7. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 7. September ass den 250. Dag vum Joer (251. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1994: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:4 géint Holland.[1]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 1:3 géint Zypern. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paolo Amodio geschoss.[2]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Vaduz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:3 géint Liechtenstein.[3]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tirana, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:1 géint Albanien.[4]
[änneren] Gebuer
- 1533: Elisabeth I., Kinnigin vun England.
- 1909: Elia Kazan, US-amerikanesche Regisseur a Schrëftsteller.
- 1911: Todor Schiwkow, bulgaresche Politiker, Regierungschef a Staatspresident.
- 1919: Albéric Schotte, belsche Vëlossportler.
- 1921: Benny Michaux, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1926: Egon Steigenberger, däitschen Hotelier.
- 1930: Baudouin I., Kinnek vun de Belsch.
- 1935: Abdou Diouf, senegalesesche Staatspresident vun 1981-2000
- 1936: Buddy Holly, amerikanesche Rock'n'Roll-Museker, Sänger a Gittarist.
- 1940: Simone Theis, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 1943: Lena Valaitis, däitsch Schlagersängerin.
- 1965: Jörg Pilawa, däitschen Teleesmoderator.
- 1967: Claude Ganser, lëtzebuergesche Foussballspiller.
[änneren] Gestuerwen
- 1836: John Pond, briteschen Astronom.
- 1962: Tania Blixen, dänesch Schrëftstellerin (Jenseits von Afrika).
- 1966: Henri Rabinger, lëtzebuergesche Moler.
- 1978: Keith Moon, englesche Rockmusiker, Batteur vun "The Who".
- 1993: Jean-Pierre Büchler, lëtzebuergesche Politiker.
- 1994: Terence Young, britesche Filmregisseur.
- 1995: Marthe Bigelbach-Fohrmann, lëtzebuergesch Politikerin an Deputéiert.
- 1995: Henri Klein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1997: Mobutu Sese Seko, President vum Zaire.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 7. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 7. September 1994 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Zypern-Lëtzebuerg de 7. September 1997 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Liechtenstein-Lëtzebuerg de 7. September 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Albanien-Lëtzebuerg de 7. September 2010 um Site European Football