Europäesch Communautéiten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäesch Communautéiten (EC; Däitsch: Europäische Gemeinschaften) sinn dräi international Organisatiounen, déi gemeinsam Institutiounen hunn.
Dës Communautéite sinn:
- D'Europäesch Communautéit fir Stol a Kuel (CECA), déi 2002 opgehal huet, z'existéieren;
- d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG), déi 1992 duerch d'Europäesch Gemeinschaft ersat gouf;
- d'Europäesch Communautéit fir Atomenergie, kuerz Euratom genannt.
Dës dräi europäesch Communautéite goufen 1965 duerch de Fusiounstraité zesummegeluecht.
D'Europäesch Communautéite waren, bis zum Akraaft-Triede vum Traité vu Lissabon, eng vun den sougenannten Dräi Sailen vun der Europäescher Unioun.
D'Europäesch Communautéite sinn ë. a. Member vun der OECD an der WTO.
| Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
| Europäesch Communautéiten (EG*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
| Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EG) | ||||||
| Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
| *EG: EGKS, EWG (EG zënter 1993), Euratom | Justiz an Intérieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
| Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
| Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
| Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom) | |||||||
| Traité vu Paräis |
Traité vu Roum | Fusiouns- Traité |
Acte unique | Traité vu Maastricht |
Traité vun Amsterdam |
Traité vun Nice |
Traité vu Lissabon |
|
"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS |
|||||||