1957
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1952 | 1953 | 1954 | 1955 | 1956 | 1957 | 1958 | 1959 | 1960 | 1961 | 1962
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1957.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Wéi am Traité vu Lëtzebuerg festgehalen, trëtt d'Saarland der Bundesrepublik Deutschland bäi.
- 10. Januar: Den Harold Macmillan gëtt Premierminister a Groussbritannien, nodeems den Anthony Eden den Dag virdrun wéinst der Suezkris zeréckgetrueden ass.
- 25. Mäerz: D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an d'Europäesch Atomgemeinschaft ginn duerch d'Réimesch Traitéë vun de 6 Memeberlänner vun der CECA gegrënnt.
- 5. Mee: Den Adolf Schärf (SPÖ) gëtt zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- 12. Juni: A Frankräich trëtt d'Regierung Maurice Bourgès-Maunoury hiert Amt un (bis den 30. September).
- 15. September: An Däitschland gewënnt bei de Parlamentswalen d'CDU-CSU mat 50,2 Prozent d'absolut Majoritéit.
- 6. November: A Frankräich trëtt d'Regierung Félix Gaillard hiert Amt un (bis de 15. Abrëll 1958).
- 19. November: De Generalsekretär vun der tschechoslowakescher kommunistescher Partei Antonín Novotný gëtt zum President vun der Republik ernannt.
Afrika [änneren]
- 6. Mäerz: D'Côte d'or an Togoland ginn als Republik Ghana vu Groussbritannien onofhängeg.
- 25. Juli: Tunesien gëtt eng Republik an den Habib Bourguiba gëtt zum éischte President gewielt.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 2. September: Zu Little Rock, Arkansas, USA léisst de Gouverneur d'Nationalgarde opmarschéieren, fir néng schwaarz Schüler drun ze hënneren, wéinst der Segregatioun an eng lokal Schoul ze goen.
- 9. September: De Kongress stëmmt de Civil Rights Act.
- 24. September: Den US-President Dwight D. Eisenhower schéckt Zaldote vun der 101. US-Loftlanddivisioun op Little Rock, fir den 9 schwaarze Schüler, de Little Rock Nine Zougank an d'Central High School ze verschafen.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 22. September: Ufank vum François Duvalier senger Diktatur op Haiti (bis 1971).
Asien [änneren]
- 26. August: D'Sowjetunioun gëtt bekannt, déi éischt Interkontinentalrakéit lancéiert ze hunn.
- 31. August: Malaysia gëtt vu Groussbritannien onofhängeg; den Tunku Abdul Rahman gëtt Premierminister (bis 1970).
- 17. September: An Thailand putscht sech de Marschall Sarit Thanarat un d'Muecht.
- 4. Oktober: D'Sowjetunioun schéckt deen éischte Satellit, de Sputnik 1, op Orbit a léist am Westen dee sougenannte "Sputnikschock" aus.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 3. Mäerz: D'Corry Brokken gewënnt fir Holland mam Lidd Net als toen den 2. Eurovision Song Contest zu Frankfurt um Main.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 10. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Berlin 0:3 géint DDR.[1]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 1:4 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Halsdorf geschoss.[2]
- 14. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Clermont-Ferrand 0:0 géint Frankräich.[3]
- 11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 2:5 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Pierre Fiedler a Léon Letsch geschoss.[4]
- 29. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, 0:3 géint Éisträich.[5]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Diest 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[6]
- 24. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Mond geschoss.[7]
Gebuer [änneren]
- Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- 5. Januar: Guy Hary, lëtzebueresche Moler.
- 15. Januar: Luciano Pagliarini, lëtzebuergesche Museker, Komponist a Lokalhistoriker.
- 23. Januar: Caroline Grimaldi, Prënzessin vu Monaco.
- 1. Februar Jean-Marie Halsdorf, lëtzebuergesche Politiker.
- 1. Februar: Georges Hausemer, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Iwwersetzer.
- 9. Februar: Camille Kerger, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 9. Februar: Jaco Van Dormael, belsche Filmegisseur.
- 10. Februar: Stephan Balkenhol, däitsche Sculpteur.
- 17. Februar: André Mergenthaler, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 19. Februar: Falco, éisträichesche Sänger.
- 24. Februar: İsa Yunis oğlu Qəmbər, aserbaidschanesche Politiker.
- 25. Februar: Isabelle Lutz, lëtzebuergesch Molerin.
- 25. Februar: Pierre Mellina, lëtzebuergesche Politiker a Liichtathlet.
- 28. Februar: John Turturro, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Mäerz: Osama Bin Laden, Chef vum Terroriste-Reseau Al-Kaida.
- 11. Mäerz: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Mäerz: Léon Rinaldetti, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 15. Mäerz: Sergio Stivaletti, italienesche Filmregisseur.
- 16. Mäerz: Paul Kieffer, lëtzebuergesche Journalist a Regisseur.
- 17. Mäerz: Romain Schreiner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Mäerz: Spike Lee, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 30. Mäerz: Robert Thillens, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 4. Abrëll: Aki Kaurismäki, finnesche Filmregisseur.
- 13. Abrëll: Brigitte Kowanz, éisträichesch Sculptrice a Liichtkënschtlerin.
- 22. Abrëll: Donald Tusk, polnesche Politiker, Premierminister.
- 23. Abrëll: Dominique Horwitz, franséische Schauspiller a Sänger.
- 26. Abrëll: Mark Burgess, englesche Schrëftsteller an Illustrator vu Kannerbicher.
- 29. Abrëll: Daniel Day-Lewis, britesche Schauspiller.
- 10. Mee: Sid Vicious, britesche Museker.
- 11. Mee: Fanny Cottençon, franséisch Schauspillerin.
- 13. Mee: Claudie Haigneré, franséisch Doktesch, Kosmonautin a fréier Ministesch.
- 15. Mee: Jean Nassau, lëtzebuergeschen Economist a Manager.
- 15. Mee: Margaretha vu Lëtzebuerg, seng Zwillingsschwëster.
- 20. Mee: Yoshihiko Noda, japanesche Politiker.
- 21. Mee: Renée Soutendijk, hollännesch Schauspillerin.
- 28. Mee: Nico Weber, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 29. Mee: Yvette Gastauer-Claire, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 22. Juni: Meglena Kouneva, bulgaresch Politikerin.
- 26. Juni: Andrea Pininfarina, italieneschen Ingenieur a Manager.
- 29. Juni: Gurbanguly Berdimuhamedow, turkmenesche Politiker.
- 9. Juli: Roland Bombardella, lëtzebuergeschen Offizéier a Kuerzstreckeleefer
- 13. Juli: Eugène Urbany, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 19. Juli: Pierre Hoscheid, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. August: Jean Fetz, lëtzebuergesche Moler.
- 9. August: Melanie Griffith, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. September: Gusty Graas. lëtzebuergesche Politiker.
- 17. August: Ralf Richter, däitsche Schauspiller.
- 18. August: Carole Bouquet, franséisch Schauspillerin.
- 18. August: Monique Reuter, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 24. August: Roland Baumann, lëtzebuergesche Publizist, Journalist an Auteur.
- 25. August: Roland Schreiner, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. August: Maggy Nagel, lëtzebuergesch Politikerin.
- 28. August: Ivo Josipović, kroatesche Politiker.
- 28. August: Ai Weiwei, chinesesche Kënschtler a Mënscherechtler.
- 6. September: José Sócrates, portugisesche Politiker.
- 17. September: Jean-Marie Biwer, lëtzebuergesche Moler.
- 21. September: Ethan Coen, amerikanesche Produzent an Dréibuchauteur.
- 6. Oktober: Roland Wiltgen, lëtzebuergesche Komponist.
- 18. Oktober: Catherine Ringer, franséisch Kënschtlerin a Sängerin.
- 20. Oktober: Serge Koch, lëtzebuergesche Moler.
- 9. November: Jean Noel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. November: Hermine Huntgeburth, däitsch Filmregisseurin.
- 28. November: Titi Ceara, rumänesche Sculpteur.
- 9. Dezember: Adri van Westerop, lëtzebuergesch Ëmweltberoderin a Politikerin.
- 13. Dezember: Steve Buscemi, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
Gestuerwen [änneren]
- 10. Januar: Gabriela Mistral, chilenesch Schrëftstellerin, Literaturnobelpräisdréierin.
- 14. Januar: Humphrey Bogart, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Januar: Arturo Toscanini, italieneschen Dirigent.
- 1. Februar: Friedrich Paulus, däitsche Generol.
- 4. Februar: Erich Ponto, däitsche Schauspiller.
- 8. Februar: John von Neumann, US-amerikanesche Mathematiker.
- 18. Februar: Henry Norris Russell, US-amerikaneschen Astronom.
- 16. Mäerz: Constantin Brancusi, franséische Sculpteur.
- 19. Mäerz: Maurice Garin, franséische Vëlosportler.
- 26. Mäerz: Max Ophüls, franséisch-däitsche Filmregisseur.
- 2. Mee: Joseph McCarthy, US-amerikanesche Politiker.
- 9. Mee: Ezio Pinza, italienesche Basssänger.
- 12. Mee: Erich von Stroheim, Schauspiller a Regisseur.
- 21. Juni: Johannes Stark, däitsche Physiker (Nobelpräis 1919).
- 2. Juli: Nicolas Brücher, lëtzebuergesche Kierchemoler.
- 9. Juli: Fernand Mertens, belsche Komponist.
- 19. Juli: Curzio Malaparte italienesche Schrëftsteller.
- 23. Juli: Giuseppe Tomasi Di Lampedusa, italienesche Schrëftsteller.
- 24. Juli: Sacha Guitry franséische Schrëftsteller a Regisseur.
- 12. August: Jean Koppes, lëtzebuergesche Physiker.
- 27. August: Léon Laval, lëtzebuergeschen Ingenieur, Geschäftsmann an Deputéierten.
- 11. September: Mary Proctor, US-amerikanesch Astronomin an Auteurin.
- 20. September : Jean Sibelius, finnesche Komponist.
- 21. September: Haakon VII., Kinnek vun Norwegen.
- 24. Oktober: Christian Dior, franséische Moud-Designer a Couturier.
- 29. Oktober: Louis B. Mayer, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 25. November: Diego Rivera, mexikanesche Moler.
- 30. Dezember: Christian Scholl, lëtzebuergeschen Architekt.
| Commons: 1957 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch DDR-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 14. Abrëll 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 11. September 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisräich den 29. September 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 17. November 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien de 24. November 1957 um Site European Football