National Academy of Sciences

Vu Wikipedia
National Academy of Sciences-Gebai zu Washington

D'National Academy of Sciences (NAS) ass en Deel vun den US-amerikaneschen National Akademien a gouf mat der Ënnerschrëft vum Abraham Lincoln den 3. Mäerz 1863 an d'Liewe geruff. Et handelt sech ëm eng privat gemengnëtzlech Gesellschaft fir d'Ënnerstëtzung vun de Wëssenschaften.

Den aktuellen President ass den Atmosphärespezialist Ralph J. Cicerone. Bis 2005 war et de Biochemiker Bruce Alberts.

Dat offiziellt Organ vun der NAS sinn d'Proceedings of the NAS (PNAS).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Akademie vun de Wëssenschaften

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Members of the United States National Academy of Sciences – Biller, Videoen oder Audiodateien