikkönen, F1-Pilot.
- 18. Oktober: Ne-Yo, US-amerikanesche Museker, Schauspiller an Dänzer.
- 23. Oktober: Ernad Sabotic, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. November: Cote de Pablo, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 7. Dezember: Jennifer Carpenter, us-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Dezember: Jean Muller, lëtzebuergesche Pianist.
- 14. Dezember: Michael Owen, englesche Foussballspiller.
- ? Paul Kayser: lëtzebuergesche Museker
[änneren] Gestuerwen
- 3. Januar: Gilbert Dussier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Januar: Paul Meurisse, franséische Schauspiller.
- 26. Januar: Nelson Aldrich Rockefeller, US-amerikanesche Politiker.
- 29. Januar: René Deltgen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 29. Januar: Tony Neuman, lëtzebuergeschen Affekot, Notaire, Gaardenamateur a Konschtmäzen.
- 1. Februar: Gustav Kolbach, lëtzebuergesche Medeziner an Amateurbotaniker.
- 12. Februar: Jean Renoir, franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
- 2. Mäerz: Jim Graser, lëtzebuergesche Boxer.
- 16. Mäerz: Jean Monnet, franséische Politiker.
- 10. Abrëll: Dom Paul Benoit, Benediktinerpater an Uergelkomponist.
- 10. Abrëll: Nino Rota, italiéinesche Komponist.
- 11. Abrëll: Marguerite Thomas-Clement, lëtzebuergesch Politikerin.
- 22. Abrëll: Maurice Clavel, franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
- ? Mee: Georges Lampin, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
- 6. Mee: Karl Wilhelm Reinmuth, däitschen Astronom.
- 26. Mee: Emile Donckel, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Kierchenhistoriker.
- 29. Mee: Mary Pickford, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Juni: Arno Schmidt, däitsche Schrëftsteller.
- 5. Juni: Heinz Erhardt, däitsche Komiker, Museker, Entertainer, Acteur an Dichter.
- 11. Juni: John Wayne, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Juni: Jean Lammar, lëtzebuergeschen Architekt.
- 8. Juli: Tommaso Landolfi, italienesche Schrëftsteller.
- 16. Juli: Alfred Deller, englesche Kontertenor.
- 29. Juli: Herbert Marcuse, däitsche Philosoph.
- 2. August: Robert Schaffner, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. August: Frantz Kinnen, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 8. September: Prinzessin Hilda vu Lëtzebuerg.
- 8. September: Jean Seberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Oktober: Josy Jungblut, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 5. November: Amedeo Nazzari, italienische Schauspiller.
- 21. November: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
- 7. Dezember: Cecilia Payne-Gaposchkin, englesch Astronomin.
- 23. Dezember: Léon Nosbusch, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 28. Dezember: Paul Wilwertz, lëtzebuergesche Politiker.
| Commons: 1979 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 25. Februar 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei de 1. Mee 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schweden-Lëtzebuerg de 7. Juni 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 16. Oktober 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schweden den 23. Oktober 1979 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schweden de 24. November 1979 um Site European Football