1967
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1962 | 1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1967.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 21. Abrëll: Militärputsch a Griicheland.
- 22. Mee: Bei engem Feier am Bréisseler Akafshaus A l'Innovation kommen iwwer 300 Mënschen ëm d'Liewen.
- 1. Juli: Wéi am Fusiounstraité virgesinn, leeën d'CECA, d'EWG an Euratom hir Exekutivorganer zu den Europäesche Communatuéiten zesummen.
- 2. Juni: Bei enger Manifestatioun géint de Staatsbesuch vum iranesche Schah zu Berlin kënnt et zu engem massive Police-Asaz; de Student Benno Ohnesorg gëtt vun engem Polizist erschoss.
- 21. August: E Camion, mat 40.000 Liter Bensin explodéiert, well seng Bremsen am Biergof versot hunn, zu Marteleng. Et goufen 22 Doudeger an Dosende vu schwéier blesséierten ze bekloen, eng ganz Rëtsch Haiser gouf zerstéiert.
- 3. September: A Schweden gëtt vum Lénks- op de Rietsverkéier op de Strooosse gewiesselt ("Dagen –H").
- 16. Oktober: D'Nato verleet hir Befeelszentral op Evere bei Bréissel.
- 18. November: Groussbritannie wäert wéinst sengem Handelsdefizit d'Britescht Pond ëm 14,3% of.
- 27. November: De franséische President De Gaulle leet op en Neies säi Veto géint Groussbritannien senger Demande op Memberschaft an der EG an .
- 9. Dezember: Den Nicolae Ceausescu gëtt President vum Staatsrot (d. h. Staatspresident) vu Rumänien.
- 13. Dezember: De griichesche Kinnek Konstantin II. probéiert e Géigeputsch géint d'Colonellen, deen awer mëssléngt. Hie geet deen Dag drop op Roum an den Exil.
Afrika [änneren]
- 13. Januar: Den Étienne Gnassingbé Eyadéma putscht a gëtt Staatspresident an Togo
- 21. Mäerz: Militärputsch a Sierra Leone.
- 6. Juli: Ufank vum Biafra-Krich an Nigeria.
- 28. November: Den Omar Bongo Ondimba gëtt Staatspresident vu Gabun.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 12. Juli: Schwéier Rassenonrouen zu Newark bei New York, déi sech iwwer de Süde vun den USA ausbreeden.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- Februar: Den Anastasio Somoza gëtt Staatspresident vun Nicaragua.
Asien [änneren]
- 8. August: D'Vereenegung vun de Süd-Ost-Asiateschen Natiounen (ASEAN) gëtt gegrënnt.
- 3. September: Den Nguyễn Văn Thiệu gëtt zum President vu Süd-Vietnam gewielt.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten [änneren]
- 5.–10. Juni: Krich vu Sechs Deeg tëscht Israel a sengen Noperen.
- 30. November: Südjemen gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Konscht & Kultur [änneren]
- D'Hippiebewegung ass am Summer of Love op hirem Héichpunkt.
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 8. Abrëll: D'Sandie Shaw gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Puppet on a String den 12. Eurovision Song Contest zu Wien.
Kino [änneren]
- La 317e section vum Pierre Schoendoerffer.
- Beach Red vum Cornel Wilde.
- The Dirty Dozen vum Robert Aldrich.
- Tobruk vum Arthur Hiller.
- Le vieil homme et l'enfant vum Claude Berri.
- La nuit des généraux vum Anatole Litvak.
- Morituri vum Bernhard Wicki.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 3. Dezember: Éischt Häerztransplantatioun duerch de südafrikaneschen Dr. Christiaan Barnard
Sport [änneren]
- 17. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oochen 0:2 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[1]
- 29. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Barcelona 0:5 géint Spuenien.[2]
- 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:5 géint Belsch.[3]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:0 géint Polen.[4]
- 22. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[5]
- 22. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Bruges, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:3 géint Belsch.[6]
- 23. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968], 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Klein geschoss.[7]
Gebuer [änneren]
- Valentine Strasser, Militär aus Sierra Leone.
- 10. Februar: Jacky Durand, franséische Vëlosportler.
- 12. Februar: Anita Wachter, éisträichesch Alpinschileeferin.
- 14. Januar: Emily Watson, britesch Schauspillerin.
- 14. Februar: Mark Rutte, hollännesche Politiker.
- 15. Februar: Linda Graf, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 18. Februar: Roberto Baggio, italienesche Foussballspiller.
- 19. Februar: Benicio del Toro, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Februar: Kurt Cobain, US-amerikanesche Museker.
- 25. Februar: Nick Leeson, briteschen Trader, Spekulant, Buchauteur, Foussballmanager.
- 1. Mäerz: Gilles Roth, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 20. Mäerz: Xavier Beauvois, franséische Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 25. Mäerz: Nathalie Reuter, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. Mäerz: Michel Hazanavicius, franséische Filmregisseur.
- 27. Abrëll: Willem-Alexander, Kinnek vun Holland.
- 3. Mee: Hélène Angel, franséisch Regisseurin.
- 3. Mee: Paule Lemmer, lëtzebuergesch Molerin.
- 13. Mee: Melanie Thornton, US-amerikanesch Pop-Sängerin.
- 17. Mee: Mohamed Nasheed, Politiker vun de Malediven.
- 31. Mee: Sandrine Bonnaire, franséische Filmschauspillerin.
- 3. Juni: Trixi Weis, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 4. Juni: Marie NDiaye, franséisch Schrëftstellerin.
- 9. Juni: Michel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 20. Juni: Nicole Kidman, australesch Schauspillerin.
- 21. Juni: Yingluck Shinawatra, thailännesch Politikerin.
- 1. Juli: Pamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodell a Schauspillerin.
- 8. Juli: Klaus Tschütscher, liechtensteinesche Politiker.
- 27. Juli: Iris Roseneck, lëtzebuergesch Schéisserin.
- 3. August: Mathieu Kassovitz, franséische Schauspiller, Regisseur a Dréibuchauteur.
- 13. August: Amélie Nothomb, belsch Schrëftstellerin.
- 7. September: Claude Ganser, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. September: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 13. September: Sascha Ley, däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin a Sängerin.
- 17. September: Petr Pravec, tschecheschen Astronom.
- 28. September: Mira Sorvino, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2. Oktober: Lena Johannson, däitsch Romanschrëftstellerin.
- 27. Oktober: Maurice Molitor, lëtzebuergesche Journalist an Televisiouns-Presentateur.
- 28. Oktober: Julia Roberts, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. November: Igor Muller, lëtzebuergesche Judoka.
- 15. November: François Ozon, franséische Filmregisseur.
- 22. November: Boris Becker, däitsche Tennisspiller.
- 24. November: Laurent Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Anna Nicole Smith, US-amerikanesch Schauspillerin a Fotomodell.
- 15. Dezember: David Černý, tschechesche Sculpteur.
- 21. Dezember: Micheil Saakaschwili, georgesche Staatspresident.
- 23. Dezember: Carla Bruni, italienesch Musekerin Fotomodell.
Gestuerwen [änneren]
- 16. Januar: Robert Jemison van de Graaff, US-amerikaneschen Ingenieur a Physiker.
- 19. Januar: Casimir Funk, polnesche Biochemiker, huet 1913 de Begrëff "Vitamine" crééiert.
- 6. Februar: Martine Carol, franséisch Schauspillerin.
- 6. Februar: Henry Morgenthau, US-amerikanesche Politiker.
- 18. Februar: Robert Oppenheimer, US-amerikanesche Physiker
- 21. Februar: Wolf Albach-Retty, éisträichesche Schauspiller.
- 24. Februar: Franz Waxman, däitsche Filmkomponist, Dirigent an Arrangeur
- 28. Februar: Cezaria Baudouin de Courtenay Ehrenkreutz Jędrzejewiczowa, polnesch Ethnologin, Philosophin a Linguistin.
- 15. Abrëll: Totò, italienesche Schauspiller
- 19. Abrëll: Konrad Adenauer, däitsche Politiker a laangjärege Kanzler.
- 21. Abrëll: André Danjon, franséischen Astronom.
- 25. Abrëll: Victor Wilhelm, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 15. Mee: Edward Hopper, US-amerikanesche Moler.
- 22. Mee: Alexei Alexandrowitsch Balandin, russesche Chemike
- 29. Mee: Georg Wilhelm Pabst, éisträichesche Regisseur.
- 30. Mee: Claude Rains, englesche Schauspiller.
- 2. Juni: Benno Ohnesorg, Student, deen op enger Manifestatioun zu Berlin vun engem Polizist erschoss gouf.
- 10. Juni: Spencer Tracy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Juni: Françoise Dorléac, franséisch Schauspillerin.
- 29. Juni: Jayne Mansfield, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 8. Juli: Vivien Leigh, britesche Schauspillerin.
- 13. Juli: Tom Simpson, englesche Vëlosportler.
- 22. Juli: Lajos Kassák, ungaresche Schrëftsteller.
- 26. Juli: Milán Füst, ungaresche Schrëftsteller.
- 14. August: Alex Federspil, Schmadd a Buergermeeschter vu Peppeng.
- 15. August: René Magritte, belsche Moler.
- 15. August: Manuel Prado y Ugarteche, President vu Peru.
- 19. August: Hugo Gernsback, lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller.
- 22. September: Albert Calmes, lëtzebuergeschen Historiker an Economist.
- 22. September: Harald Quandt, däitschen Industriellen.
- 29. September: Carson McCullers, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 3. Oktober: Woody Guthrie, US-amerikanesche Gewerkschafter a Liddermécher.
- 7. Oktober: Norman Angell, britesche Schrëftsteller, Publizist a Friddensnobelpräisdréier
- 8. Oktober: Clement Attlee, britesche Premierminister.
- 9. Oktober: Ernesto Che Guevara, argentinesche Doktoer a kubanesche Revolutionär.
- 15. Oktober: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 17. Oktober: Pu Yi, leschte Keeser vu China.
- 20. Oktober: Yoshida Shigeru, japanesche Ministerpresident.
- 21. Oktober: Ejnar Hertzsprung, däneschen Astronom.
- 30. Oktober: Julien Duvivier, Filmregisseur.
- 31. Oktober: Albert Wehrer, lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
- 28. November: Léon M'ba, éischte Staatspresident vu Gabun.
- 9. Dezember: Charles Léon Hammes, lëtzebuergesche Jurist a Riichter um CECA-Geriichtshaff.
- 10. Dezember: Otis Redding, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 24. Dezember: Jean Deitz, lëtzebuergeschen Architekt.
- 25. Dezember: René Blum, lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker.
| Commons: 1967 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 17. Januar 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg den 29. Januar 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. Mäerz 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Polen de 16. Abrëll 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien den 22. Oktober 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 22. November 1967 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 23. Dezember 1967 um Site European Football