Henry Norris Russell

Vu Wikipedia
Henry Norris Russell
Gebuer 25. Oktober 1877
Oyster Bay
Gestuerwen 18. Februar 1957
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences, National Academy of Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science

Den Henry Norris Russell, gebuer de 25. Oktober 1877 zu Oyster Bay, New York a gestuerwen den 18. Februar 1957 zu Princeton, New Jersey, war en amerikaneschen Astronom.

De Russell huet de Bewäis bruecht, datt d'Sonn zum gréissten Deel aus Waasserstoff an Helium besteet an datt d'Elementer am Masseverhältnes 3:1 virkommen. Doroppshin huet de russesch-nordamerikanesche Physiker George Gamow gemengt, d'Energiequell vun der Sonn wier an der Verschmëlzung vu jee véier Waasserstoffkäre mat engem Heliumkär ze sichen an nennt dëse Prozess Kärfusioun respektiv Waasserstofffusioun (Waasserstoffbrennen). Dem Gamows seng Meenung soll sech spéider als richteg erausstellen.

Ëm 1910 entwéckelt de Russell an den Ejnar Hertzsprung den Hertzsprung-Russell-Diagramm.

Zesumme mam Frederick Albert Saunders (1875-1963) beschreift hien 1925 d'Russell-Saunders-Kopplung (kuckt Spin-Bunn-Kopplung, Reegele vum Hund).

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Russell, H. N. & Saunders, F. A. (1925): New Regularities in the Spectra of the Alkaline Earths. Astrophysical Journal 61 (1925) 38

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

  • David H. DeVorkin: Henry Norris Russell: Dean of American Astronomers,2000, Princeton University Press, 528 Säiten.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie